Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Géint d'Aarmut zu Lëtzebuerg sangen

"Die Rapper-Helden Klasse"

Géint d'Aarmut zu Lëtzebuerg sangen

En eegent Lidd ze produzéieren ass eppes ganz Besonnesches. Zemools, wann een als Ënnerstëtzung den David Galassi vun "de Läb" dobäi huet. De Cycle 3.1. vu Beetebuerg aus der "Schoul am Duerf" huet dat elo am Kader vum Programm "Fabrique à chansons" vun der SACEM Lëtzebuerg fäerdeg bruecht.

auto_stories

4 min

De Raoul Petit ass Schoulmeeschter zu Beetebuerg an der "Schoul am Duerf". D'Klass hätt sech bei der SACEM gemellt, déi all Joer "Fabrique à chansons" ubidden, wou ee sech als Klass, entweder aus dem Fondamental oder aus dem Secondaire kéint mellen.

"An da kritt een e Kënschtler respektiv en Artist zougedeelt an dat war an eisem Fall den David Galassi vun der lëtzebuergescher Band De Läb." Dat wier eng riseg Chance gewiescht, erzielt de Schoulmeeschter, "well mir e richteg coolt Lidd mat him zesummen a mat der Klass fäerdeg bruecht hunn".

De Raoul Petit a säi Mataarbechter Chris Belardi hunn d'Geleeënheet genotzt, d'Kanner iwwer Droits d'auteur opzeklären: wat bedeit et, eppes ze kreéieren? Wéi ee Wäert huet e Lidd, dat ee selwer produzéiert huet a wéi entsti Kontrakter mat der SACEM an de Kënschtler?

Sech mam Thema Aarmut ausernee setzen

Zesumme mam David Galassi vun "De Läb" hu si dunn en eegent Lidd produzéiert mam Thema Aarmut. Et géif nämlech vill aarm Leit ginn "an et soll der net méi esou vill ginn, well déi kënnen och stierwen", erzielt eng Schülerin aus dem Cycle 3.1

Mam Thema huet sech "Die Rapper-Helden Klasse" scho fir de Concours "Jeune Journaliste 2019" vum Conseil de Presse ausernee gesat. An hirer Kategorie Cycle 3 hu si den 1. Präis gewonnen an dat mat engem Saz, dee sech all Kand iwwer Aarmut ausgeduecht huet. "Dann hu mir misste bei eise Saz en zweete Saz dobäi maachen, dee sech reimt. Awer bei mengem huet sech näischt gereimt, dunn hunn ech dee misste ganz ëmdréinen.", zielt eng Schülerin.

D'Lidd zesummen opbauen

A bei e coole Rap passt natierlech och e coole Beat . Den David Galassi huet zesumme mat den zwee Schoulmeeschtere Chris Belardi a Raoul Petit e puer Méiglechkeete matbruecht an demokratesch gouf dunn an der Klass ofgestëmmt, wéi ee Lidd am beschte passt.

"Mir haten e puer Beats op YouTube erausgesicht, bei deene mir geduecht hunn, datt déi hinne kéinte gefalen. Dunn hu si an der Klass ofgestëmmt, wéi ee Beat hinnen am beschte gefall huet an deen ass dunn duerno och ganz professionell nei produzéiert ginn. Esou, datt och do näischt kopéiert gouf, mee datt et eben hiert eegent Wierk ass."

"Ech war ganz zefridden"

Wéi d'Kanner aus dem Cycle 3.1. hiert Wierk "A notre fête" fir d'éischte Kéier héieren hunn war dat schonn eppes ganz Besonnesches soen d'Kanner. Si hätten et zwar ëmmer selwer gesongen, "mee wou mir dunn eis Stëmmen héieren hunn, war dat ganz anescht", zielt eng Schülerin.

"Wéi mir et fir déi éischte Kéier gelauschtert hunn, war ech ganz zefridden. Ech war frou, datt eis Klass dat gemaach huet an et och fäerdeg bruecht huet an eens ginn ass. Dofir hunn ech eis Klass gären", seet eng aner Schülerin.

Aktiv eppes géint d'Aarmut maachen

Den David Galassi koum fënnef mol zwou Stonnen an d'Klass fir mat de Kanner zesummen e Lidd ze produzéieren, dat duerno op de Radioe ka gespillt ginn. D'Bibliothéik vun der Schoul gouf kuerzerhand als Tounstudio ëmgewandelt an den Text gouf sou laang opgeholl, bis e souz. Mee net nëmmen d'Kanner hunn eppes dobäi geléiert, mee och hir zwee Schoulmeeschteren.

Den nächste Schratt ass e Museksvideo ze realiséieren, deen d'Klass zesumme mam Uelzechtkanal aus dem Escher Jongelycée dréint. D'Schülerinnen a Schüler wëllen och um Schoulfest an um Beetebuerger Wochemaart d'Lidd live virsangen. Do wëlle si Sue sammelen an aktiv eppes géint d'Aarmut hei zu Lëtzebuerg maachen.