Radioen

On air

Notturno  |  Tom Skinner - The Journey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FNR-Award fir d'Linda Wampach

Fonds national de Recherche

FNR-Award fir d'Linda Wampach

Fir hir Fuerschung mat sougenannte Mikrobiomen huet d'Linda Wampach bei den FNR-Awards dëst Joer de Präis fir eng aussergewéinlech Dokteraarbecht gewonnen. Fir hir Aarbecht huet si ënnersicht, wéi sech Bakteeriekulture bei engem Neigebuerene Kand duerch d'Aart vun der Gebuert veränneren.

auto_stories

4 min

Ënner Mikrobiome versteet een d'Gesamtzuel vu Bakteerien, Viren a Mikroorganismen, déi op an an engem Mënsch liewen. An dat sinn der relativ vill, bei enger erwuessener Persoun kënnen dat bis zu zwee Kilo sinn, esou d'Mikrobiologin Linda Wampach. De gréissten Deel dovunner fënnt een am Daarm an déi Bakteerien a Vire wiere méi hëllefräich, wéi ee menge géif:

"Se si wichteg fir eisen Immunsystem ze trainéieren, se kënne verschidde Vitaminne fir eis maachen, déi mir da benotze kënnen, anerer baue Gëfter fir eis of a se hëllefe bei der Verdauung."

D'Linda Wampach huet fir hir Etüd, fir déi si den FNR-Award gewonnen huet, den Daarm-Mikrobiom bei Neigebuerenen direkt no der Gebuert ënnersicht. Am Bauch vun der Mamm huet e Kand nach guer keng Bakteerien a sech, soubal et dann awer gebuer ass, fänkt d'Besiidlung un, also den éischte Kontakt mat de Bakteerien.

Vaginal oder Keeserschnëtt: Et mécht en Ënnerscheed

An do géif et dovunner ofhänken, wéi d'Kand gebuer gëtt, seet d'Linda Wampach. Kënnt d'Kand vaginal op d'Welt, kritt dat Neigebuerent d'Bakteerië vun der Mamm mat, wann d'Kand awer per Keeserschnëtt gebuer ass, da kommen d'Bakteerië vun externe Facteuren hier, wéi zum Beispill duerch d'Loft.

Dozou goufen et scho virdrun Etüden, mee d'Linda Wampach ass nach méi an den Detail gaangen an huet sech gefrot, wéi esou e Mikrobiom generell bei der Gebuert ausgesäit.

"Ech hu mir a menger Doktorsaarbecht zesumme mat mengen Aarbechtskolleegen ugekuckt, wéi déi Zesummesetzung am Ufank entsteet a wéi sech déi iwwer d'Zäit verännert an ob mer och längerfristeg Ënnerscheeder bei der Zesummesetzung gesinn, op Grond dovunner wéi d'Kand gebuer ass. An do hu mer Ënnerscheeder gesinn. Kanner, déi vaginal op d'Welt kommen, déi hunn en anert Profil u Bakteerië wéi déi, déi per Keeserschnëtt gebuer sinn. An dat geet esou wäit, datt Bakteerien, déi e vaginal gebuerent Kand kritt, bei de Keeserschnëtt-Kanner feelen. Dat sinn awer Bakterien, déi eigentlech gutt sinn an den Immunsystem stäerken."

Dat géif awer elo net heeschen, datt déi Kanner net gesond wieren, oder datt et drëms goe géif, de Keeserschnëtt ze verdäiwelen, seet nach d'Linda Wampach. Mee et géif éischter drëms ze kucken, wéi ee mat dëser Informatioun elo ëmgeet, grad well de Keeserschnëtt hei zu Lëtzebuerg an och a soss ville Länner ëmmer méi populär gëtt.

"Wa mer elo eréischt esou spéit matkréien, datt dat e groussen Afloss op de Mikrobiom huet, da wësse mer net esou richteg, wéi mer an Zukunft domadder ëmgoe kënnen. Et goufen elo och scho verschidde Studien, déi experimentell probéiert hunn, de Mikrobiom vu Kanner, déi per Keeserschnëtt gebuer sinn, op den Niveau vun deene Kanner ze bréngen, déi per vaginaler Gebuert op d'Welt komm sinn. Menger Meenung no waren déi awer nach net ganz ausgeräift. Mee dat ass awer d'Grondiddi: de Keeserschnëtt-Kanner e Mikrobiom ginn, deen hinnen hëlleft."

An do geet et elo drëms, déi verschidden Theorien z'ënnersichen an auszeprobéieren, fir datt de Mikrobiom bei engem Keeserschnëtt-Kand d'selwecht reagéiert an den Immunschutz schonn an den éischten Deeg gestäerkt gëtt. Donieft missten och déi laangfristeg Konsequenze besser ageschätzt kënne ginn. Et ginn Etüden déi soen, datt Kanner, déi duerch Keeserschnëtt gebuer goufen, ee méi héije Risiko hunn, spéider Allergië wéi Asthma ze kréien. Datt dat awer elo zesummenhänkt, kéint een net esou einfach soen, esou d'Linda Wampach, do misst weider gefuerscht ginn.

De Kierper léiert mat Mikroben ëmzegoen

Duerch de Mikrobiom, deen een no der Gebuert kritt, léiert de Kierper mat Bakterien ëmzegoen, seet d'Mikrobiologin: wéi eng si gutt a wéi eng si schlecht fir mech. E Prozess, dee sech an den éischte sechs Méint vum Kand ofspillt. Wann et an der Zäit Ënnerscheeder géif ginn, da wier déi grouss Fro, wat längerfristeg duerch dee Manktem geschitt.

2011 huet d'Linda Wampach mat der éischter Phas vun der Etüd ugefaangen, deemools nach als Masterstudentin op der Universitéit Lëtzebuerg. Do goufen da Stullprouwe vu 16 Kanner geholl fir festzeleeën, wéi eng Bakterien a Viren d'Kanner no der Gebuert a sech droen. Als Doktorantin ass d'Mikrobiologin weidergefuer a bei der zweeter Phas, déi 2016 ugefaangen huet, goufen da 16 Kanner a Mamme getest.

"D'Mamm ass an d'Spidol komm a virum Accouchement hu mer eng Stullprouf geholl a vum Kand dann no der Gebuert. Dat ass dann a flëssege Stéckstoff geluecht gi fir de Mikrobiom ze erhalen. Am Labo hu mer da verschidde Protokoller duerchgeféiert fir dann do d'Bakterien-DNA erauszezéien. Dono war et dann d'Aufgab aus deenen Date Sënn ze maachen."

Et war awer net ëmmer esou einfach Mammen ze fannen, déi matmaache wollten, donieft gouf et Problemer beim Finanzement, dofir gouf op eemol gestoppt. Duerch eng Spend vun der André et Henriette Losch-Fondatioun konnt een awer mat der Etüd weiderfueren.