Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Schlënner

Flouernimm

An der Schlënner

Fir eis Summerserie iwwer Lëtzebuerger Flouernimm wëllt de Claude Faber Iech haut e bëssen testen. Wéi gutt sinn Är Kenntnisser an der Lëtzebuerger Literatur? D'Fabel vum "Renert" dierft eigentlech jiddwerengem bekannt sinn, mee wësst Dir och, wou genee de Renert gewunnt huet?

auto_stories

4 min

Dem Michel Rodange säi wuel bekanntste Wierk ass de "Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst", 1872 fir d'éischte Kéier erauskomm. Eng Fabel, déi als dat gréisst a vläicht och wichtegst Wierk vun der Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert gëllt.

De Michel Rodange ass dobäi vum Goethe sengem Reineke Fuchs ausgaangen, huet awer seng Personnagë u Lëtzebuerg ugepasst, eis Landschaften, Dialekter, an och eis Geschicht mat agebaut a verschafft. A well hien dobäi och gären emol d'Leit an d'Kierch karikaturéiert, fir net ze soen, duerch den Dreck gezunn huet, gouf dem Michel Rodange seng Fabel eng laang Zäit verkannt a schliisslech och zenséiert. Verständlech, wann een déi sëllege pointéiert Verse liest a sech dobäi virun Aen hält, datt de "Renert" um Enn vum 19. Joerhonnert geschriwwe gouf.

De Renert

Komme mer elo awer zu der Fro, vum Renert sengem Doheem, déi eis dann och nees zeréck bei d'Flouernimm féiert. Wësst Dir nach, wou de Renert gewunnt huet? Hei en Extrait, deen et kloer an däitlech verréit:

"De Wollef war beim Kinnek
D'Fra Gormang war eleng
De Fuuss geet an hir Wunnecht
A fënnt doheem hir Kleng.

Wéi ass et dann, dir Krotten?
Sot Renert, wéi e koum
Wou ass dann iere Vueder
Wou ass séng uersche Moum?

Du spréngt aus engem Wénkel
Hir Mamm op Renert lass
De Fiissche musst entsprangen
Si huet sech nogeflass.

Om ale Schlass zu Schibreg
Do wutscht en duerch e Schaart
Si no - du blouf se steechen
Du laacht de Renert haart.

De Schallek mécht eng Kéier
Kënnt hannebäi erëm
Do deet en ër nach Schmot un
A laacht aus heller Stëmm.

A wéi en dat gestiicht hat
Du mécht en sech an d'Schlënner
Op d'Festonk no Malpaartes
Bei d'Fra a bei d'Gesënner."

Du mécht e sech an d'Schlënner! D'Schlënner ass am Fong eng Baach, déi sech vun Holztem bis op Schlënnermanescht haaptsächlech duerch Bëscher zitt, fir do bei Ënnerschlënner an d'Sauer ze fléissen. Dës Baach huet net nëmmen dem ganzen Dall säin Numm ginn, dofir steet jo och am "Renert", datt hie sech an d'Schlënner mécht, mee et gëtt och de Schlënnerbierg an natierlech d'Uertschaften Ënnerschlënner a Schlënnermanescht.

Uewerschlënner

Fréier gouf et och nach dat kleng Dierfchen Uewerschlënner. Mee do ass praktesch just nach de Flouernumm "Iewescht Schlënner" iwwereg bliwwen, well vum Dierfchen haut nëmmen nach zwee onbewunnten Haiser stinn, an eng Kapell, där hir Patréinerin déi helleg Kunigunde ass, an déi schonn an der Mëtt vum 19. Joerhonnert do gebaut gouf.

Op dëser Plaz, esou gëtt emol gesot, soll awer scho laang virun där Zäit eng Kapell gestanen hunn, an et sollen och ëmmer nees Stëmme vu Verstuerwenen aus der Géigend do ze héiere gewiescht sinn, déi duerch d'Pescht en ellenen Doud fonnt hunn. Wie weess! Vläicht sinn dës Stëmmen och haut nach do ze héieren.

D'Ëmgéigend vun der Sauer

Dem Renert säin Doheem ass also d'Schlënner. Fir genee ze sinn, d'Buerg Malpaartes an der Schlënner. Dës Buerg ass et ni ginn, mee dem Michel Rodange muss et an dësem Dall gutt gefall hunn, fir datt hien a sengem Wierk dem Fuuss seng Buerg dohi gestalt huet. De Michel Rodange huet och ni do an der Géigend gewunnt.

Mee hien huet d'Sauer awer gutt kannt, well hie laang als kantonale Piqueur ënner anerem och zu Wolz geschafft an net zulescht beim Bau vun der Eisebunnslinn laanscht d'Sauer, vun Ettelbréck bis op Wolz, matgeschafft huet.

Den etymologeschen Ursprong

Wat d'Wuert Schlënner u sech dann ugeet, si sech d'Ethimologen net ganz sécher. Mee et deit awer alles drop hin, datt Schlënner vum däitsche Wuert Schlinder ofstaamt, fir net ze soe Schlind oder Schlund. Schonn am Mëttelhéichdäitschen ass d'Wuert "slunt" gebraucht ginn, fir - ënner anerem - eng kleng, déif Ëffnung, oder eng kleng Schlucht ze bezeechnen. A wann ee sech déi fielseg, deelweis géi a mat vill Beem bewuessen Häng lénks a riets laanscht d'Schlënner richteg ukuckt, dann ergëtt dat alles och e Sënn.

Um Enn dann nach eng kleng, éischter neizäitlech Anekdot aus der Schlënner, déi wuel déi mannste wäerte kennen. Bei Ënnerschlënner, direkt un der Maarkebaach, gouf et am Ufank vum 20. Joerhonnert eng Stréihülsefabrik, an där ëmmerhi ronn 1.000 Hülse pro Dag op hirem Héichpunkt produzéiert goufen. Dës Hülse goufen ënner anerem an déi bekannte Schampesfabrick Mercier oder an d'Dikrecher Brauerei geliwwert, fir datt déi hir Fläsche fir den Transport besser verpake konnten. Dës Stréihülsefabrick huet awer aus privaten a wirtschaftleche Grënn schonn am Joer 1922 nees missen zoumaachen a gouf dann, net laang duerno, vun der Famill Van Werveke opkaaft, déi e grousst Weekendhaus draus gemaach hunn. An de Jong vun den neie Proprietäre war keen anere wéi de Lëtzebuerger Film- an Theateracteur Thierry Van Werveke, deen a senger Kandheet a Jugend an dësem Haus, an deemno och an der Schlënner, eng jett schéi Momenter erlieft huet.