Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch Terre Rouge

Zäithistoriker

Esch Terre Rouge

Elo, wou d'Escher Gemeng Arcelor Mittal d'Autorisatioun ausgestallt huet fir d'Gebailechkeeten an Anlagen, déi nach bestinn, op der fréierer Terre Rouge Schmelz, op der Escher Grenz, ofzerappen, dëst am Kader vun der Realiséierung vum Urbaniséierungsprojet Rout Lëns, gëtt et op en Neits wichteg, déi industriegeschichtlech Bedeitung vun deenen erhalene Gebailechkeeten an Anlagen, an hire Wäert fir de Patrimoine industriel vun Esch a vum ganze Minett ervirzehiewen. Där Usiicht ass den Zäithistoriker Jacques Maas, deen e Bléck op d'industriegeschichtlech Bedeitung vun der Schmelz vun Terre Rouge riicht.

auto_stories

8 min

Virun 150 Joer, de 4. Dezember 1869, gouf déi éischt Héichuewen-Gesellschaft am Minett gegrënnt: d'Société anonyme des Hauts Fourneaux Luxembourgeois. D'Zil vun de Grënner war de Bau vun Héichiewen zu Esch an direkter Noperschaft vun de Minett-Gisementer.

Den Haaptpromoteur vun der neier industrieller Entreprise war e jonken Escher, de Pierre Brasseur, dee schonn iwwer ee Joerzéngt Erfarungen am Geschäft mat Eisenäerzminne gesammelt hat. Hie war um Enn vun den 1850er Jore Minnen-Agent vun der Burbacher Schmelz zu Esch an huet och selwer Minnen-Terraine kaaft op de Konto vun enger Minnegesellschaft, déi hie mat Membere vun de Famille Brasseur a Wurth an hire guttsituéierte Relatiounen an der Lëtzebuerger an an der belscher Bourgeoisie gegrënnt hat.

Mat der finanzieller Participatioun vun zwou belsche Banken hunn déi selwecht Kreesser och 1869 den haarde Kär vun den Aktionäre vun der neier Héichuewen-Gesellschaft forméiert. De Pierre Brasseur gouf zum Direkter vun der neier Gesellschaft ernannt an huet sech ufanks 1870 dru gesat fir Terraine fir de Bau vun enger Schmelz op Barbourg, am Südweste vun Esch, an direkter Noperschaft vun der franséisch-Lëtzebuerger Grenz opzekafen.

Konkurrenz vu fréieren Agenten

Dëst war mat gréissere Schwieregkeete verbonnen, well d'Schmelzhäre vun der Famill Metz 1870 kuerzzäiteg versicht hunn, den Industrieprojet vun de Brasseur-Wurth ze verhënneren, andeems si ënner der Hand Terrainen op der selwechter Plaz opkaaft hunn. D'Schmelzhäre Metz an Tesch waren nämlech zur selwechter Zäit dobäi, beim Berwarts Schlass, op der Schëfflenger Säit hir eege Schmelz mat véier Héichiewen opzeriichten an hunn net appreciéiert, datt ee vun hire fréieren Agenten elo kéint hire Konkurrent ginn.

De Pierre Brasseur konnt sech schlussendlech awer behaapten an eng Schmelz mat zwee fir déi deemoleg Zäit grouss Héichiewen, mat enger Produktiounskapazitéit vun 110 Tonnen den Dag, opriichte loossen. Den éischten Héichuewen a Barbourg gouf den 10. Abrëll 1872 a Betrib geholl, deen zweeten am Mee 1873.

Dëst war awer schonn e bësse spéit fir nach genuch vun der deemoleger Héichkonjunktur profitéieren ze kënnen; déi ass nämlech am Hierscht 1873 brutal ëmgeschloen, an d'Handelspräisser fir Réieise sinn an de Keller gaangen. Ouni déi néideg Finanzreserven a wéinst Spekulatiounsgeschäfter an der Héichkonjunktur, ass déi jonk Lëtzebuerger Héichuewen-Gesellschaft duerch d'Wirtschaftskris ganz séier un de Bord vun der Faillite gerëtscht.

De Verwaltungsrot huet de Pierre Brasseur heifir responsabel gemaach an entlooss. Dee wollt déi Reprochen awer net op sech sëtze loossen an huet mat Erfolleg géint säi Verwaltungsrot geklot a krut och vum Geriicht eng Entschiedegung zougesprach.

Kartellpolitik féiert zu stabille Präisser

De Pierre Brasseur, deem säin Numm nach laang mat der Schmelz op der Escher Grenz verbonne blouf, huet sech doropshin als Notär, fir d'éischt zu Déifferdeng an duerno zu Esch niddergelooss. D'finanziell Situatioun vun der Entreprise blouf eng ganz kritesch bis an d'Mëtt vun den 1880er Joren. Eréischt dunn hu sech d'Marchéspräisser fir Réieisen op engem eenegermoossen akzeptabelen Niveau stabiliséiert.

Dëst war d'Resultat vun der Kartellpolitik vum Loutrengesch-Lëtzebuergesche Réieisen-Syndikat, an deem sech déi meescht loutrengesch a Lëtzebuerger Produzenten zesummegeschloss haten. Déi doropshin erfollegt Verbesserung vun der Finanzlag huet de Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Héichuewen-Gesellschaft dozou bruecht, en drëtten Héichuewen opriichten ze loossen, deen den 1. Juni 1892 a Betrib geholl gouf.

Déi Präishausse fir Réieisen-Produkter, vun 1884 un, war awer net nom Geschmaach vun de renge Stolproduzenten, déi also keng eegen Héichuewenanlag zur Verfügung haten. Dat war ënner anerem de Fall vum Aachener-Hütten-Aktien-Verein zu Oochen, engem groussen Thomas-Stolproduzent an zanter laange Jore Client vun der Lëtzebuerger Héichuewen-Gesellschaft.

Moderniséierungsprozesser

Ufanks den 1890er Joren huet den Aachener-Hütten-AV versicht sech der Präispolitik vum Loutrengesch-Lëtzebuerger Réieisen-Syndikat ze entzéien, andeems en op d'Sich gaangen ass fir en onofhängegt Héichuewewierk opzekafen.

Et ass den Oochener och gelongen e beträchtleche Pak vun Aktië vun der Lëtzebuerger Héichuewen-Gesellschaft an d'Hand ze kréien, wat schlussendlech, am Juni 1892, zu engem Fusionsvertrag tëschent béide Firme geféiert huet. Déi Escher Schmelz op der Grenz mat hirem bedeitende Minnebesëtz gouf an den Aachener-Hütten-AV integréiert; vu Juli 1892 un hunn d'Escher Héichiewen op der Grenz dat grousst Thomas-Stolwierk zu Rothe Erde bei Ooche mat Goss-Massele beliwwert, déi do ëmgeschmolt goufen.

An de Joren duerno huet den Aachener-Hütten-AV an där hir Nofolleg-Gesellschaft, d'Gelsenkirchener Bergwerks-AG, d'Produktiouns-Kapazitéite vum Escher Wierk bedeitend vergréissert an och grouss ugeluechte Moderniséierungsprogrammer duerchgezunn. Esou goufe schonn 1895-1896 zwee weider Héichiewen a Betrib geholl, 1899 gouf en eeleren Héichuewen duerch e groussen Héichuewen no amerikaneschem Modell mat Schréi-Opzug a Kippgefäss ersat.

1907 gouf eng grouss Äerzbunker-Anlag gebaut fir a bedeitendem Ëmfang Äerzreserve fir d'Héichuewenanlag unzeleeën an esou e kontinuéierleche Betrib kënnen ze garantéieren, alle Virfäll a Streikausbréch an de Minnen zum Trotz. Grad déi Äerzbunker-Anlag, déi nach erhalen ass - och Keeseminne genannt, nom franséische caisses à mines - ass vun industriegeschichtlecher Bedeitung, well se als haitegt Industriedenkmol op d'Verschaffe vun der Minett an den Escher Héichiewen hiweist.

D'Auswierkunge vun der Weltpolitik

D'Defaite vum Däitsche Keeserräich um Enn vum Éischte Weltkrich an d'Bestëmmunge vum Versailler Vertrag 1919 haten enorm Auswierkungen op d'Industriepolitik vum Gelsenkirchener Konzern an domat och op d'Zukunft vun der Terre-Rouge-Schmelz. De ganze lénksrhäinesche Wirtschaftsraum, vun Oochen iwwer Lëtzebuerg an dee vum Däitsche Räich 1871 annexéierten Deel vu Loutrengen, dee bis dohin dem Däitschen Zollveräin ugehéiert huet, gouf elo auserneegerappt. Loutrenge koum erëm ganz u Frankräich zeréck an eng Douanes-Grenz huet vun do un de Lëtzebuerger Minett vu franséisch-Loutrenge getrennt.

Nom Armistice vun 1918 koumen d'Eisenäerzminnen an d'Schmelz vun Audun-le-Tiche/Däitsch-Oth, déi der Gelsenkirchener gehéiert hunn, ënner franséische Sequester, esou wéi dat och fir de Besëtz vun aneren däitsche Firmen a Loutrengen de Fall war. Och tëschent Lëtzebuerg an Däitschland ass eng nei Wirtschaftsgrenz entstanen, well Lëtzebuerg Enn 1918 aus dem Däitschen Zollveräin ausgetratt ass.

An domat war den zollfräien Transport vu Réieise vun Terre Rouge an d'Stolwierk op Ooche wirtschaftlech gekuckt net méi rentabel. An engem Wuert, den industrielle Betribsplang vun de Gelsenkirchener mat Eisenäerzminnen a Loutrengen, Héichiewen zu Esch an d'Stolwierk zu Oochen, huet all wirtschaftlech Koherenz agebéisst.

D'Gelsenkirchener-Bergwerks-AG huet dowéinst 1919 decidéiert hire ganze Besëtz zu Oochen, zu Lëtzebuerg, an a Loutrengen ze verkafen. D'Repreneure waren zwee Konsortien, déi sech ënner Féierung vum franséischen Industriekonzern Schneider & Cie an dem Lëtzebuerger ARBED-Konzern forméiert hunn: ee Konsortium fir déi loutrengesch Minne vun der Gelsenkirchener, nämlech d'Société Minière des Terres Rouges, an ee Konsortium fir déi Lëtzebuerger an déi Oochener Wierker: d'Société Métallurgique des Terres Rouges.

Och wann Iwwergangsbestëmmungen de fräie Wuereverkéier tëschent Lëtzebuerg an Däitschland vun 1919 bis 1925 virgesinn hunn, huet dat näischt un der Tatsaach geännert, datt d'Terre Rouge an deem Zäitraum net konnt produzéieren. D'Ursaach war, datt an deenen Nokrichsjoren net genuch Koks aus der Ruhr konnt bezu ginn.

Interessegemeinschaften

Nodeems d'Iwwergangsbestëmmunge fir de fräie Wuereverkéier 1925 hifälleg gi waren, hunn d'Direktioune vun Terres Rouges an ARBED sech missen de Kapp zerbriechen, wéi eng nei Produktiounsbestëmmunge si hiren Escher an Oochener Wierker kéinte ginn. Eng éischt Decisioun huet d'Terres Rouges Gesellschaft geholl, andeems si dat Oochener Stolwierk opginn huet an 1926 demontéiere gelooss huet.

Op der Basis vun engem sougenannten Interessensgemeinschaftsvertrag, deen 1926 tëschent den Terres Rouges an ARBED Gesellschaften ausgehandelt gouf, gouf dunn am Géigenzuch beschloss d'Produktioun vum Schëfflenger a vum Belvaler Stolwierk ze erhéijen. Terre Rouge krut an deem neie Produktiounsplang eng Schlësselfunktioun zougewisen: d'Schmelz sollt déi noutwendeger Weis erhéichte Réieisen-Nofro vu Belval an Esch-Schëffleng ofdecken. Fir dat ze erméigleche sollten all d'Schmelzen am ieweschten Uelzechtdall matenaner verbonne ginn, an dat souwuel wat Transport wéi Energieaustausch ubelaangt.

An de Joren 1926-1929 goufen d'Schmelze vun Esch-Schëffleng, Belval, Terre Rouge an Audun-le-Tiche iwwer de Bau vun direkten Eisebunnslinnen, Héichuewen-Gasleitungen an elektreschen Héichspannungsleitunge matenaner vernetzt. D'Schmelz op Terre Rouge konnt hir Produktioun erëm ophuelen an huet vun 1926 un d'Belvaler Stolwierk a vun 1927 un och d'Schëfflenger Stolwierk direkt mat flëssegem Réieisen, dat also net méi huet missen ëmgeschmolt ginn, beliwwert. Vun do un huet d'Schëfflenger Stolwierk am Schnëtt 45 Prozent vum verschaffte Réieise vun Terre Rouge geliwwert kritt.

D'Zäit no 1945

Nom Zweete Weltkrich an den 1950er a besonnesch an de 1960er Joren huet d'Schmelz vun Terre Rouge déi stäerkst Produktiounsresultater vun hirer Geschicht verzeechent. De produktiounstechnesche Fortschrëtt an déi ëmmer méi wäit gedriwwe Rationaliséierung sollten awer mëttelfristeg dozou féieren, datt d'ARBED de Site vun Terre Rouge als Produktiounsstanduert wollt opginn. Mëtt 1968 huet d'ARBED-Generaldirektioun nämlech decidéiert e groussugeluechten Investitiounsprogramm opzeleeën, deen als Haaptzil d'Konzentratioun vun der Réieiseproduktioun op een eenzege Produktiounsstanduert, an dat sollt Belval sinn, virgesinn huet.

De Bau vu Groussraum-Héichiewe sollt dee Konzentratiounsprozess erméiglechen. An enger éischter Etapp gouf de Bau vum Héichuewe B op Belval, mat enger Produktiounskapazitéit vun 2.700 Tonne pro Dag, an Optrag ginn, an dofir konnten 1970 d'Schëfflenger Héichiewen ausser Betrib gesat ginn.

Am Hierscht 1976 - matten an der Stolkris - gouf déi zweet Etapp vum Konzentratiounsprozess an Ugrëff geholl, mam Beschloss e weidere Groussraum-Héichuewen opzeriichten. De Bau vum Héichuewen C op der Belvaler Schmelz, mat enger Produktiounskapazitéit vu 4.200 Tonne pro Dag, huet den definitive Schluss fir d'Héichiewen op Terre Rouge bedeit. No 105 Joer Produktioun gouf dunn um 23. Juni 1977 och d'Héichuewenanlag vun Terre Rouge ausser Betrib gesat.

D'Terre Rouge haut

Zanterhier ass de Site vun Terre Rouge eng Industriebrooch. An deene leschte 40 Joer goufe verschidden industriell an urbanistesch Projete fir Terre Rouge ugeduecht, ouni datt se awer realiséiert goufen. Mee elo, wou den urbanistesche Rekonversiouns-Plang Rout Lëns a méi eng konkret Phas trëtt, mussen och déi nach erhalen industriegeschichtlech bedeitsam Bauten an Anlagen, wéi d'Keeseminnen, d'Géishal, d'Atelieren an der Handwierkergaass, d'Gebléishal an déi al elektresch Zentral, an de Fokus vun den Ëmnotzungspläng geholl ginn: duerch eng intelligent Ëmnotzung vun deene Gebailechkeeten an Anlage kéinten eng Rei urbanistesch an transportpolitesch Erausfuerderunge gemeeschtert ginn an esou an engems deem geplangten neie Wunnquartier eng Identitéit zougewise ginn, déi och op déi räich industriegeschichtlech Vergaangenheet vum Site a vun der Stad Esch hiweise géif.