Radioen

On air

Simon Says  |  Kiki Gyan - 24 Hours In A Disco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Etre d'ailleurs en temps de guerre"

Éischte Weltkrich

"Etre d'ailleurs en temps de guerre"

Wann ee sech d'Méi mécht sech mat de primären Archivquellen auserneenzesetzen, amplaz dat ofzeschreiwen wat zënter Generatioune vun engem Geschichtsbuch an dat nächst kopéiert gëtt, entdeckt ee komplex an oft vergiessen historesch Realitéiten. Dat weist eng Ausstellung iwwer Diddeleng am Éischte Weltkrich. Dozou eng Chronik vun zwee Zäithistoriker: Antoinette Reuter an Denis Scuto.

auto_stories

7 min

Denis Scuto

D'Zäithistoriker-Chronik vun haut presentéiert e puer Resultater vu Recherchen, déi iwwer méi wéi ee Joer zesummegedroe goufen. D'Resultater dovu si vun der nächster Woch bis Dezember an enger Ausstellung zu Diddeleng an der Gare-usine ze gesinn. Si ass vum Centre de documentation sur les migrations humaines vun Diddeleng a vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg organiséiert ginn. "Être d'ailleurs en temps de guerre (14-18) : Étrangers à Dudelange / Dudelangeois à l'étranger" heescht se. Mir sinn der Fro nogaangen, wéi en Impakt den éischte Weltkrich op d'Bevëlkerung an d'Bevëlkerungsbeweegungen also d'Migratioune virun 100 Joer um lokale Plang hat.

Well 1914 waren aacht vun zéng Awunner vun där Lëtzebuerger Industriestad net vun Diddeleng. Si koumen zum Beispill aus anere Géigende vu Lëtzebuerg, meeschtens vum Land, an aus dem Minett. Awer och aus der Äifel, dem Honnsréck, der Saar, Loutrengen, aus der belscher Province du Luxembourg, oder vu méi wäit, aus der Ruhr, aus Italien oder och aus Éisträich-Ungarn.

An eise Recherchen hu mir festgestallt wéi de Krich hiert Liewe verännert huet.

Susanne Walentiny a Mario Daolio

D'Lëtzebuergerin Susanne Walentiny ass gebuer zu Diddeleng den 20. Mäerz 1886. De 4. August 1914, just wéi den Éischte Weltkrich ugeet, bestit sinn den italienesche Schmelzaarbechter a Museker Mario Daolio, deen de 17. Juli 1885 zu Guastalla (an der Provënz Reggio Emilia) op d'Welt koum, a mat deem sinn dee Moment schonn dräi Kanner hat. Si wunnen am Quartier Italien. Wou Italien 1915 op der Säit vun de Fransousen an den Englänner an de Krich zitt, engagéiert sech den Daolio an der Arméi vu sengem Heemechtsland.

Op sech eleng gestallt, mat véier Kanner am Alter tëscht e puer Méint a siwe Joer, an engem Land wou Liewensmëttel rar ginn, geet d'Suzanne op d'Diddelenger Schmelz schaffen. Si ass eng vun 149 Fraen, déi 1916 am Roulage vum Héichuewebetrib ufänken, Frae vu verschiddenen Nationalitéiten: lëtzebuergesch, italienesch, däitsch, franséisch, belsch, éisträichesch.

Marguerite Schneider

Genee wéi dat 17 Joer aalt däitscht Meedche Marguerite Schneider, gebuer 1899 zu Eiserfeld, enger Industriestad bei Siegen am preisesche Westfalen, vu wou aus säi Papp op d'Diddelenger Schmelz schaffe koum. Well et esou kleng a schmächteg war, gouf et vu sengen Aarbechtskollegen am Roulage "Kiewerlek" genannt.

Egidio Reggi

Op där Schmelz huet och den Italiener Egidio Reggi geschafft, gebuer 1895 zu Diddeleng, vun Elteren déi schoun 1884 op Diddeleng migréiert sinn. De Reggi ass ee vu 54 Aarbechter déi nom Streik 1917 vum Emile Mayrisch senger Schmelz entlooss gi sinn. De Reggi hat mat senge lëtzebuergesche Komerode gestreikt, obwuel den däitschen Oberbefehlshaber zu Lëtzebuerg, den Tessmar, Aarbechter vu sougenannte feindlechen Natioune wéi Belsch, Fransousen, Russen oder eben Italiener mat Krichsgefaangeschaft am Fall vun der Bedeelegung um Streik menacéiert hat.

Joseph Fox

Datt dem Tessmar seng Landsturmsoldaten, déi sech zwar gäre fotograféiere gelooss hunn, wa si friddlech Schlitt gefuer sinn um Kräizbierg, net gefaart hunn haart duerchzegräifen a sech dobäi wéineg ëm de Respekt vun der Lëtzebuerger Neutralitéit gekëmmert hunn, krut de belschen Aarbechter Joseph Fox, gebuer 1898 zu Maarteleng, leider ze spieren. Schonns als 14-Järegen hat hien als Kniecht am Lëtzebuerger Süde geschafft.

Enn 1916 gëtt de Joseph Fox, wéi iwwer 200.000 aner Belsch, vun der däitscher Arméi als Zwangsaarbechter verschleeft. Et geléngt him awer vu Montmédy, wou en un der Festung huet misse schaffen, ze flüchten an zu Diddeleng ënnerzetauchen. Bis hien den 9. Juli 1918 an der Niddeschgaass beim Ökonomat a bei der Kierch, matzen am Zentrum, vun engem Landsturmsoldat interpelléiert a beim Versuch fortzelafen erschoss gëtt.

Susanne Habig

D'Susanne Habig ass den 9. Abrëll 1896 zu Diddeleng gebuer als Duechter vum Charel Habig an dem Elise Stoffel. Als klengt Kand wandert et mat sengen Elteren op Paräis aus, wou et als Plumassière schafft, also Fiederschmock fir de Paräisser Moudesecteur hierstellt. Mee eng Condamnatioun wéinst Vol vu 16 Francs aus dem Joer 1911, am Alter vu 15 Joer, gëtt him zum Schluss vum Krich zum Verhängnis. Wéi iwwer 400 aner Lëtzebuerger - dat wësse mer haut dank enger Masterthes op der Uni Lëtzebuerg vum Jim Carelli - gëtt d'Susanne Habig an engem franséische Konzentratiounslager, zu La Ferté-Macé an der Normandie, internéiert.

Joseph Klomann

A gläich zwee franséisch Lageren agespaart gëtt en aneren Diddelenger am Krich. De François Joseph Klomann gouf den 31. Juli 1888 zu Diddeleng als Kand vun däitschen Eltere gebuer. No enger Léier als Bäcker geet hien 1909, mat 21 Joer, an déi däitsch Arméi, an d'"Metzer Infanterie-Regiment". Mee schonn 1910 desertéiert hien an enrôléiert sech dono an der franséischer Friemelegioun, déi en an Algerien a Marokko affektéiert.

No den obligatoresche fënnef Joer kënnt e mat engem Kolleg zeréck a Frankräich, op Marseille, wou si versichen Aarbecht ze fannen. Mee, well se schlecht franséisch schwätzen, gi si fir däitsch Deserteure gehalen a schlussendlech wéinst "Vagabondage" verhaft an internéiert. Am Dezember 1916 mécht de Klomann aus dem Lager eraus eng Demande fir nees an d'Friemelegioun. Hie gëtt sech mëttlerweil als Lëtzebuerger aus. Vu dass hien am "Livre d'or des légionnaires luxembourgeois 14-18" figuréiert, ass hien offensichtlech och domadder duerchkomm an huet als Däitsche vun Diddeleng an de Reie vun den Alliéierte gekämpft.

An der Ausstellung ass et eis drëm gaangen un dësem lokale Beispill z'illustréieren, wéi Kricher Bevëlkerungen engersäits aus hirer Liewens- an Aarbechtswelt erausrappen, an hinnen et anengems schwéier maachen oder verbidde sech fräi ze beweegen, andeems Grenzen zougemaach a Kontroll a Repressioun verschäerft ginn. Lëtzebuerger ginn a Frankräich verhaft. Däitsch Besatzer maachen, entgéint dem Vëlkerrecht, zu Lëtzebuerg Juegd op belsch, franséisch a russesch Krichsgefaangener déi op der Flucht sinn. D'Lëtzebuerger Autoritéite verschäerfen d'Pass- an d'Umeldebestëmmungen.

Célestine Kugeler

Nom Waffestëllstand vun November 1918 sinn et net Diddelenger Famillen, mee ganz Rei jonk Fraen, déi sech an d'"Boys" aus den USA verléiwen, déi sech mat der 5th Field Artillery Brigade während néng Méint zu Lëtzebuerg installéieren. Souwéi d'Célestine Kugeler, dat sech de 4. Juli 1919, um Independence Day, mam Private Alfred Anderson bestit, dee selwer aus Europa staamt vu dass en zu Trondheim an Norwegen op d'Welt koum.

Fortgoen oder bleiwen?

Mir hu gekuckt wéi de Krich lokal Gemeinschaften op d'Kopp geheit a redefinéiert. Ufank August 1914, wéi de Krich ausbrécht, lafe vill Italiener, well d'Schmelzen zoumaachen a si fäerte wéinst de Militäroperatiounen net méi an hieirt Heemechtsland zeréckzekommen, fort. Dat féiert am Summer 1914, och an de Lëtzebuerger Garen, zu dramateschen Zeene ronderëm déi sougenannten "Italienerzüge". Nofuerschungen an den Umelderegister vun der Gemeng Diddeleng hu gewisen, datt d'Italiener ersat ginn duerch Lëtzebuerger Famillen, déi zënter Joren an heiansdo Joerzéngten an der Lorraine, ob franséisch oder däitsch, an der Champagne oder zu Paräis gelieft hunn an déi, zum Deel wéinst ähnlechen Ängschten, an hiert Heemechtsland zeréckkommen

Wéi am Allgemengen an eise Recherchen zur Migratiounsgeschicht hu mir nees misse feststellen, wéi wichteg et ass Mënschen net a fix national Kategorië wéi Lëtzebuerger, Italiener oder Däitscher anzespären an dës Identitéiten sou kënschtlech festzeschreiwen. D'Realitéit ass vill méi komplex. Sief dat duerch déi vill Bestietnisser, och schonns virun honnert Joer, tëscht Fraen a Männer mat verschiddenen Nationalitéiten, sief dat, datt Jonker administrativ d'Identitéit vum Heemechtsland zougeschriwwe kréien, obwuel si scho méi duerch d'Identitéit vum Awanderungsland gepräägt sinn. Genee dat versicht den Diddelenger Buergermeeschter den däitschen Autoritéite virun 100 Joer z'erklären, wa si en Diddelenger Jong wëllen aspären, dee vu Klengem un do gewunnt huet, sech als Lëtzebuerger ugesäit, mee awer däitsch a sengem Pass stoen huet, an dee refuséiert an d'däitsch Arméi agezunn ze ginn.

An der Krichsfal sëtzen a virun der Fro stoen: Fortgoen oder bleiwen? Sech militäresch fir säin Ursprongsland oder awer fir seng nei Heemecht engagéieren? Liewen, iwwerliewen oder stierwen an engem besate Gebitt? Wee sech fir dës Froen a fir den Impakt vun der Grande Guerre op dat klengt Diddeleng a seng heterogen Bevëlkerung interesséiert, ass häerzlech invitéiert, sech dës Ausstellung unzekucken. Ausgestallt ginn, ënner anerem Dokumenter an Objete vun der Diddelenger Gemeng, dem Nationalarchiv, dem Militärmusée vun Dikrech, der Nationalbibliothéik, dem nationale Geschichtsmusée an dem D'Ausstellung gëtt duerch zwou Installatioune vun de Videoartiste Chiara Ligi a Mauro Macella beräichert.