Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

Lëtzebuergesch

Fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch

Leschte Weekend krut de Jérôme Lulling fir seng Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch vun der Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l. d'Sëlwerplack Dicks-Rodange-Lentz.

auto_stories

2 min

Eng immens Éier, wéi de Jérôme Lulling seet, virun allem well d'Linguistik net ëmmer esou vill Unerkennung géif kréien.

"Fir linguistesch Aarbechte ginn et quasi keng Auszeechnungen. Dat meescht, wat mer hei zu Lëtzebuerg hunn, si Literaturpräisser. Ech sinn immens houfreg drop, well ech och déi Leit, déi viru mir déi Plack kruten, kennen, an déi mir immens gehollef hunn, meng Projeten ze realiséieren."

An de leschte Projet ass d'Buch "Verbetabellen op Lëtzebuergesch", eng englesch Iwwersetzung, vum franséischen Original, dat et schonn zanter 2014 gëtt. A béide Bicher gëtt et eng Lëtzebuerger Verbelëscht, mat der englescher, respektiv franséischer Iwwersetzung, Beispill-Sätz a Grammaire-Tabellen.

Eng englesch Editioun

Déi nei englesch Editioun géif elo e Laach fëllen, seet de Jérôme Lulling, dee bei der Stater Gemeng Lëtzebuergesch-Course gëtt:

"Déi lescht fënnef Joer hu meng Schüler ëmmer nees gefrot, wou dann déi englesch Versioun bleift. Net jiddweree schwätzt franséisch: Leit aus Indien, China oder Russland. An ech hunn ëmmer no engem Partner gesicht fir eben dës englesch Versioun erauszebréngen, well dat och ëmmer mat groussen Onkäschte verbonnen ass."

De Projet gouf elo finanziell vun der Actioun Lëtzebuergesch a.s.b.l. a vun der Fondatioun vun der Fonction publique ënnerstëtzt.

Lëtzebuergesch ass um gudde Wee

De Jérôme Lulling gesäit eng gutt Entwécklung, wat d'Lëtzebuerger Sprooch ugeet: et géif mëttlerweil vill Weeër gi fir d'Sprooch ze léieren oder seng Kenntnisser ze verbesseren.

"Et ass aussergewéinlech, wat et do an Tëschenzäit alles gëtt: Google Translate, Wikipedia op Lëtzebuergesch, den LOD, de Spellchecker oder déi Applikatiounen um Handy fir Lëtzebuergesch ze léieren. An dann och déi Publikatiounen um Bichermaart, déi et an deem Beräich gëtt."

An op dem Site exercice.lu bitt de Jérôme Lulling zanter Kuerzem och interaktiv Lëtzebuergesch-Lektiounen un.