Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussball, d'Shoah an de Max Gold

Zäithistoriker

Fussball, d'Shoah an de Max Gold

Haut geet d'Fussball-Weltmeeschterschaft a Russland un an e Sonndeg gëtt zu Lëtzebuerg en nationaalt Monument ageweit, dat un d'Affer vun der Shoah erënnert. Wat de Fussball mat der Shoah verbënnt, weist den Zäithistoriker Denis Scuto a senger Chronik

auto_stories

8 min

Denis Scuto

Erlaabt mer iech haut eng Fussballgeschicht ze erzielen:

Mäi Bop, den Hoscheids Jemp, war Golkipp an der Jeunesse an an der Lëtzebuerger Nationalequipe an den 1930er Joren an nom Krich Trainer bei ville Veräiner am Land. Hien huet mech als Kand mam Fussballféiwer infizéiert. Vill Geschichten huet e mer am Laf vun der Zäit erzielt. Eng Rei hu mech impressionnéiert. Zum Beispill dass d'Jeunesse Esch no der Saison 1938/1939 eng Rees a Litauen an a Polen gemaach huet. Also just virum Ufank vum Zweete Weltkrich grad a Polen. Si ware mat Zäit erëm, tragesch war d'Rees trotzdeem, well ee jonke Spiller vun 21 Joer, den Adelio Mastrangelo, de 7. Juni 1939 zu Kaunas an engem Floss erdronk ass. Vun sengem Dout huet mäi Bop mer verzielt, seng Geschicht steet an den offizielle Fussballchroniken, mee näischt iwwer dee Sportsmann, deen d'Rees a Polen a Litauen organiséiert huet.

Max Gold

Hien huet Max Gold geheescht a war 1938/1939 den Trainer vun der Jeunesse. Vun him hunn ech bis viru kuerzem just de Familljennumm kannt. Den Numm Gold steet an der Lëscht vun de Jeunesse-Trainer an de Veräinsbroschüren. Dank de Recherchen vum Wolfgang Schmitt-Kölzer zur Zwangsaarbecht un der " Reichsautobahn " bei Wittlich am Krich weess ech dass dee Max Gold ee vun de 54 jüddeschen Zwangsaarbechter aus Lëtzebuerg war, déi 1941 ënner onmënschleche Bedingungen un de " Straßen des Führers " hu misse bauen.

Dës Entdeckung ass eng vun de villen Iwwerraschungen déi ech erliewen, zënter dass de Serge Hoffmann an engem oppene Bréif 2012 d'Fro vun der Verantwortung vun de Lëtzebuerger Autoritéiten an der Juddeverfolgung wärend der däitscher Occupatioun opgeworf huet an de Ben Fayot doraus eng Question parlementaire gemaach huet. A fir mech stellt sech ëmmer nees d'Fro : Firwat gouf dat alles vergiess oder verdrängt? Ech wéilt dat hei länger, um Beispill vum Max Gold, an, ganz kuerz, vun dräi weideren jüddeschen Traineren illustréieren, déi de Fussball zu Lëtzebuerg beaflosst a matgestalt hunn a vun den Nazien verfollegt mee nom Krich och vun de Lëtzebuerger Autoritéiten diskriminéiert goufen.

Iert de Max Gold am September 1938 Trainer an der Jeunesse gouf an iert e vun den Nazien aus sengem Heemechtsland Eisterräich verdriwwe gouf, war de Max Gold ee Star vum jüddesche Fussball-Club Hakoah Wien, gouf éisträichesche Meeschter 1924/25, e Fussballprofi deen dono Karriär a Fussballveräiner zu New York gemaach huet, iert en Trainer gouf, e. a. vun der polnescher a litauescher Fussballnationalequipe. Esou erkläert sech also d'Rees vun der Jeunesse a Polen an a Litauen am Juni 1939.

1940, no der Aféierung vun den antisemitesche Gesetzer duerch d'Nazien zu Lëtzebuerg, huet de Max Gold net méi dierfen Trainer sinn - hien hat 1939/1940 nach Mansfeldia Clausen trainéiert wärend d'Jeunesse ouni hien déi Saison ofsteigt. De Max Gold, seng litauesch Fra Kreine, seng Duechter Erika, déi de 17. August 1940 zu Lëtzebuerg op d'Welt koum, an seng Schwéiesch Elka ginn dono vun der jüddescher Hëllefsorganisatioun ESRA ënnerstëtzt.Vu September bis Oktober 1941 ass en am "Reichsautobahn"-Lager Greimerath internéiert. Dono gëtt e vun den Nazie gezwongen d'Baracken fir d'Sammellager zu Fünfbrunnen matzebauen an de Juddestär ze droen. D'Famill Gold sollt mam Convoi vum 23. Abrëll 1942 an de Ghetto Izbica deportéiert ginn. Mat der Hëllef vu Passeuren aus der Resistenzgrupp ronderëm den Eugène Thomé an de René Künsch geléngt et hinnen just virdrun duerch de Bësch iwwer Rodange an Athus an d'Belsch ze flüchten, wou se sech bis zur Befreiung an der Clandestinitéit duerchkämpfen an iwwerliewen.

Famill Gold gëtt opgefuerdert d'Land ze verloossen

Am Abrëll 1945 freet d'Famill Gold fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. Mee en antisemitesche Brigadier vun der Sûreté an der Friemepolizei sprécht sech dogéint aus. Si wieren aarm an zu näischt ze gebrauchen an der Rekonstruktioun vum Land. Si kéinten jo elo an hir Heemecht zeréckgoen. En aneren, net manner antisemitesche Rapport vun engem weidere Sûretésmann seet et wier dësem Judd net ze trauen, et wier e Ligener. De Gold, deen am Juni 1945 mat senger Famill an d'Land zeréckkomm war, gëtt am Oktober 1945 opgefuerdert d'Land ze verloossen. Hie schreift un de Parquet an erënnert drun dass en am Krich persecutéiert gouf an der Deportatioun just entkomm ass. De Generalsekretär vum Intergovernmental Committee on Refugees weist an engem Bréif un de Lëtzebuerger Konsul zu London, den 28. Mee 1946, dorops hin, dass d'Behandlung vum Gold géint de Prinzip verstéisst dass déi Auslänner déi virum Krich zu Lëtzebuerg gelieft hunn och dohinner dierfen zeréckkommen, ëmsou méi wann et sech ëm e "réfugié de terreur nazie" handelt.

Sûreté gëtt aktiv

Mee mëttlerweil huet d'Sûreté en Dossier géint de Gold montéiert a stellt hien als Schwaarzhändler duer, opgrond vun anonymmen Denonciatiounen, ouni awer Beweiser dofir kënnen ze liwweren. De Parquet an de Justizminister Bodson follegen den Avisen vun der Sûreté a vu Polizisten déi soen et wiere genuch jonk Fussballtrainer am Land fir dem Gold säi Posten auszeüben. De 6. September 1946 gëtt de Max Gold mat senger Famill expulséiert. Hie mécht sech dono en Numm als Fussballmanager, dee fir Profiveräiner international Tournéeën organiséiert. Hie stierft op eng tragesch Aart a Weis 1961 wärend enger Tournée déi en fir den F. C. Malmö am Iran organiséiert hat, wéi en zu Teheran an engem Hotel an e Liftschacht fällt. Den S. C. Hakoah Wien gedenkt an enger Doudesannonce "des vor 1938 bekannten und international berühmten Fußballers der Hakoah, Max Gold".

E weidere Star vum Hakoah, de Kapitän vun der Meeschterequipe vun 1925, de Moses Häusler, zu Lëtzebuerg Häuslesch Max genannt, gouf souguer e Star zu Diddeleng, als Trainer vun der Stade. Hie koum 1936, no senger Fussballkarriär beim Hakoah an zu New York, op Diddeleng an huet vun 1938 bis 1940 a vun 1945 bis 1950 sechs Mol mat der Stade de Champion gefeiert an dräimol d'Coupe gewonnen. "Der Erfolgstrainer der Stade" ass den Titel vum Kapitel vum Historiker Lucien Blau iwwert de Max Häusler am Buch iwwer 100 Joer Football zu Diddeleng.

Flucht an d'Schwäiz an Internéierung

Mee och hien ass am Nokrichslëtzebuerg schlussendlech net méi wëllkomm. Nodeems en am Krich a Frankräich fir d'éischt an d'polnesch Arméi gestach gouf - hien hat déi polnesch Nationalitéit well en a Galizien gebuer war - an dunn Zwangsaarbecht huet misse verriichten, konnt en der Deportatioun doduerch entkommen, datt en an d'Schwäiz geflücht ass, wou en nees internéiert gouf. Och vun do ass en um Enn vum Krich op Paräis geflücht a dunn zeréck op Lëtzebuerg. Wéi beim Max Gold enquêtéiert d'Sûreté géint den Häusler well en an der Schwäiz wéinst Handel mat Rationéierungsbongen condamnéiert gouf. Den Häusler gëtt am Mäerz 1950 wéinst Handel mat D-Marken veruerteelt, mee am Januar 1951 an Appell fräigesprach. De Max Häusler war awer dee Moment schonn net méi zu Lëtzebuerg. Hien huet am Februar 1950 dat gemaach wat de Brigadier vun der Sûreté schonns am Dezember 1946 gefuerdert huet, nämlech datt dëse Flüchtling gefällegst nees zeréck an säin Heemechtsland soll goen. Nach 1983 kräischt de Birtze Néckel, Buergermeeschter vun Diddeleng a Spiller ënnert dem Häusler, him no an der Broschür zum 70. Anniversaire : " Le F. C. Le Stade n'est plus le F. C. Le Stade des glorieux temps d'un Max Häusler ".

Hugo Fenichel

Den Hugo Fenichel war en ungaresche Fussballspiller deen virum Horthy sengem antisemitesche Regimm Ufank den 1920er Joer geflücht ass an als Trainer der Red Boys vun Déifferdeng 1927 an 1929 zum Gewënn vun zwou Coupes de Luxembourg verhollef huet. Hie gouf dono Trainer vun der Union a vun däitsche, franséische a belsche Veräiner. 1941 gouf hien an der Belsch verhaft a vu Breendonk an d'KZ Neuengamme deportéiert. Am Juni 1942 gouf den Hugo Fenichel an der sougenannter " Landes-Heil- und Pflegeanstalt Bernburg " vergaast.

Willy Kissinger

De Willy Kissinger, an den 1920er Joren bekannte Stiermer vun Eintracht Frankfurt, ass 1933 aus Nazidäitschland geflücht a gouf vun 1933 bis 1936 als Spillertrainer dräimol Meeschter mat der Spora. Als sougenannte "Mischling" huet hien sengem eegene Courage ze verdanken, datt en net vu Lëtzebuerg aus deportéiert gouf, méi präzis sengem bürokratesche Kampf an de Joren 1942 an 1943 géint déi däitsch Zivilverwaltung zu Lëtzebuerg, d'Gauamtsleitung zu Koblenz an d'Rassenpolitisches Amt zu Berlin, fir net als Judd no de Nürnberger Gesetzer aklasséiert ze ginn.

Vun 1933 bis 1951 haten alleguerten d'Lëtzebuerger Championsequipen däitsch oder éisterräichesch Trainer. 9 Championstitelen goufen virun an nom Krich ënnert der Regie vun zwee jüddesche Flüchtlingen, dem Willy Kissinger an dem Moses Häusler, erreecht. Dëst an d'Präsenz am grousse Ganzen vu ville Judden am Lëtzebuerger Fussball aus där Zäit - d'Nimm vun Nussbaum, Bonem, Brahms, Lewin a Juda siefen hei stellvertriedend ernimmt - ënnersträichen datt d'Judden zu Lëtzebuerg wéi a ganz Europa de Fussball matgepräägt hunn an anengems den enorme Verloscht, deen d'Shoah och fir déi europäesch Fussballkultur bedeit huet.

Lëtzebuergesch Autoritéite féieren auslännerfeindlech an antisemitesch Politik virun

D'Geschicht vum Max Gold a vum Moses Häusler weist awer och, an dat ass fir mech anengems iwwerraschend an erschreckend, datt Lëtzebuerger Autoritéiten, an dësem Fall d'Sûreté an d'Friemepolizei hir auslännerfeindlech an deelweis antisemitesch Politik géintiwwer Flüchtlingen vu virum Krich nom Krich weiderféieren a souguer nach verschäerfen. An dass souwuel de Parquet wéi de Justizminister dës Politik cautionnéieren am Numm vun enger nationalistescher Haltung, déi sech nom Krich zu Lëtzebuerg och weider verschäerft.

Dës kleng Fussballgeschicht wollt ech iech haut verzielen, um Dag wou eng WM ugeet, fir e bësse géint d'Vergiessen an d'Verdrängen am Ëmgang mat der Vergaangenheet virzegoen a fir ze begréissen, datt och zu Lëtzebuerg, endlech, dëse Weekend en nationaalt Monument ageweit gëtt, dat eis all net nëmmen un d'Persecutioun, d'Leiden vun an de Mord un de Judden, déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn, soll erënneren mee och un hire wäertvolle Bäitrag bei der Gestaltung vun der Lëtzebuerger Gesellschaft a Kultur. Dofir stellvertriedend fir Dausenden Anerer: Merci Hugo! Merci Willy! Merci Moses! Merci Max!