Radioen

On air

Notturno  |  Le Vibe - One Day (Radio Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flang, batsch, bumm - onomatopoetesch Interjektiounen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Flang, batsch, bumm - onomatopoetesch Interjektiounen

D'Linguistin Caroline Döhmer schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eppes iwwer Interjektiounen am Lëtzebuergeschen. D'Theema sinn dës Wierder: flang, batsch, bumm. A si wäert am Laf vun dëser Episod e puer witzeg Geräischer maachen, ganz passend fir de Radio-Medium.

auto_stories

3 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin beim Zentrum fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

Simon Larosche: Dat gëtt bestëmmt witzeg. A wat mécht déi Wierder dann esou kuriéis?

Caroline Döhmer: Interjektioune maachen d'Sprooch méi lieweg, se ginn enger Ausso méi emotionalen Ausdrock. Dofir si se an der geschwater Sprooch immens wichteg. An dann ass et och esou, datt déi Wierder, déi ech elo genannt hunn, also "flang, batsch, bumm" och Lautmolerei sinn, se sinn onomatopoetesch.

Ono-mato-poetesch. Dee Begrëff ass zwar komplizéiert.

Jo, du kanns och einfach "lautmoleresch" soen. Also dee Prinzip funktionéiert esou, datt de Laut, deen eng Aktioun mécht, verschrëftlecht gëtt. Stell der lo mol vir, du lëfts doheem an et ass Duerchzuch an op eemol flitt eng Dier zou. Wéi mécht déi kann?

An aus esou Lauter entstinn dann Interjektiounen. Déi hunn dann d'Geräisch als Startpunkt a kënnen dann deelweis an neie Kontexter agesat ginn. E Beispill fir e Geräisch wier: a flang hat en eng um Bak. Do kann ee sech richteg virstellen, wéi d'Hand um Bak lant a wéi dat kléngt.

Dës Interjektioune kommen dann awer och a Kontexter vir, déi net direkt e Geräisch sinn, mee eppes, wat op eemol geschitt, eng opfälleg Wendung an enger Erzielung: ... an zack hat et sech an hie verléift. D'Aktioun mécht net dat Geräisch, mee et gëtt eng gedanklech Änlechkeet zu enger Saach, déi séier geschitt, mat enger gewësser Kraaft. Metaphoresch souzesoen.

Ok, also mer hate bis elo "flang, batsch, bumm" an "zack". Wéi eng hues de nach op Lager?

"Boff" ass nach eng cool Interjektioun. Dat wier esou e gläichgültegt Blosen duerch d'Lëpsen, verschrëftlecht als "boff". ... oder den "mmm", dee jee no Tounhéichtverlaf eppes anescht heescht.

Wat war dat mat der Tounhéicht?

Ma, jee nodeem wéi ech den "mmm" a senger Melodie veränneren, kann en eppes aneres heeschen, dat geet da vun "ei, lecker: mmm" bis bei "ech si skeptesch: mmm".

Eng aner schéin Interjektioun ass "bä", wann eppes eekleg ass. Dat entsprécht och deem Geräisch, wat ee mécht, wann eppes net schmaacht, also d'Zong liicht no vir an e Laut vu ganz ënnen. Schéin ass dat och am Franséischen: beurk oder berk.

Dës Lauter kann een da mat Buschtawen erëmginn, d. h. se kënnen an der Sprooch verschrëftlecht ginn. Et ginn awer och Geräischer, déi een net gutt grafesch duerstelle kann: also sou e Kussi-Geräisch oder sou e Puups-Geräisch.

Sou wéi am Refrain vum Lidd "Kiss" vum Prince.

Jo, genee. Fir dat Puupsgeräisch hate mer eis zu puer eng Kéier Gedanke gemaach, mee all Kombinatioun vu "p,f,l" war ni richteg dat Geräisch, wat et eigentlech mécht. An deem Fall muss een am Geschriwwenen dann d'Aktivitéit mat engem Verb oder Substantiv ëmschreiwen an et kann ee keng schéin Interjektioun benotze wéi "flang" oder "batsch".

Da soe mer der merci fir d'Erklärungen zu den onomatopoeteschen Interjektiounen a freeën eis op d'nächst Woch!