Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jaguar Sun - One Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gedanken iwwer d'Moral

Prisma

Gedanken iwwer d'Moral

Kann et en Iwwermooss u Moral ginn? Wéi gëtt an aktuelle moraleschen Debatten diskutéiert? Oder anescht gefrot, dierf bei moraleschen Debatten, wéi mer se de Moment ëm de Rassismus kennen, iwwerhaapt nach diskutéiert ginn oder soll haaptsächlech accuséiert ginn, Schëlleger identifizéiert ginn, an d'Welt a "Gudder" a "Béiser" agedeelt ginn?

auto_stories

6 min

Foto: Bigstock / MichellePatrickPhotographyLLC

Och d'Corona-Kris eegent sech fir moralesch Debatten: d'Rechtméissegkeet vum Confinement, d'Tracking-App, de Retour en classe. Alles Theemen, déi net just diskutéiert ginn, mee och moraliséiert ginn. Ass an där Hisiicht net schonn nees onmoralesch, alles wëllen ze moraliséieren?

Si mer all vill méi moralesch ginn? Oder wéi erkläert sech d'Popularitéit vu moraleschen Debatten an Diskussiounen an der Ëffentlechkeet? Do wier d'Debatt iwwer d'Klima, déi laang ganz aktuell war, do virdru war et d'#MeToo Campagne ronderëm d'Fraerechter, déi eis opgereegt huet an elo zulescht de Rassismus, nom Doud vum Georges Floyd an den USA.

Politik a Moral

Ëmmer nei moralesch Debatten, déi och d'Politik staark beaflossen. Esouwäit, datt ee soe kann, datt ëmmer méi gesellschaftlech Froen, ob politescher, ekonomescher oder ekologescher, als moralesch Froe wouergeholl ginn. Eppes wat sech och wärend der Corona-Kris gewisen huet, wou et net méi just ëm politesch Decisioune goung, mee och ëm moralesch Entscheedungen.

Sou z. B. bei der gefaarter Situatioun, datt wéinst enger Iwwerlaaschtung vum Gesondheetssystem nëmmen nach verschidde Patiente kéinte behandelt ginn. Ass d'Politik also méi moralesch ginn oder d'Moral politesch?

Keng Fro, an der aktueller Situatioun gëtt et e verstäerkte Besoin no moralescher an ethescher Orientéierung. Ethikkommissioune ginn iwwerall an Europa ëm Avise gefrot, z. B. iwwer d'Aféiere vun enger Tracking-App, dem Verlängere vum Confinement, dem gefaarten Triage oder och der Zwangsaweisung vun infizéierte Patienten.

Bei der Aarbecht vun deenen eenzelen Ethikkommissioune wéist sech dann och, wéi wichteg déi philosophesch Perspektiv ka sinn, wann et z. B. drëm geet fir bei sech widderspriechenden Aussoe vu Wëssenschaftler ofzeweien.

Moralesch Konfrontatiounen

En erfonnte wann och realistescht Beispill, fir dat ze illustréieren: Dräi Wëssenschaftler, Immunologen a Virologe behaapten, datt d'Schoulen nees opzemaache keng gréisser Gefor bedeit fir d'Verbreedung vum Virus. Ee Véierte behaapt awer, datt hien dat duerchaus als Geforequell gesäit.

Wéi eng Decisioun soll een hei treffen, soll een der Majoritéit gleewen oder d'Risiken an d'méiglech Folge vun enger Feeldecisioun ofweien. Esou änlech wäert deen Dilemma wuel hei, an an eisen Nopeschlänner verlaf sinn, a mir wäerten och nach weider mat änleche moraleschen Entscheedunge konfrontéiert ginn.

D'Ethik als Deel vun der Philosophie géif an deem beschriwwene Beispill wuel éischter dozou tendéieren dem véierte Wëssenschaftler nozelauschteren, well d'Folge vun enger kuerzfristeger Fermeture vun de Schoulen zwar negativ Folge fir eng Villzuel vu Leit matbréngt, mee le Cas écheant eng Verbreedung vum Virus duerch Schüler en ongläich méi grousse potentielle Schued uriichte kéint. Duerno weess een natierlech ëmmer alles besser, awer virdrun oder wärenddeem gläicht all moralesch Decisioun engem Choix tëschent enger schlechter an enger ganz schlechter Optioun.

Kann et ze vill Moral ginn?

Mee zeréck zur Fro no der Moral vun der Gesellschaft? Der Moral vun der Politik? Kann et eigentlech an engem moralesche Sënn net och ze vill des Gudde ginn? Oder muss net grad an der Moral de Grondsaz gëllen: Et ka guer net genuch Moral ginn? Kéint et net sinn, datt en ze vill u moraleschen Uspréch iwwer d'Zil erausschéisst an de Mënschen duerno souguer ka schueden?

Beim Aristoteles gouf dat "tugendhaft" nach bestëmmt als Mëtt tëschent zwee Extremen. Gëtt et dës Mëtt nach bei eise moraleschen Debatten? Esou schéngt et kloer, datt et och Abseits vu Strofdoten tëschent Mënschen ëmmer nees zu onangeneeme Situatioune kënnt, zu Beleidegungen, Iwwergrëffer, verletzende Gesten oder Handlungen.

Hei gëtt et näischt ze beschéinegen oder ze rechtfertegen. Ob et dogéint awer néideg ass all falscht an ongerecht Verhalen als Sexismus, Rassismus, Homophob oder Chauvinismus ze klassifizéieren? Besonnesch an enger Zäit, an där eng medial Virveruerteelung z. B. a soziale Medie schonn extremen Drock op Mënschen ausübe kann, ouni konkrete Beweis oder Méiglechkeet sech ze erklären.

Muss alles bewäert ginn?

D'Andeelung a gutt a béis ass kamoud, besonnesch dann, wann ee sech selwer op der Säit vun deene Gudde gesäit. Besonnesch wann een nei, méi rigid moralesch Prinzippien als Moossstaf fir alles a jiddwereen hellt. Soll een am Numm vun der Moral higoen a Konschtwierker, Filmer, Bicher zenséiere fir se un den neie Kanon unzepassen?

Muss all Wierk vun engem Auteur, dee sech moralesch verwerflech verhalen huet, geächtet ginn? Dierf ech den Aristoteles nach liesen, wann dee Sklaverei net verurteelt, jo zu senger Zäit esouguer guttgeheescht huet? An iwwerhaapt, wat ass mam Martin Heiddegger, deen ouni Zweiwel e Rassist war a sech am Nationalsozialismus engagéiert hat?

Verharmlosen ech den Abus vu Pouvoir a sexuelle Mëssbrauch, wann ech e Film vum Polansky kucken? Kann ech engem Politiker vertrauen, eppes fir de Klimaschutz ze maachen, wann hie selwer net wéinstens just nach mam Zuch oder Seegelboot an d'Vakanz fiert?

Urteelen ouni ze verurteelen

A sozialen Netzwierker loosse sech d'Äntwerten op däraarteg Froen nawell séier fannen. Am Numm vun der Moral, der Guttheet an dem Glawen un déi gutt Saach, gi Schëlleger séier identifizéiert, verurteelt a bestrooft. Et kéint ee bal mengen, mer wiere besiess vum Besoin no Gerechtegkeet.

Et ass natierlech och praktesch, well wann ee bis op der Säit vum Gudden ass, muss een net méi argumentéieren, et geet duer ze accuséieren. D'Politik kann dëser Neuros dacks nëmmen nach hannendru lafen a verléiert de Raum fir d'Ausernanersetzung an de kriteschen Diskurs. Reagéiert se nämlech net séier genuch op moralesch Debatten, kann et séier sinn, datt se sech op eemol selwer um Pranger gesäit. Sou z. B. wärend der Debatt ëm de Klimaschutz, wou dës Thematik praktesch zur neier Chefsaach erkläert gouf.

An deem Sënn ass et grad wichteg bei moralesche Froen, dem Aristoteles seng Mëtt tëschent den Extremer ze sichen. Beweeggrënn net einfach just als béis Absicht ofzedinn, an d'Kategorië "Gutt" a "Béis" eréischt dann ze verdeelen, wann ee grëndlech iwwer eng Thematik nogeduecht huet.

Wann et engem wierklech ëm Gerechtegkeet geet, misst een och mat der Moral moralesch ëmgoen. Och an der Corona-Kris heescht et trotz Angscht, trotz ville séieren an nodréiglech och vläicht falschen Decisiounen, déi opgrond vun net kompletten Date vun der Politik getraff goufen, moralesch bleiwen. D. h. och dann nach ze probéieren iwwer d'Situatioun nozedenken, wann ee matten dran ass, ze urteelen ouni direkt ze verurteelen.

Eng transdisziplinär Approche

Esou z. B. den däitsche Philosoph Markus Gabriel, dee sech am Kontext vun der Corona-Kris freet, ob et richteg ass, bei der Kris engem, wéi hien et nennt, "virologeschen Imperativ" ze follegen. Also all eis Beméiungen drop ze riichte fir d'Ausbreede vum Virus ze verhënneren, mat enger staarker Orientéierung un de wëssenschaftlechen Erkenntnisser vu Virologen an Immunologen.

Hie probéiert domadder auszedrécken, datt d'Anenge vun eisem Point de vue op d'Viruszuelen, Infektiounen an Doudeger, als eenzeg Prioritéit och Gefore ka mat sech bréngen. Et ka senger Usicht no och de Bléck verschleieren, fir déi aner negativ Konsequenze ronderëm de Virus, also de psychologeschen, wirtschaftlechen oder schouleschen, ekologesche Folgen, déi verschidden ergraffe Mesurë mat sech bréngen. Hie plädéiert fir eng méi breet transdisziplinär Approche, déi hëllefe soll politesch Decisiounen och an dëser Kris ze fannen.

Alles an allem schéngt et awer och hei wichteg der Kris net just a moralesche Kategorien ze begéinen, mat deene "Gudden", déi doheem bleiwen, hir Masken undinn an de "Béisen", déi Party maachen an domat Mënscheliewe a Gefor bréngen. Och wann een dat eent Verhale verurteele kann a vläicht och bestrofe muss, gëllt et awer d'Gesellschaft méiglechst als Ganzt an de Bléck ze kréien, an esou als diskursoppe Gesellschaft ze diskutéieren, wéi een dës Kris am beschten iwwerstoe kann.