Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et kann de Leit un eppes feelen, fir Agressioun ofzebauen"

Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun

"Et kann de Leit un eppes feelen, fir Agressioun ofzebauen"

De wochelaange Confinement wéinst der Corona-Kris huet villes geännert. Et huet een doheem geschafft, mat senger Famill op enkem Raum gelieft an et gouf vill Onsécherheet, wéi et an Zukunft weidergeet. A ville Fäll huet dat och psychologesch Konsequenze mat sech bruecht. An engem rezent publizéierte Buch, geet et ënner anerem ëm Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / iascic

"Umgang mit Ärger und Agresssionen bei sozialer Isolation in Pandemiezeiten" heescht d'Kapitel, dat den Uni-Lëtzebuerg-Professer a Psycholog Georges Steffgen an d'Psychotherapeutin Claudia De Boer fir d'Buch "COVID-19 - Ein Virus nimmt Einfluss auf unsere Psyche" geschriwwen hunn. An hirem Kapitel schreiwe si doriwwer, wéi Ierger an dëser Pandemie entsteet.

D'Leit géifen e Blockage erliewen, zum Beispill, datt si manner sozial Kontakter hunn, seet de Georges Steffgen, si géifen e Schëllege sichen, d'Politik oder dat soziaalt Ëmfeld an d'Isolatioun géif géint hir eegen Norme goen, déi si opgestallt hunn, wat och fir Roserei suergt.

Verschidde Bewältegungsstrategië waren net méi méiglech

Mat dem Ierger, deen an esou Situatioune bei jiddwerengem entsoe kann, kann een op verschidde Manéieren ëmgoen. Et behält een e fir sech, et probéiert een e konstruktiv ze verschaffen an ze iwwerwannen, oder et weist ee säin ierger, deen an deem Fall bis an Aggressiounen ëmschloe kann.

Wat et an enger Pandemie nach méi schwiereg mécht wéi soss, mat senger Roserei ëmzegoen, ass datt déi üblech Weeër, wéi ee sech selwer kontrolléiert, net onbedéngt accessibel sinn, seet d'Psychotherapeutin Claudia De Boer.

"Mënschen hunn normalerweis verschidde Saache fir ausgeglach ze bleiwen an hir Emotiounen ze reguléieren, zum Beispill Sport. Dat heescht, datt et ebe vill Leit ginn, déi Sport maachen, well dat si ausgläicht. Elo hate mer déi Situatioun, datt verschidde Sportaarten net méi méiglech waren, an dat kann ebe Schwieregkeete ginn, datt et de Leit un eppes feelt fir Stress ofbauen ze kënnen."

Kontakt mat anere Mënschen, zesumme sinn a kommunizéieren, kann hëllefen

Fir Aggressiounen a Roserei an der Isolatioun zeevitéieren, wier et wichteg Kontakt mat anere Mënschen ze halen, seet d'Psychotherapeutin Claudia De Boer, esou wéi et vill Leit an de leschte Méint och per Videokonferenz oder Telefon gemaach hunn.

Donieft wier et och wichteg mat deene Leit, mat deenen een zesummen isoléiert ass, ze kommunizéieren an doduerch Problemer ze evitéieren.

Géif ee sengen Aggressiounen net méi Meeschter ginn, wier et och wichteg sech professionell Hëllef ze sichen. Mee do géif et awer nach ëmmer eng Hemmschwell ginn, seet de Psycholog Georges Steffgen, d'Leit géifen nach éischter bei en Dokter goen, wéi bei e Psychiater.

"Mee wann dat Leed oder de Konflikt méi staark gëtt, wéi méiglecherweis bei enger Rëtsch Leit elo an der Lockdown-Situatioun, da gëtt déi Noutwendegkeet gesinn, sech bei bestëmmte Problematike Rot ze sichen. An ech denken an engem gewësse Grad huet een dat och scho gesinn, datt déi Hotlinë verstäerkt genotzt goufen."

Et wier dann och méi warscheinlech, datt déi Leit och duerno nach weider vun der Hëllef profitéieren, seet de Professer vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Méi Informatiounen zu den Theemen Ängschten, Roserei oder och dem Notze vu Medien an Zäite vu Covid-19, fannt Dir am Buch "COVID-19 - Ein Virus nimmt Einfluss auf unsere Psyche". D'Buch koum am Kohlhammer-Verlag eraus.