Radioen

On air

Notturno  |  David Sylvian - Orpheus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fussball géint de Genozid

Ruanda

Fussball géint de Genozid

Jonk Leit fërderen an hinne wichteg Valeure vermëttelen: Dat ass d'Zil vu ville Projeten an der ruandescher Haaptstad Kigali. Nom Genozid vun Hutue géint Tutsien 1994 ass de klenge Staat an Ostafrika am Gaangen no vir ze kucken an d'Vergaangenheet hannert sech ze loossen. Vill Projete setzen op Fussball fir déi Jonk Generatiounen z'ënnerstëtzen.

auto_stories

4 min

Samschdes Mueres zu Kicukiro, een Distrikt zu Kigali am Ruanda: Am Haff vun enger Informatikschoul goufen Holzspéin um Buedem verdeelt. D'Fussballfeld ass prett. Op där enger Säit spillen Teenager ee Match. Op där anerer Säit léiere méi kleng Kanner den éischten Ëmgang mam Ball. Fussball gëtt am Ruanda grouss geschriwwen. E Ball kascht net vill, jidderee ka spillen, Fussball bréngt d'Leit zesummen.

Mam Fussball d'Geschicht verstoen

D'Kanner zesummebréngen, dat ass och d'Philosophie vum Projet "Football for Hope, Peace & Unity", deen een harmonescht Zesummeliewen vu jonke Ruander soll fërderen. Eppes, wat besonnesch mat Bléck op d'Vergaangenheet vum klenge Staat an Ostafrika eng grouss Bedeitung huet.1994 koum et zum Genozid, bei deem geschaten 800.000 Tutsien a moderat Hutue gestuerwe sinn. Nach haut sinn d'Konsequenzen ze spieren. Mee de Ruanda erhëlt sech lues a lues. An de Sport soll heibäi hëllefen, mengt de Jacques Kayisire.

Duerch de Fussball géife si d'Kanner dozou encouragéiere éierlech, frëndlech a pénktlech ze sinn. Doriwwer eraus géifen déi Jonk verstoe wat Multikulturalitéit wier. "Vill vun hinnen hunn de Genozid net méi materlieft mee mir huele si mat bei d'Gedänkstätten a schwätzen doriwwer, fir datt si d'Geschicht vun hirem Land verstinn."

Impressioune vum Training

De Genozid iwwerlieft

De Jacques war fréier e Profispiller am Ruanda. Zesumme mat anere Spiller huet hien de Projet an d'Liewe geruff, fir déi jonk Generatiounen ze fërderen. Him selwer, genau wéi sengem Teamkolleg a Matbegrënner vum Projet, dem Eric Murangwa, huet de Fussball während dem Genozid d'Liewe gerett. Während den Eric vu sengen Teamkollege verstoppt gouf, gouf de Jacques duerch d'Interventioun vun engem anere Spiller verschount. Hien hat probéiert bei seng Grousselteren un déi kongolesesch Grenz ze flüchten. "Mee si hu mech aus dem Auto geholl a wollte mech ëmbréngen. Ee vun hinnen huet fréier mat mir Fussball gespillt a sot zu den Aneren, si solle mech verschounen. De Fussball huet mir also gehollef", erënnert sech de Jacques Kayisire.

Déi Jonk virum Match

Beim Fussballtraining vu "Football for Hope, Peace and Unity" komme Jonker aus verschiddene Gesellschaftsschichten zesummen. Kanner vun auslänneschen Expatriéierte grad ewéi Kanner, déi mat de Konsequenze vum Genozid konfrontéiert sinn an zum Beispill als Weesekanner opgewuess sinn, spillen zesummen an enger Ekipp.

Nieft dem Training ginn déi Jonk duerch weider Projete gefërdert. Zum Beispill léiere si a Workshops sougenannte "Life-Skills", ewéi Vertrauen an déi eege Fäegkeeten ze hunn oder deen aneren ze respektéieren. D'Kanner däerfen nëmmen dann op den Training, wa si hir Schoul seriö huelen. D'Zil ass et, hinnen déi néideg Fäegkeeten a Valeuren ze vermëttelen, fir ee gutt Liewen ze féieren. A fir dofir ze suergen datt d'Vergaangenheet sech ni méi widderhëlt.

Ruander spillen zesumme mat Expats

D'Vergaangenheet verschaffen

Och am Projet "Togetherness Village" vum Steven Turikunkiko spillt de Fussball eng zentral Roll. De Paschtouer huet Weesekanner, déi beim Genozid 1994 hir Eltere verluer hunn, opgeholl an hinnen en Daach iwwer dem Kapp gebueden. Doraus ass eng kleng, autark Communautéit entstane fir déi de Sport ee wichtege Moyen ass, fir mat der Vergaangenheet ëmzegoen. Zesumme Fussball ze spille géif de Jonken hëllefen op aner Gedanken ze kommen, seet de Steven. A sengen Ae suergt Sport fir Eenheet, Harmonie a fërdert ee Gefill vun Zesummesinn. "Duerch de Sport suergen déi Jonk fireneen a léiere sech kennen." A si géife sech manner eleng fille mengt de Steven Turikunkiko. Déi Jonk géife sech immens eleng fillen, well si keng Famill méi hätten.

Duerch de Fussball géife si doriwwer eraus léieren iwwert hire Schied ze sprangen an iwwer hir Problemer ze schwätzen. Dat wier wichteg, well si hir Erliefnesser just esou verschaffe kéinten, seet de Steven Turikunkiko. Dobäi wieren d'Schicksaler ganz verschidden. Zum Beispill wieren der vill HIV positiv. Si wieren immens aarm well si hir ganz Famill verluer hunn a vill Jonker hätte keng uerdentlech Schouldbildung.

"Changemakers"

A béide Projete stellt de Fussballterrain eng Plaz duer, op där déi Jonk hir Problemer oder Differenze kënne vergiessen. De Fussballtraining ass net nëmmen en Training fir déi nächst Competitioun, mee en Training fir d'Liewen. Wat elo nach feelt wier méi Ënnerstëtzung vun der Regierung, soe béid Responsabel. Béid Projete si vun Donen ofhängeg an et wier wichteg, datt d'Regierung d'Initiativë fir déi jonk géif appreciéieren. Dat wier nach ee wäite Wee, seet de Jacques. Mee si wieren "Changemakers", ënnersträicht de fréiere Profi-Fussballer. "A wann een eppes bewierke wëll, muss ee Gedold hunn."

Eng nei Generatioun steet an de Startlächer