Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Conclave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Clôche d'Or

Flouernimm

Clôche d'Or

Uechter d'ganzt Land ginn et eng jett Lieu-diten, Flouernimm, déi op eng geografesch Besonneschkeet, eng lokal Geschicht oder op soss e speziellt Evenement kënnen hiweisen. Vu wou dës Nimm hierkommen, ass dacks ville Leit net bekannt. An eiser Summerserie Flouernimm si mir op d'Sich nom Numm Clôche d'Or gaangen.

auto_stories

5 min

D'Cloche d'Or an der Stad ass hautdesdaags jidderengem bekannt. Schonn an den 1970er goufen an dëser grousser Aktivitéits- an Industriezon déi éischte Gebaier gebaut, an an de leschte fënnef Joer koumen nach eng jett Appartementshaiser derbäi, eng franséisch Schoul, e Stadion ... an den Tram fiert jo och geschwë bis op d'Cloche d'Or. Mee d'Fro, déi sech hei awer elo stellt, ass: Wéi kënnt dëse Flouer, dëse Streech vum Gaasperecher Quartier an der Stad u säin Numm "Cloche d'Or".

Gaasperech selwer gëtt schonn am Joer 1083 eng éischte Kéier ernimmt, an engem Grënnungsdokument vun der Abtei Almënster. Mee scho laang virun där Zäit hunn op dëser Plaz ëmmer nees Leit gewunnt a geschafft, an et war do och ëmmer vill Duerchgangsverkéier, net zulescht wéinst dem réimesche Kiem, den haitege Boulevard Raiffeisen, deen Tréier mat Arel verbonnen huet. Unzeechen vun engem Bauerenhaff aus der spéit-keltescher Zäit oder Iwwerreschter vu Villaen aus der Réimerzäit kënnen dat alles bezeien. De Flouernumm "Cloche d'Or" huet awer näischt mat Kelten oder Réimer ze dinn. Deemools gouf jo och nach kee Franséisch geschwat.

Auberge "Cloche d'Or"

Um Enn vum 17. Joerhonnert hunn allerdéngs dem franséische Kinnek Louis XIV, dem Sonnekinnek seng Zaldoten op der Clôche d'Or campéiert, fir d'Festung Lëtzebuerg ze bombardéieren an anzehuelen. Déi deemoleg spuenesch Besatzung huet am Juni 1684 kapituléiert, a wéi an den dräi Joren duerno d'Stater Festung, ënner der Leedung vum Vauban, nees op- an ausgebaut gouf, huet och de Sonnekinnek héchstperséinlech e puer Visitten op Lëtzebuerg gemaach. Nach haut gëtt et Plazen an der Stad, déi dorun erënneren, wéi zum Beispill de faarwege Wope vum Louis XIV iwwer der Entrée vun der Méchelskierch. Kéint et also sinn, datt de Flouernumm "Cloche d'Or" eppes mat dem Sonnekinnek a sengen Zaldoten ze dinn huet, déi do campéiert hunn? Ma nee. Leider och net!

Sprange mer dofir elo un d'Enn vum 19. Joerhonnert, wou déi lieweg Kräizung vun der Escher- an der deemoleger Beetebuerger Strooss, wéi vill Kräizungen uechter d'Land, wéinst deem villen Duerchgangsverkéier "Schaarfen Eck" genannt gouf. "Um Schaarfen Eck" huet do souguer eng Zäit e Café-Restaurant geheescht, deen am Joer 1908 vun der Famill Weber-Hebber geféiert gouf. Am Mee 1937 huet dunn den Hotelier Gehardus Marx eng weider, ganz modern Auberge mat Restaurant a Keelebunn "Um Schaarfen Eck" opgemaach. A séier huet et geheescht: "Eng giedlech Plaz fir um Wee an de Süden nach eng Halt ze maachen!" Wann Dir elo awer denkt, datt "giedlech" eppes mat Gold an der "Cloche d'Or" ze dinn huet, da muss ech Iech leider nach emol enttäuschen.

Ma eis Sich geet hei nawell op en Enn. De Gehardus Marx hat seng Auberge nämlech - ganz einfach - "Cloche d'Or" genannt. An och déi nächste Proprietären, déi nëmmen zwee Joer duerno de Betrib laang iwwerholl haten, si beim Numm Cloche d'Or bliwwen. An de 50er Jore koum och nach eng oppe Schwämm op dëser Plaz dobäi, déi - wéi soll et nees anescht sinn - ufanks och den Numm Cloche d'Or gedroen huet. A well den Hotel mat sengem schéine Park an déi oppe Schwämm all déi Jore gären a vill besicht waren, gouf de fréiere Flouernumm "Um Schaarfen Eck" lues awer sécher verdrängt. "Mir ginn op d'Cloche d'Or", huet et op eemol nëmmen nach geheescht. Haut ass vun deem alen Hotel a vun der oppener Schwämm leider just nach vereenzelt Mauerwierk ze gesinn, mee de Flouernumm hat sech esou fest etabléiert, datt e bis haut bliwwen ass a souguer déi grouss Aktivitéits- an Industriezon zu Gaasperech duerno benannt gouf.

Den Hotelier Gehardus Marx

Bleift dann um Enn just nach ze klären, wéi den Hotelier Gehardus Marx op d'Iddi koum, seng Auberge Cloche d'Or ze nennen. Leider gëtt et hei keen offiziellt Dokument oder Zäitzeien, fir dorop eng Äntwert ze ginn. Zwou Piste sinn awer derwäert hei ernimmt ze ginn. Déi eng huet mat Madeleinen ze dinn. Jo, genee déi Kichelcher, déi um Enn vum 18. Joerhonnert zu Commercy, heifir an der Lorraine, erfonnt goufen. Ëm 1840 goufen an engem Joer schonn iwwer 20.000 där Madeleinë produzéiert, an hunn deemno hire Wee och séier bis op Lëtzebuerg fonnt. A schonn deemools goufen dës Madeleinen a klenge Këschte verkaaft, wou eng gëlle Klack drop gemoolt war. "Les Madeleines de la Cloche d'Or" si se dofir och gäre genannt ginn.
Dës gëlle Klack huet dann nees eppes mat engem Kinnek ze dinn. De franséische Kinnek Stanilas war nämlech Parrain vun der grousser Klack vun der Kierch vu Commercy, déi eenzeg Klack, déi zu där Zäit net an eng Kanoun ëmgegoss gouf. Als kinneklecht Symbol huet déi gëlle Klack du seng Plaz op de Madeleineskëschte vu Commercy fonnt. Huet sech den Hotelier Gehardus Marx eventuell dorun inspiréiert fir säin Hotel Cloche d'Or ze nennen?

Fir eng zweet Pist bleiwe mer hei zu Lëtzebuerg. An der Stad gëtt et nämlech e kleng Passage, dee vun der Rue de la Boucherie aus, hanner den Nationalmusée bis an d'Rue Wiltheim féiert, an den Numm "Gëlle Klack" dréit. Dës Passage ass no engem vun den eelsten Haiser aus der Stad benannt. En Haus, dat um Enn vum 18. Joerhonnert engem Fabrikant vu Wolldecken, Molton a Flanell gehéiert huet, an de Keeser Joseph den Zweete beliwwert huet. De Geschäftsmann konnt säi Betrib deemno eng "keeserlech a kinneklech Manufaktur" nennen, a fir dëst och no baussen ze weisen, gouf dat kinneklecht Symbol vun enger "Gëlle Klack" vir op d'Fassade gemoolt. Zanterhier huet d'Haus am Volleksmond den Numm "Gëlle Klack" gedroen. Et war fir d'Stater Leit e Begrëff! Zemools well och an de Joren nom Molton- a Flanell-Betrib an dësem Gebai eng gutt besichten Auberge mam Numm "Gëlle Klack" geféiert gouf. Mee och hei bleift d'Fro leider opstoen, ob sech den Hotelier Gehardus Marx eventuell um Numm vun engem vun den eelsten Haiser aus der Stad inspiréiert huet fir säin Hotel grad Cloche d'Or ze nennen.

Fest steet allerdéngs um Enn, datt de Flouernumm Cloche d'Or an der Stad definitiv dësem Hotelier ze verdanken ass.