Radioen

On air

De Moien  |  Bombay Bicycle Club - Tekken 2 Feat. Chaka Khan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt keng Internetsucht"

Gesellschaft an Technologie

"Et gëtt keng Internetsucht"

Vill Mënsche kënne sech d'Liewen ouni Smartphone an Internet net méi virstellen. Ass eist Verhale problematesch? Nee, seet de Psychiater Jan Kalbitzer, Leeder vum "Zentrum fir Internet a séilesch Gesondheet." Den Auteur vun "Digitale Paranoia: Online bleiben, ohne den Verstand zu verlieren" dedramatiséiert d'Debatt ëm Suchtverhalen.

auto_stories

2 min

"Et gëtt keng Internetsucht" seet de Psychiater Jan Kalbitzer. Internet géif immens vill verschidde Saache bedeiten. Mënschen, déi zum Beispill fënnef Stonnen um Stéck géifen Internetradio lauschteren, wieren net süchteg. Oder et géif och Leit ginn, déi vill géife spillen, sech dobäi awer géife wuel fillen. "Wann dat fir si a fir anerer ok ass, gesinn ech kee Grond fir dat ze pathologiséieren."

Mir géifen dozou tendéieren, staark Leidenschaften als krank ze bezeechnen. Dat wier ee Problem. Wann een eng Diagnos vun enger Internetsucht wéilt opstellen, misst een oppassen, datt een net dee Falsche géif treffen. "Dat fannen ech schwiereg, dofir sinn ech dogéint."

De Jan Kalbitzer mécht sech am Kontext vum Internet ëm zwou Saache Suergen. Ëm d'Geltungssucht bei Individuen, déi kommunizéieren. An ëm d'Habsucht bei Entreprisen. "Déi si verantwortlech fir eis Plattforme fir eis Kommunikatioun mateneen bereet ze stellen. Awer si si gesteiert vu kommerziellen Interessen. An dat ass dacks eng gëfteg Mëschung."

Romantiséierung vum Ursprénglechen

Datt d'Kanner vill Zäit mam Smartphone oder mat Video-Spiller géife verbréngen, ass am Jan Kalbitzer sengen Aen net problematesch. "Mir stellen deem eng romantesch Welt géigeniwwer, déi et ni gouf." Déi Zäit, wou d'Mënsche sech déi ganzen Zäit an der Natur opgehalen hätten a ganz vill matenee geschwat hätten a sozial a frëndlech an entspaant gewiescht wieren, wier et ni ginn.

D'Mënsche géife sou vill Liese wéi nach ni. Dat géif zwar um Ecran geschéien, awer et géif vill Zeitung gelies ginn, well d'Offer grouss a villfälteg wier. Virun 20 Joer hätten d'Mënschen net Meldungen aus verschiddene Medien aus verschiddene Länner matenee verglach.

"D'Zukunft kënnt sou oder sou. Si kënnt op jiddwer Fall mat Internet." Et wier wichteg z'experimentéieren, an och Feeler ze maachen, sou de Jan Kalbitzer. "Mir kënnen och probéiere fir all Weekend déi ganzen Zäit mat der Famill ze zocken. A wa mi mierken, datt dräi Véierel vun der Famill dat schrecklech fannen, dann ännere mir dat nees." Et kéint een déi grouss Erausfuerderungen, déi d'Technik mat sech bréngt, net duerch kuerzt Iwwerleeën oder streng Regele meeschteren.