Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fënnef-Stäre-Beweegung a Faschismus

Italien

Fënnef-Stäre-Beweegung a Faschismus

"D'Anti-System-Beweegung Movimento Cinque Stelle (M5S) kënnt esou no un de Faschismus erun, wéi dat hautdesdaags nëmme méiglech ass." Dat seet den italienesche Comic-Zeechner a Satiriker Alessio Spataro. De gebiertege Sizilianer setzt sech scho méi laang kritesch mat der Fënnef-Stäre-Beweegung vum Beppe Grillo auserneen. 2014 hat hien e Buch erausgi mam Titel "Heil Beppe".

auto_stories

3 min

Den Alessio Spataro war viru kuerzem zu Lëtzebuerg. 2014 huet hien e Buch erausbruecht mam Titel "Heil Beppe".

Hee wier ëmmer erstaunt gewiescht, a wéi engem Mooss et der Fënnef-Stäre-Beweegung gelongen ass, Leit mat allméigleche politeschen Hannergrënn unzezéien, vun den Anarchiste bis hin zu de Faschisten.

Déi klassesch Ënnerdeelunge wéi riets-lénks, Faschismus-Antifaschismus, oder och déi méi techneschen Niveaue wieren ëmmer zweedeiteg gewiescht bei der Beweegung. Dës paradoxal Kohärenz hätt se ëmmer kënnen oprecht erhalen, seet den Alessio Spataro.

Faschismus: Eng Präzis Definitioun

Dës grondsätzlech Ambiguitéit wier och einfach ze beleeën, seet hien:

"Do soll ee mer mol de Géigendeel beweisen: ëm wéi ee Beräich vun der italienescher Politik et sech och handelt - ech denken do un d'Immigratioun, déi institutionell Reformen, d'Justiz, souguer d'Mafia, oder och d'Unerkennung vun net-bestuete Koppelen - ech si bereet ëffentlech Stellungname virzeleeën, an deenen déi Responsabel vum Movimento Cinque Stelle entweder eng Saach soen, oder hire geneeë Contraire."

Am Géigesaz zu de groussen traditionelle Parteien, sief et aus dem fortschrëttleche Lager, sief et aus dem liberal-konservativen, wier den M5S vu kengem ideologesche Ballast belaascht, dat wier seng Stäerkt. Dem Alessio Spataro seng Conclusioun ass deemno: "Fir mech hu mer domat ee Punkt erreecht, sou no wéi een hautdesdaags nëmme kann un de Faschismus erukommen. An dee Begrëff benotzen ech an engem präzise Sënn, dat ass net iergend ee Begrëff."

Eng Allianz mat Rassisten

De Faschismus, sou wéi en an Italien vum Mussolini erfonnt ginn ass, war net einfach nëmmen eng politesch Gruppéierung, eng politesch Optioun mat engem präzise politesche Programm, sou den Alessio Spataro. Et wier natierlech ee kriminelle Plang gewiescht, dee mat Gewalt duerchgesat gouf:

"De Faschismus hat dës präzis Eegenschaft: déi vun der Zweedeitegkeet. D'Zil war d'Muecht, an zwar d'Muecht als ultimativen Zweck. De Programm vum Faschismus, am Ufank, war vun all de Programmer deen zweedeitegsten: e war antiklerikal an antikapitalistesch, an no wéinege Jore gouf e verroden. De Movimento Cinque Stelle huet hautdesdaags dës Eegenschaft vum Faschismus bäibehalen, well e souwuel naiv Anti-Rassiste wéi och iwwerzeegte Rassisten unzitt."

D'Allianz mat der rassistescher Partei par excellence, nämlech der Lega vum Matteo Salvini, wier leider eng natierlech Allianz, bedauert den Alessio Spataro. Den Zeechner erënnert un déi lescht Wahlcampagne, während där d'Fënnef-Stäre-Beweegung Flyere mat - a sengen Aen - rassistesche Slogane verdeelt huet. Dorënner d'Schlagwuert "Obiettivo sbarchi zero" - mat deem versprach gouf, null Flüchtlingen op der italienescher Küst z'empfänken.

D'Lega kënnt gutt bei der Bevëlkerung un

D'Anti-System-Partei vum Komiker Beppe Grillo an de Koalitiounspartner Lega, vum Matteo Salvini, wieren net eleng mat Hëllef vun de Medie grouss ginn, well se do Plaz kritt hu fir sech auszedrécken. D'Lega, déi wier op eng aner Manéier zweedeiteg.

Et wier hautdesdaags eng rassistesch Partei, an net méi d'Lega Nord, sou wéi se bis viru kuerzem nach geheescht huet, déi sech virun allem aus ekonomesche Grënn fir d'Onofhängegkeet vun der Padania agesat hat - a Wierklechkeet och just e Slogan fir Wieler unzezéien, präziséiert den Alessio Spataro:

"Hautdesdaags dréit och d'Lega zur permanenter Degradatioun vum politeschen, ziville Gewësse vun Italien bäi. Mee se ka sech op eng zolidd Basis stäipen: d'Lega kënnt ganz gutt an der Populatioun un, well se vill méi kompromësslos ass."

D'Lega wier eng paradoxal Partei, well se souwuel zweedeiteg wéi och kompromësslos wier, während een am Fall vun der Fënnef-Stäre-Beweegung einfach nëmme vun Zweedeitegkeet kéint schwätzen. Fir d'Zukunft gesäit de Comic-Zeechner Spataro se dofir och éischter an enger Oppositiouns-Roll zu enger ganz grousser rietser Koalitioun hanner der Lega vum Matteo Salvini.