Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jamiroquai - Seven Days In Sunny June

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat Politik?

Prisma

Firwat Politik?

Wat ass Politik? A firwat hu mir d'Gefill, datt d'Politik dacks ineffektiv ass? Also datt Ziler net erreecht ginn oder d'Ëmsetzung net fonctionnéiert? Mat engem Gedankenexperiment gëtt gewisen, wéi eng effektiv Politik kéint ausgesinn. Donieft gëtt sech gefrot, wat dann iwwerhaapt sënnvollt Liewe ka sinn, a wéi de Mënsch kann aktiv sinn. Hei ginn et verschidde Méiglechkeeten, woubäi déi eng fräiwëlleg sinn an déi aner einfach gemaach musse ginn, fir ze iwwerliewen. Mat der Hannah Arendt kucke mir dobäi op d'Ënnerscheede vun Hierstellen an Handelen an erkennen, datt déi eenzeg sënnvoll Tätegkeet fir de Mënsch am Handele besteet. En Handelen, dat awer am Fong just nach am Tëschemënschleche méiglech ass, sou datt d'Politik hei eng ganz besonnesch Roll kritt an huet. Iwwerleeunge vum Gilles Retter.

auto_stories

8 min

Et ass verréckt, datt fréier an der schlechter aler Zäit nach Ministere gewielt goufen, déi nëmme wéineg iwwer Wirtschaft woussten. E klenge Fortschrëtt war et do schonn, wéi Zënssätz nëmmen nach vun der Zentralbank festgeluecht goufen a wëssenschaftlech Etüde wéi déi vum Rifkin, de Ministeren op d'mannst eng Richtung virginn hunn, wéi si solle regéieren. Den Duerchbroch koum awer eréischt 2020, wéi e Computer, méi genee eng sougenannte KI, also Kënschtlech Intelligenz, ugefaangen huet, d'Ekonomie méi effektiv ze reegele wéi de Mënsch. Sou huet de Supercomputer Greenspan Two d'wirtschaftlech Geschécker vu Lëtzebuerg elo scho bal iwwer zwanzeg Joer laang, ganz effektiv gereegelt, huet e konstante Wuesstum generéiert, deen insgesamt iwwer dem Duerchschnëtt louch an och d'Aarbechtslosegkeet konstant niddereg gehalen huet.

Kandidat fir de Poste vum Premier ass e Computer

Esou huet et dann och kee méi iwwerrascht, datt den dësjärege Kandidat fir de Poste vum Premier och e Computer ass oder zumindest een, dee versprécht, datt en all wichteg Decisiounen dem Computer iwwerléisst. Alle computergeneréierten Onlineëmfroen no, gëtt de Moment de Kandidat Bentham favoriséiert. De Kandidat Bentham ass capabel virum Ëmsetze vu politesche Moossnamen Auswierkungen op d'Bierger a Biergerinnen auszerechnen an ze bestëmmen, ob si duerch déi Moossname méi oder manner zefridde ginn. Dem Bentham seng Supportere sinn dovun iwwerzeegt, datt hien d'Mënschen iwwer kuerz oder laang ganz aus der Politik wäert verdreiwen. Ëmmerhin huet e Computer keng Charakterfeeler, kennt keen Egoismus a léisst sech och net vun irrationale Gefiller a Meenunge beaflossen. Hie stellt deemno eng däitlech spierbar Verbesserung vis à vis vu mënschleche Politiker duer, sou datt et bis elo och kaum iwwerzeegend Géigenargumenter géint dës Entwécklung ze fanne sinn.

Ëm wat geet et an der Politik wierklech?

Bei dem Gesotenen handelt et sech natierlech ëm e Gedankenexperiment. Am Fong ass et e Gedankenexperiment, dat den Utilitarismus, eng ethesch Theorie, kritiséiert, wat eis awer elo net weider interesséiere muss. Ech denken, datt déi meescht Leit éischter vun der Virstellung erschreckt waren, datt e Computer iwwer eist Liewe bestëmme soll. Anersäits kann ee sech froen, ob dat wierklech esou schlëmm wier. Am Fliger vertrauen ech jo och engem Computer, a wann ech mäin Navi net hätt, hätt ech wahrscheinlech mol net hei an de Studio fonnt. Mir reegen eis jo och all nëmmen all ze gär iwwer d'Politiker op, mir kritiséieren hir Entscheedungen a verfalen deemno wéi souguer komplett an den Zynismus, respektiv eng Astellung déi seet: Ass dach souwisou nëmmen eidelt Geschwätz, wat déi maachen. Et bréngt mir dach souwisou näischt, fir do eppes ze soen.

Mee ëm wat geet et da wierklech bei der Politik a firwat soll mech dat interesséieren? De 14.Oktober d'lescht Joer gouf jo zu Lëtzebuerg gewielt an dono gouf dann och animéiert iwwer Wielerwëllen, Demokratie, Koalitiounen, Gewënner a Verléierer diskutéiert. Bei all dem Geschwätz iwwer Politik dierf ee sech froen, ëm wat geet et hei dann iwwerhaapt? Ass net wierklech alles just eidelt Geschwätz, wat déi maachen? Geet et hei ëm Muecht, politesch Programmer, d'Allgemenggut, Zesummeliewen oder souguer d'Wourecht?

Ënnerscheed tëschent Verwierklechung vu wëssenschaftlech-techneschen Ziler a politesch-soziale Projeten

Sou ass et jo iergendwou net ze verstoen, wéi Wëssenschaft an Technik enorm Fortschrëtter kënne fäerdeg bréngen, eis z. B. kënnen op de Mound bréngen, Medikamenter an Therapië kennen entwéckelen, fir Krankheeten ze heelen, déi d'Mënschheet schonn zanter Dausende vu Jore ploen. D'Wëssenschaft kritt Maschinnen a Computer entwéckelt, déi dem Mënsch ëmmer méi Aarbechten ofhuelen, en Auto fir eis fortzebeweegen, en Handy fir eist Wëssen a Kommunikatioun, eng Wäschmaschinn fir eis Wäsch, eng automatesch Keess fir eisen Akaf. Physiker hunn et fäerdeg bruecht, Atomer ze splécken a fannen ëmmer nei Méiglechkeete fir nei Energien ze generéieren. D'Fortschrëtter vun der Politik schéngen dogéint éischter mau, sou gëtt zanter Joerzéngten doriwwer diskutéiert, wéi den Impakt op d'Natur, deen duerch d'Benotzen vu grad deenen uewe genannten Techniken verursaacht gëtt, ka reduzéiert ginn. Wat soll z. B. mat dem Atommüll geschéien, wat maache mir mat engem potentiell geféierlechen Atomkraaftwierk zu Cattenom, dat bei engem Stéierfall wéi zu Fukushima oder Tschernobyl d'Enn vu Lëtzebuerg op dësem Territoire géif bedeiten?

Wéi kann et deemno sinn, datt Politiker zanter Joren a Joerzéngten iwwer gesellschaftlech a politesch Problemer wéi Aarmut, Krich an Ëmweltzerstéierung diskutéieren, ouni datt een hei vu gréisseren Erfolleger kéint schwätzen. Elo kann ee soen, datt d'Wëssenschaft zwar d'Verständnis vu Politik a Gesellschaft verbessert huet, och kann een dogéint soen, datt muechtvoll Interessegruppen an och vläicht d'Naivitéit vu verschiddene Léisungsusätz et schwiereg maachen, fir datt d'Politik konkret Léisungen erschafft. Och ass et keng Léisung, op eng mirakulös wëssenschaftlech Léisung fir all eis Problemer ze hoffen, wéi eng onendlech Energiequell, eng super Erfindung géint d'Äerderwiermung oder eng genetesch verännert Planz géint de Welthonger.

Éischter muss een unerkennen, datt wann et ëm Erfolleger geet, et en inevitabelen Ënnerscheed tëscht der Verwierklechung vu wëssenschaftlech techneschen Ziler a politesch-soziale Projete gëtt.

Hannah Arendt: Dräi Beräicher, an deenen de Mënsch kann aktiv sinn

D'Hannah Arendt, eng 1975 verstuerwe Philosophin, huet dëse Phenomen probéiert mam Ënnerscheeden tëschent Hierstellen an Handelen ze verstoen. Doriwwer eraus probéiert si awer och ze verstoen, wat dann iwwerhaapt e sënnvollt Liewen als Mënsch ass.

Dobäi kennt d'Hannah Arendt am Fong dräi Beräicher, wou de Mënsch a sengem Liewen aktiv ka sinn. Dës si schonn duerch d'Gebuert an den Doud vum Mënsch bedéngt, also de Fakt, datt mir all gebuer ginn an och all musse stierwen. Dee wichtegste Moment ass hei awer net den Doud, wéi bei aner Philosophen, mee d'Gebuert oder Natalitéit, wéi si seet, well heiraus ëmmer erëm Neies kann entstoen.

Wa mir dann awer bis do sinn, musse mir schaffe fir um Liewen ze bleiwen. D'Aarbecht ass dobäi kee Choix, mee eng Obligatioun, fir datt esouwuel de Mënsch, mee och d'Individuum kann iwwerliewen. D'Aarbecht ass deemno eng Noutwendegkeet, wou et virun allem drëm geet, no engem bestëmmte Schema ze fonctionnéieren. Gläichzäiteg verweist d'Aarbecht awer och op déi eegen Endlechkeet, also eis Vergänglechkeet.

Hierstellen

Fir awer der Angscht vun der eegener Vergänglechkeet ze begéinen, probéiert de Mënsch eppes ze erschaffen, eppes hierzestellen. Zum Beispill e schéint Doheem oder awer och Konscht. D'Arendt nennt dës Aktivitéit, mam Aristoteles, poetesch täteg sinn, well Poetik am griicheschen erschaffen heescht. Duerch d'Bauen, Erschaffen a Fabrizéiere schaffe mir eis eng kënschtlech Welt, an där mir kënnen a wëlle liewen. All Hierstellen huet awer ëmmer en Zil, eng Funktioun. Fir dës Ziler ze erreeche si Mënschen awer dacks nëmmen nach bedéngt néideg. Esou kann haut schonn eng Kënschtlech Intelligenz wéi den IBM Supercomputer Watson, Therapieméiglechkeeten unhand vun enger riseger Database identifizéieren, an den Dokter bei senger Aarbecht ënnerstëtzen oder vläicht iergendwann ersetzen. Kënschtlech Intelligenz ass an der Lag Konscht ze produzéieren, wéi e Computerdrock gewisen huet, dee sech Edmond de Belamy nennt a fir iwwer 400.000 Dollar vum Auktiounshaus Christie's versteet gouf. An dann ass do natierlech nach de Bus, deen elo dank KI eleng duerch de Pafendall fiert. Och bei industriellen Hierstellungsprozesser, wéi d'Verpake vu Liewensmëttel, gëtt de Mënsch lues awer sécher duerch Maschinnen ersat.

Ähnlech wéi am Gedankenexperiment uewe kann een och hei soen, datt wann et ëm d'Erreeche vu konkreten Ziler geet, dee sécherste Wee ass, de "mënschleche Faktor" esou wäit wéi méiglech ze reduzéieren. Wat dann och bei der Weiderentwécklung vun eisen Autoe besonnesch däitlech gëtt, well och hei intelligent Systemer eis ëmmer méi Aufgaben ofhuelen an d'Autoen doduerch méi sécher maachen. Gëtt Technik also dat neit Subjekt vun der Geschicht oder ass dat just Schwaarzmolerei?

Wann et ëm d'Hierstelle geet, hënnert de Mënsch deemno éischter a gëtt och ëmmer méi iwwerflësseg, oder wéi de Gunther Anders géif soen, de Mënsch ass antiquéiert.

Handelen

Dee leschten Domaine, wou de Mënsch dann nach sënnvoll kann aktiv sinn, ass dee vum mënschleche Mateneen. Den Ëmgang mat anere Mënsche kann zwar mol besser oder méi schlecht organiséiert sinn, mee ouni Reiwereie geet et ni. De Matenee fonctionnéiert ni einfach, wéi e Computer. Hei kann de Mënsch handelen, wierklech Mënsch sinn, ka seng Meenungen, Dreem, Wënsch a Virstellunge mat abréngen. Vill Pläng a Virstellungen, déi sech duerchkräizen a widderspriechen, sou datt keen d'Resultater vum Zesummen-Handele ka viraussoen. Keen erreecht genee dat, wat en am Fong wollt, alleguer sti si dono viru Resultater, déi si net virausgesinn hunn. Wann elo awer versicht gëtt, Gesellschaft duerchzeplangen, da fänkt dat nëmmen all ze gär domat un, datt als éischt emol probéiert gëtt, Elementer déi stéieren, auszeschléissen. Leider kann dat och bedeiten, datt als éischt mol probéiert gëtt d'Entscheedungs- an d'Wahlfräiheet ewechzehuelen. D'Hannah Arendt denkt dobäi natierlech un hir Erfarunge mam Nationalsozialismus. Mee och fir eis kann et interessant sinn, d'Ënnerscheedung vun de Begrëffer Handelen an Hierstellen ze notéieren. So sinn z. B. Gerechtegkeet a Fridden nobel Ziler, déi sech awer net einfach hierstelle loossen, mee déi am mateneen handele mussen ugestrieft ginn.

Fir awer op meng Fro vum Ufank zeréckzekommen, firwat Politik? Well hei kann an dierf gehandelt ginn oder zumindest muss hei net geschafft ginn. Nee am Eescht, d'Fro no deem, wat sënnvollt Liewen ass, déi am Fong am Mëttelpunkt vun der Arendt hirer Analys steet, a wéi mir dat am Matenee kennen definéieren, ass eng, déi mir bei all de Merveillë vun der moderner Welt nëmmen allze gär vergiessen. Wat et heescht als Mënsch sënnvoll täteg ze sinn, eng Fro, déi och den Aristoteles sech scho virun iwwer 2.000 Joer gestallt huet, ka reng politesch vläicht net beäntwert ginn, mee si dierf awer och hei ganz gär méi dacks gestallt ginn.