Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Freelance-Kächin? Dat geet

Bléck an d'Kichen

Freelance-Kächin? Dat geet

D’Isabelle Weisen huet eis mat an d'Kiche geholl. Si ass eng jonk Kächin, déi sech dëst Joer selbststänneg gemaach huet. Wéi schwiereg ass et, zu Lëtzebuerg an deem Beruff ze schaffen a wou studéiert een dat iwwerhaapt?

auto_stories

5 min

Isabelle Weisen. Foto: Emile Hengen

D'Zwibbele gi geschnidden, Ingwer a Knuewelek kleng gemaach. Beim Isabelle Weisen steet Dal um Programm, en indesche Plat aus Lënsen a ville Gewürzer. Déi jonk Fra ass geléiert Kächin an huet sech viru kuerzem selbststänneg gemaach.

D'Liewen als Kächin wier net einfach, erzielt si. "Als Kach ginn deng Aarbechtskollegen zu enger zweeter Famill, well ee vill mat hinnen zesummen ass, a soss net méi vill Fräizäit huet." Zemools mat den Aarbechtszäite géife vill nei Käch am Ufank net eens ginn. De Kierper wier dacks midd an direkt aschlofe kéint een no engem ustrengende Schaffdag net, betount déi jonk Fra."Owes ass ee voll um Adrenalintrip an do kënnt een net esou séier erof." D'Nuechte wiere kuerz an de Kierper midd. Op de fräien Deeg géif ee just schlofen. "D'Liewen ass net immens passionant"

"Net méi verstoppt an der Kiche stoen"

Dat war ee vun de Grënn, firwat déi jonk Fra decidéiert hat fir sech selbstänneg ze maachen. Si wollt och emol erëm Zäit fir sech selwer ze hunn, esou déi jonk Kächin. Fir d’Isabelle Weisen gouf et awer och nach en anere Grond, als Freelancerin ze schaffen. Si hat keng Loscht méi fir verstoppt an enger Kichen ze stoen, "an engem Sous-sol, wou keng Luucht ass." Och d'Horairen hätte si belaascht. "An et ass ee Beruff, bei deem een net vill zeréck kritt, well een de Client net gesäit." Hir war de Beruff als Employée net méi perséinlech genuch a si wollt net méi "wéi eng Maschinn" schaffen.

Am Juni dëst Joer huet d’Isabelle Weisen opgehalen, als festugestallte Kächin ze schaffen an huet kuerz drop hiren eegene Kachservice gegrënnt. Ëm d’Ingrediente këmmert d’Isabelle Weisen sech selwer – wa méiglech saisonal, lokal a Bio. Den Ament wier et interessant, ouni Routine ze schaffen. All Dag géif eng nei Erausfuerderung op si waarden, erzielt d'Isabelle Weisen. Si schafft mat verschiddene Restauranten zesummen a Weekends organiséiert si Evenementer bei Leit doheem.

"Ech si flexibel"

Zesumme gëtt dann decidéiert, wat op den Dësch kënnt. Am Ufank telefonéiert d’Isabelle Weisen mat hire Clienten a kuckt, wéi eng Iddië si hunn a wéi ee Stil hinne gefält. Si muss och d'Kiche gesinn, fir ze wësse wat si ka maachen. "Dat ass och ëmmer een Challenge." An engem zweete Schrack proposéiert si dräi Entréeën, Platen an Desserten an d'Leit kënne sech doraus eppes eraus sichen, "mee ech si flexibel."

Fir wéi eng Evenementer d’Leit eng fräiberufflech Kächin wëllen astellen, géif variéieren: Vu Kommuniounen, iwwer Familljeniessen an Treffe mat Frënn wier alles derbäi. Vill Leit géifen net vun hirem Doheem profitéieren, well si vill géife schaffen an eraus iesse goen, mengt d'Isabelle Weisen. "Et ass schéin, wann een dann och emol erëm kann doheem sinn." Virun allem, wann een d'Aarbecht da vun der Freelance-Kächin ofgeholl kréich.

Fir den Ament ass de Kachservice nach ganz nei an si géif dowéinst manner verdénge wéi virdrun als festugestallte Kächin, erzielt d'Isabelle Weisen. Zum Schluss vum Joer géif allerdéngs scho ganz vill Aarbecht op si duerkommen.

Ausbildung am "Institut Paul Bocuse"

D’Isabelle Weisen ass zu Esch am Jongelycée an d’Schoul gaangen. Vu klengem un hätt si allerdéngs gewosst, datt si wéilt Kächin ginn an an der Restauratioun schaffen. Trotzdem wollt si eng Première an der Täsch hunn, falls si sech dann iergendwann awer anescht géing decidéieren. Nom Premièresexamen huet d’Isabelle Weisen no enger Schoul gesicht an ass dunn op den "Institut Paul Bocuse" zu Lyon gestouss. Dat hätt gutt gepasst, well si nieft der Ausbildung zur Kächin och nach Management hätt kënne studéieren.

Fir an dës Privatschoul eranzekommen, huet si eng Rei Tester misse maachen. Si huet missen en Dossier eraschécken, gouf an en Interview geruff an huet missen e psychologeschen Test maachen. Et wier eng schwéier Schoul, dofir misst ee sech bewosst sinn, wat op een duer kéim. D’Isabelle Weisen huet 2008 mam Studium ugefaangen. Gedauert huet dësen dräi Joer. E Stage vun zéng Méint ass am "Institut Paul Bocuse" obligatoresch. Dat fir datt een direkt mam Beruff vum Kach konfrontéiert gëtt a léiert, wéi den Alldag als Kach ausgesäit.

Wousst déi jonk Kächin, wat op si géif duerkommen? "Ech hat geduecht ech wousst et, mee am Fong net", laacht d'isabelle Weisen. D'Ausbildung wier intensiv gewiescht, "mee no zwee Joer hat ech mech doru gewinnt." D’Isabelle Weisen huet elo e Bachelor professionnel an der Restauratioun. Datt si virun der Ausbildung nach keng Erfarung an der Restauratioun hat, gesäit si als Virdeel. Esou konnt si d'Basis vun Ufank u korrekt léieren.

Inspiratioun duerch d'Reesen

D'Isabelle Weisen kacht gäre klassesch Saachen, well si dat geléiert huet. Mee och well dat ville Leit géif gefalen. Donieft kacht déi jonk Fra awer och ganz gären asiatesch. Inspiratioun huet si an Asie selwer fonnt. Virun zwee Joer hat si decidéiert, de Rucksak ze paken an fir sechs Méint fortzegoen, an Neuseeland, Australien – an zum Schluss an Asien. "Do wollt ech vu Land zu Land reesen, fir mech un der Kichen z'inspiréieren." Besonnesch Vietnam, Thailand an de Laos wieren eng grouss Inspiratioun gewiescht, erzielt d'Isabelle Weisen."Well ech och gäre Street Food iessen an de Leit op der Strooss nokucken. Dat si Saachen, déi et bei eis net ginn, mee ech fannen et super passionant."

D'Freelance-Kächin huet probéiert, esou vill wéi méiglech ze testen an ze schmaachen. Op hirer Rees huet si och mat verschiddene Käch geschwat an Iddien ausgetosch. Dat wier net esou einfach gewiescht – wéinst der Sprooch a well et schwéier wier, un d'Leit erun ze kommen. "Ech si vill op de Maart gaangen, dat war mäi klengt Ritual, iwwerall wou ech war." Do hätt si alles geschmaacht a probéiert erauszefannen, wat dat alles wier. Si hätt nämlech vill Saachen entdeckt, déi si virdrun net kannt hätt.

Fir den Ament huet d'Isabelle Weisen awer net vir, fir ganz vu Lëtzebuerg fort ze goen. Hiert d’Zil ass et fir iergendwann en eegene Restaurant opzemaachen.