Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The X - Sweet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat faszinéiert de Fussball?

Prisma

Firwat faszinéiert de Fussball?

Wat d'Faszinatioun vum Massesport Fussball ausmécht, doriwwer gëtt et an alle Sozialwëssenschaften déi ënnerschiddlechst Theorien. Och an der Philosophie gëtt sech ëmmer méi mat dësem Thema beschäftegt. Eng vun de méi ëmstriddene Positioune probéiert de Fussball mat engem vun den zentraalste Motiven aus der Philosophiegeschicht zesummenzebréngen, nämlech deem vun der Fräiheet. Wat ass drun un dëser Thees? E puer Iwwerleeunge vum Joel Holtzem.

auto_stories

7 min

Elo kann ee sech natierlech d'Fro stellen, ob et iwwerhaapt sënnvoll ass, sech op eng philosophesch Aart a Weis mam Fussball auserneenzesetzen. Well op den éischte Bléck ass zumindest dee moderne Fussball vun haut net vill méi wéi ee milliardeschwéiere Konsum- an Medienzirkus, wou vill Sue fléissen a wou e puer deier bezuelte Sportler eigentlech net vill méi maache wéi mam Fouss an e Ball ze rennen.

An trotzdeem pilgere Spilldag fir Spilldag Zéngdausenden, jo Honnertdausende vu Leit iwwerall op der Welt an d'Fussballstadien oder verfollegen d'Matcher op der Tëlee an der Stuff, an de Caféen oder beim Public Viewing. De Fussball, dëst ass scho bal eng al Binsenweisheit, ass hautdesdaags fir vill Leit zu enger Zort Ersatzrelioun ginn, déi eng fest Plaz an hirem Alldag huet.

Wat bedeit déi Fussballbegeeschterung?

Op ee sech elo privat fir dëse Sport interesséiert oder domadder wierklech guer näischt ufänke kann; sou stellt sech trotzdeem d'Fro, wéi een deen enorme gesellschaftleche Stellewäert vum Fussball erkläre kann. Wat mécht seng Faszinatioun fir esouvill Leit, déi aus alle gesellschaftleche Schichte kommen, eigentlech aus? A virun allem: Wat seet dës Fussballbegeeschterung iwwer eis Mënschen aus?

Déi éischt Thees, déi een aus enger philosophescher Perspektiv hei kéint opstellen, ass déi folgend: De Fussball, also dat, wat um Terrain awer och baussent dem Terrain passéiert, bedéngt een zentraalt, wann net esouguer dat zentraalt Motiv aus der Philosophiegeschicht, nämlech dat mënschlecht Bedierfnes no Fräiheet. Bon, de Fussball mat deem ganze Medienzirkus, dee ronderëm opgeféiert gëtt als Spillwiss vun der Fräiheet ze verstoen; klengt fierchterlech paradox an ass absolut erklärungsbedürfteg.

Eng konstruéiert Matrix

Fänke mir also eemol ganz vir un a probéieren iwwer eng Begrëffsbestëmmung dëser Thees entgéintzekommen. De Fussball kann - wéi bal all Equippesportaart - definéiert ginn als eng Praxis, déi sech duerch folgend Critèren ausweist: Et gëtt een Zil, dat een erreeche muss, et gëtt fräi erfonnten, quasi sënnlos Obstakelen, déi een iwwerwanne muss, et gëtt Reegelen, deenen ee sech fräiwëlleg ënnerwerft an et gëtt ee physeschen, also kierperlechen Effort, deen een opbrénge muss.

D'Zil beim Fussball ass einfach, nämlech de Ball iwwer Gollinn beweegen. D'Obstakele sinn, nieft de Géigespiller, zum Beispill och, datt een de Ball net mat den Hänn (wat jo am Fong dat méi logeschst wier) dierf beréieren, mee just mam Fouss, mam Kapp an allen anere Kierperdeeler, ausser eben den Hänn. Zu de wichtegste Reegele gehéieren nieft der Zäitlimitt vun 90 Minutten och zum Beispill d'Abseitsreegel an, nenne mir et eemol Verhalensreegelen am Ëmgang mat de Géigespiller: Du dierfs hinne kee Bee stellen oder si mat anere Forme vu brutaler Gewalt ugräifen. Wann s du gewanne wëlls, da muss du entweder kierperlech besser sinn, dat heescht méi séier oder einfach méi intelligent, dat heescht taktesch iwwerleeë sinn.

Mécht Sport een zum "bessere" Mënsch?

An dëser konstruéierter Matrix probéieren elo 22 Mënschen dat fräi erfonnten Zil ze erreechen, also de Ball an de Gol ze schéissen. All Spiller spillt säi Fussball esou, wéi hien et kann a wëllt. Et gëtt den Techniker, Sprinter, Dribbeler, de Strateg mat der Iwwersiicht an de physesch betounte Verdeedeger. All Spiller ass op seng Aart a Weis eenzegaarteg. Mat engem philosopheschen Terminus hu mir et hei mam sougenannten Homo ludens ze dinn. Also wuertwiertlech iwwersat: de spillende Mënsch, deen am Spill seng individuell Eegenschaften, also dat, wat hien zur Persoun mécht, entdeckt. Sou banal dëst och kléngt, sou komme mir iwwer dëse Wee eiser Thees vun der Fräiheet dach ee Stéckelche méi no. Et ass dann och de Schiller, deen a senger Theorie vun der ästhetescher Erzéiung, dësem Homo ludens eng ethesch Komponent vun der Fräiheet zougesprach huet: An der fräier Ausgestaltung vu sengem Spill, sou de Schiller, ass et dem Mënsch erëm méiglech, eng Form vun Autonomie a Selbstverwierklechung erëmzefannen, déi him a sengem Alldag mat all senge Contrainten net méi méiglech ass. Wann een hei d'Fräiheet als Selbstverwierklechung versteet, schwéngt eng weider Opfaassung mat, déi mir aus der anticker Philosophie kennen: Nämlech d'Iddi vun enger moralescher Perfektibilitéit. Mam Platon oder nach méi konkret mam Aristoteles kéinte mir nämlech soen, datt de spillende Mënsch dovu gedriwwen ass, ee bessere Mënsch ze ginn. Besser net nëmmen als Athlet, also um sportlechen Terrain, mee als Mënsch tout court. Jiddwereen dee Sport mécht oder fréier mol gemaach huet, kennt dat: Wëlls du ee bessere Fussballspiller, oder Sportler ganz allgemeng ginn, häls du op mat Fëmmen, méchs mam Alkohol e bësse méi lues, fänks un dech gesond ze ernären, fréi a gutt ze schlofen asw. Du entwéckels also eng fest Charakterhaltung, déi dech zu engem besseren, dat heescht tugendhaftere Mënsch mécht, dee fir sech perséinlech awer och als soziaalt Gesellschaftswiesen zu engem besseren, gudde Liewe fir dech an all déi ronderëm dech ka bäidroen.

Gläichzäiteg irrational reell

Vun dësem Fussballspiller als Homo ludens, dee sech voll a ganz verwierkleche kann; dee säi ganzt Liewen nom anticken Ethos vun der Tugendhaftegkeet a Perfektibilitéit ausgeriicht huet, geet eng bal schonn ongeheierlech Faszinatioun aus. An zwar, well mir Spectateuren, andeems mir hien ufeieren, mat him zidderen, leiden a kämpfen, quasi zu engem Deel vun him selwer ginn, an datt de gefeierten Idol zu enger Projektiounsfläch gëtt, duerch déi mir selwer eis an eisem Besoin no Fräiheet transzendéiere kënnen. Eng gläichermoossen irrational an trotz allem fir vill Leit ganz reell Erfarung. Irrational dowéinst, well eng Partie vun dësen Athleten an hirem private Liewen alles anescht wéi moralesch Musterexemplare sinn. Awer - an dëst ass interessant - fir déi 90 Minutte blende mir fräiwëlleg dës Realitéiten aus a verschmëlzen op eng bal kathartesch Manéier mat dësem Erliefnes vun der Fräiheet a Perfektibilitéit.

Lo huet dës ganz Argumentatioun awer ee substanziellen Hoken. An zwar deen, datt ee sech d'Fro ka stellen, ob een dat, wat do um Terrain passéiert, och wierklech als reell Fräiheet bezeechne kann. Éischtens, ech hunn et scho gesot, si ganz vill Fussballspiller alles anescht wéi tugendhaft, mee genee sou wéi anerer och Steierhannerzéier, geldgeil Opportunisten an tëschemënschlech Monsteren. Zweetens kënnt jo nach derbäi, datt de Fussball ee reegelgeleetent Spill ass. An déi Reegelen, un déi s du dech hale muss, si Reegelen, déi vu baussen un dech erugedroe ginn, déi s du der also net selwer kanns setzen, wat etymologesch gesi jo eigentlech mat Autonomie gemengt ass. Deemno wier dës Fräiheet och just eng Pseudofräiheet. E Witz oder fir et nach méi drastesch ze soen, eng Veraarschung.

De Fussballsterrain als figuratiivt Schluechtfeld?

Beléie mir eis also hei net selwer? Den Norbert Elias, däitsche Soziolog, seet hei nee. Hie schreift an engem klengen Artikel aus de 70er Joren, datt de Fussball effektiv als eng Zort Ventil fir eist Bedierfnes no Fräiheet gedeit kéint ginn. Hie gesäit kee Konflikt tëschent dem reglementéierte Kader vum Fussball an der Manifestatioun vun der Fräiheet an dësem Spill. Ganz am Géigendeel vertrëtt hien d'Meenung, datt souguer eng gewëssen Noutwendegkeet vu Reegele virausgesat muss ginn, fir datt an eiser ziviliséierter Gesellschaft haut - am Verglach zu de méi archaeschen Zäiten, an deene Fräiheet näischt anescht konnt heesche wéi ee bluddegen a mäerdereschen Droit du plus fort - d'Erfarung vu Fräiheet nach méiglech ass. Dës reglementéiert Fräiheet kann ee mat him deemno och als eng ziviliséiert Fräiheet definéieren: De Fussball also als ee figuratiivt Schluechtfeld, op deem Spiller wéi Spectateuren zugläich, an enger Mise en abîme gehale ginn tëschent ziviliséierende Reegelen (also Reegelen, déi ee friddlecht Zesummeliewen innerhalb vun enger Gesellschaft garantéieren) an dem archaesche Bedierfnes no Fräiheet, Erregung, Selbstbehaaptung a Selbstverwierklechung; ee Bedierfnes, dat an Zäite vun enger kompletter Duerchrationaliséierung, Techniséierung a Bürokratiséierung am Alldag net méi ausgelieft ka ginn.

D'Faszinatioun Fussball, esou d'Conclusioun, léisst sech zwar net vollstänneg, mee zumindest zum Deel ebe genee heiduerch erklären: De Fussball bitt, wéi keng aner sportlech oder kulturell Institutioun déi mir kennen, eng Projektiounsfläch, wou ënner strikte zivilisatoresche Reegele Bedéngunge geschafe ginn, déi eisem Urbedierfnes no Fräiheet entgéintkommen. An déi et eis erlaben, de Spagat hinzekréien - an auszehalen - tëschent eiser januskäppeger Verfaasstheet als archaeschen Naturmënsch op där enger Säit an dem ziviliséierte Kulturmënsch op der anerer Säit.