Radioen

On air

Notturno  |  Birdbones - Every Single One Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nächsteléift an enger global politescher Dimensioun

Fratelli Tutti

Nächsteléift an enger global politescher Dimensioun

Déi nei Sozialenzyklika "Fratelli Tutti" riicht sech net just u Gleeweger, mee un déi ganz Mënschheet. Esou gesäit de Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich dem Poopst säin neie Bréif, deen de 4. Oktober publizéiert gouf an an deem d'Geschwësterlechkeet am Mëttelpunkt steet. Am Gespréich mam Maxi Pesch erkläert de Kardinol, datt "Fratelli Tutti" och u Frae geriicht wier, an datt déi politesch Messagen hei op der richteger Plaz wieren.

auto_stories

3 min

Enzyklika, esou nennt een dem Poopst säi Bréif, deen eigentlech un déi ganz kathoulesch Kierch geriicht ass. Mee verschidden Enzyklike riichte sech un alleguer d'Mënschen. Dat ass de Fall fir dem Poopst François säin drëtte soziale Bréif vu sengem Pontifikat mam Titel "Fratelli Tutti", op Däitsch "Geschwisterlichkeit".

De Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich seet, datt et schonn eng Traditioun wier, wéi zum Beispill déi berüümt Enzyklika vum Johannes den 23. iwwer de Fridden a géint Nuklearwaffen. Déi wier schonn zu där Zäit un déi ganz Mënschheet geriicht gewiescht.

Ass "Fratelli Tutti" net inklusiv?

Am Virfeld scho gouf den Titel "Fratelli Tutti" staark kritiséiert. Wuertwiertlech vum italieeneschen iwwersat heescht en nämlech "Alleguer d'Bridder". Deemno wier den Titel net inklusiv, esou d'Kritik, déi de Jean-Claude Hollerich net gëlle léist. Den Titel géif nämlech op e Bréif vum hellege Franz von Assisi zeréckgoen un d'Bridder vu sengem Uerder, also d'Franziskaner.

Fir de Jean-Claude Hollerich ass et selbstverständlech, "datt eng Fra net manner ass wéi e Mann." Hie schléisst dorausser, datt eng Fra och net manner verdéngen, oder manner berufflech Méiglechkeete kann hu wéi e Mann.

Bei de knapp 300 Foussnotte gëtt keng eenzeg Fra zitéiert. De Kardinol Hollerich hofft, datt dat sech elo geschwënn ännere wäert. Et géife vill Fraen an der kathoulescher Kierch ginn, déi schreiwen a publizéieren. Et wier also just eng Fro vun der Zäit, bis datt och Fraen zitéiert ginn.

Gerechtegkeet a Solidaritéit

Am Poopst senger Enzyklika steet d'Gerechtegkeet an d'Solidaritéit am Mëttelpunkt. Nëmmen doduerch, datt d'Mënsche sech vum Egoismus ofwenden, kéint een d'Erausfuerderunge wéi déi sozial Ongerechtegkeeten iwwerstoen, heescht et am Bréif.

Ongerechtegkeete bannent der Kierch, wéi zum Beispill d'Roll vun der Fra oder de sexuelle Mëssbrauch u Fraen, ginn iwwerhaapt net a "Fratelli Tutti" thematiséiert. Den Äerzbëschof mengt, datt wann de Poopst grouss Entscheedunge géif huelen, datt dat zu enger Spaltung an der Kierch kéint féieren. "Ech mengen net, datt hien déi Theemen nach eng Kéier géif opbréngen."

Politesch Messagen

D'Nächsteléift géif hei op eng global politesch Dimensioun gehuewe ginn, esou de Kardinol. A wann ee vum Allgemengwuel géif schwätzen, da kéim een net laanscht d'Politik, erkläert de Jean-Claude Hollerich. Zum Beispill verurteelt de Poopst all Zort vu Krich an ass géint d'Oprëschten als Mëttel vun der Politik. De Kardinol ass der Meenung, datt déi politesch Dimensioun gutt an dëst peepstlecht Schreiwes passt.

Déi kathoulesch Sozialléier géif sech dem Bien commun verflichten, mee dat kéint een net op den eegene Grupp beschränken.

"Dat geet och net um Niveau vun engem Land: ech setze mech elo an, datt et de Lëtzebuerger gutt geet, an de Rescht ass mir egal. Oder am Land ze soen: ech kucken elo, datt et deenen, déi wiele ginn, gutt geet, an de Rescht vun de Leit ass mer gal. Dat geet net."

Et wier kloer net um Poopst fir e Wirtschaftssystem opzeriichten, seet de Kardinol. Mee hei géif de François weisen, datt een neoliberal Wirtschaftssystem ouni Limitte jiddwerengem géif Schueden, souguer deenen, déi kuerzfristeg doduerch räich ginn, esou de Jean-Claude Hollerich.