Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wemperhaart

Flouernimm

Wemperhaart

D'Wemperhaart ass en Numm, deen zwar all Lëtzebuerger kennt, mee héchstwarscheinlech net weess, wou en hierkënnt. Dobäi läit et direkt op der Hand, oder?

auto_stories

4 min

Haut ass d'Wemperhaart, fir genee ze sinn, eng Uertschaft vun der Wäiswampecher Gemeng, direkt un der Belscher Grenz. Wa mer d'Zäit e puer Joer zeréckdréien, an den Numm nach e bëssen auserneeplécken, da gëtt et awer séier däitlech, datt e Flouernumm dohannert stécht.

Den Ursprong

Op der Ferraris-Kaart vu 1778 ass op där Plaz, wou haut eng grouss Aktivitéitszon steet, just e Bësch mam Numm Wampacher Haard agedroen. E Bësch, deen et haut deelweis nach gëtt, an och fréier scho mat ville Weeër duerchkräizt war.

Dës Weeër hunn net nëmmen d'Dierfer Wilwerdang, Wäiswampech, Huldang a Moolschent direkt mateneen verbonnen, mee sinn och soss vu ville Leit benotzt ginn, fir vu St. Vith op Arel, oder och nach op dat Däitscht Dasburg ze kommen. Mee op der Kaart vu Lëtzebuerg vu 1778 sinn awer nach keng Haiser op der Wampacher Haard agezeechent.

Zeréck an dat 19. Joerhonnert

Et kann allerdéngs net vill méi laang dauert hunn, bis datt sech do eng Handvoll Leit niddergelooss hunn. Am Memorial Nr. 79 vum 24. November 1880 heescht et nämlech:

"Avis - Il résulte d'une déclaration reçue le 14 novembre par le bourgmestre de la commune de Weiswampach, que M. Albert Meyer, plafonneur à Weiswampach, né à Troisbaraques le 1er août 1859, fils d'un père étranger, a rempli les formalités prescrites par l'art. 9 du Code civil pour acquérir la qualité de luxembourgeois."

An dësem Avis ass mat "Troisbaraques" (Dreibaracken) déi haiteg Wemperhaart gemengt. Deemno mussen do spéitstens am Joer 1859 op d'mannst schonn dräi Haiser gestanen hunn. An et kann nawell ganz gutt sinn, datt, direkt an de Joren nom Klëppelkrich, dee jo 1798 do uewe vill Baueren zesummebruecht huet, déi vill besichte Weeër a Kräizungen am Bësch vun der Wampacher Haard, deen een oder anere gelackelt hu fir sech do nidderzeloossen.

De ville Schmuggel, deen zu där Zäit an dësem dach ëmstriddene Grenzgebitt bedriwwe gouf, kéint nawell nach eng aner Ursaach sinn, firwat do am Bësch déi éischt, vläicht verstoppte Baracke gebaut goufen. Dat ass awer elo sécherlech just eng Interpretatioun vu menger Säit.

Eng kleng Grupp vun Haiser

Wat awer sécher ass, ass, datt, e puer Joer méi spéit, am Wierderbuch vun der Lëtzebuerger Mondaart, dat 1906 eng éischte Kéier publizéiert gouf, d'Wemperhaart scho mat enger "Häusergruppe der Gemeinde Weiswampach" ëmschriwwe gëtt. Vun Troisbaraques oder Dreibaracken geet do schonn net méi rieds.

Haut zielt d'Duerf offiziell 18 Bierger, also net vill méi wéi deemools, mee et huet sech awer an de leschte Joren zu enger grousser Aktivitéitszon entwéckelt, déi méi wéi gutt besicht ass. Am Fong wéi deemools schonn.

D'Bedeitung vum Numm

Elo steet dann nach aus, wat den Numm "Wemperhaart" iwwerhaapt bedeit. Mee ... do brauche mer net laang sichen ze goen. E Wämper ass nämlech näischt anescht wéi en Awunner vu Wäiswampech, Uewer- oder Nidderwampech.

Den Numm Wampech oder Wampach ass da gemengerhand op d'Karolingerzäit zeréckzeféieren. D'Karolinger, eng Dynastie, där hire bekanntste Vertrieder jo de Karel de Groussen, de Charlemagne war, an um Enn vum néngte Joerhonnert hiren Héichpunkt hat. Esou fréimëttelalterlech, germanesch Uerts- a Flouernimm, déi mat -pach oder -bach ophalen, wéi Wampach, an domat och en Duerf bei enger Baach mengen, si ganz typesch aus dëser Zäit.

Et gëtt dann och ugeholl, datt d'Duerf Wäiswampech zu där Zäit entstanen ass. Op alle Fall fléisst haut nach d'Wemperbaach laanscht Wäiswampech, iwwer d'Holler-, Ross- a Maulusmillen, bis an d'Wolz.

Ënner "Haart" ass da gewéinlech e Bësch oder eng mat Bësch bewuessen Héicht ze verstoen. De Flouernumm "Haard", ob mat engem oder zwee a geschriwwen, mat d, t oder dt, ass och näischt Rares, an op ville Plazen uechter d'Land erëmzefannen: Zu Dippech, zu Lenneng, Manternach, oder och nach zu Reisduerf, fir der just e puer ze nennen.

Eng sëllegen Haart-Stroossen gëtt och, an en Haartbierg zu Waldbriedemes, en Haartebësch zu Betzder, eng Haartheck zu Weiler zum Tuerm, a souguer en alen Haardhaff bei Bäerdref. Alles Nimm, déi drop hiweisen, datt fréier, oder och haut nach, do e Bësch war, oder nach ëmmer ass.

D'Wemperhaart bei Wäiswampech: Vun enger Plaz am Bësch, an deem an där Zäit gären emol geschmuggelt gouf, bis zu enger grousser Aktivitéitszon, an där haut - wéi soll ech soen - och nach gäre gehandelt gëtt. Et schéngt, wéi wa sech an de ville Joren dertëschent net vill geännert hätt.