Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesträifte "Gefor" um Wee an Europa

Asiatesch Tigermoustique

Gesträifte "Gefor" um Wee an Europa

Ursprénglech an den tropeschen a subtropesche Gebidder a Südostasien doheem, verbreet sech déi Asiatesch Tigermoustique zanter de spéide 70er Joren och an anere Länner op der Welt. An dat och an Europa. Ass si och schonn zu Lëtzebuerg ukomm?

auto_stories

7 min

Déi Asiatesch Tigermoustique ass eng vun den 3.500 Moustiquenaarte weltwäit. Si verbreet sech ganz séier op all de Kontinenter a kann domat och geféierlech Krankheeten, wéi Gielféiwer, Dengue oder de West Nil Virus iwwerdroen.

Fir datt eng Krankheet kann iwwerdroe ginn, brauch een zwou Saachen: Eemol de Vecteur, an dësem Fall déi Asiatesch Tigermoustique, an d'Krankheet.

"Dat si klassescherweis Viruskrankheeten, dat heescht, et mussen och krank Persounen do sinn, fir datt d'Moustique si ka picken, de Virus ophuelen an dann de Virus op eng weider gesond Persoun weiderdroen," seet den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

Déi Asiatesch Tigermoustique kann eng 15 Krankheeten iwwerdroen. Wéi d'Méck sinn och d'Krankheeten, wéi Dengue, Zika oder Chikungunya um Virmarsch an Europa.

Zu Lëtzebuerg gouf d'Moustique nach net nogewisen

Hei zu Lëtzebuerg ass déi Asiatesch Tigermoustique nach net offiziell nogewise ginn, mee se ass um Wee an och schonn an den dräi Nopeschlänner, zum Beispill zu Arel, Stroossbuerg oder Heidelberg, ukomm.

D'Aedes albopictus, wéi d'Moustique mat hirem laténgeschen Numm heescht, ass méi aggressiv wéi déi Moustiquen, déi et bis ewell zu Lëtzebuerg ginn. D'Weibercher picken de ganzen Dag fir Blutt ze saugen. Soubal si en Affer fonnt hunn a Blutt gesaugt hunn, siche si sech e Gefäss mat Waasser, fir do hir Eeër do ofzeleeën. "Si leet ëm déi 200 Eeër," seet den Dr. Christian Ries vum natur musée.

"Wa scho Waasser dran ass, kënne sech d'Eeër direkt zu de Larven entwéckelen. Wann am Gefäss awer net genuch Waasser dran ass, ginn d'Eeër um Rand vum Gefäss geluecht. Soubal si mat Waasser a Beréierung kommen, da ginn déi Eeër direkt op an déi éischt Moustiquegeneratioun ass direkt do."

Déi Asiatesch Tigermoustique ass eent vun deenen Déieren, déi sech am séierste verbreeden.

"Si fënnt hire Wee op all Kontinenter duerch de weltwäiten Handel mat gebrauchte Pneuen. D'Pneue leien a Containeren, wou et dra reene kann a sech d'Pneue mat Waasser kënne fëllen."

Dat wieren optimal Konditioune fir déi meescht Moustiquenaarten, seet den Dr. Christian Ries. Si kënnen hir Eeër an de Pneuen ofleeën a brauche keng Feinden, wéi zum Beispill Fräschen oder Libellen, ze fäerten.

D'Moustiquë verbreede sech uechter ganz Europa

Mam Transport vun dëse Wuere kommen also reegelméisseg och nei Moustiquenaarten an Europa.

Wann d'Moustiquë sech dann bei de Pneuenhändler ugesidelt hunn, kéinte si sech "mat Autostopp" ganz liicht uechter Europa verbreeden. Mëttlerweil ass déi Asiatesch Tigermoustique dowéinst schonn am ganze Mëttelmierraum present.

"A si kënnt elo Richtung Norden. Si ass sécher schonn e puermol duerch Lëtzebuerg gefuer, well op der Raststätte zu Arel gouf si dat lescht Joer nogewisen. Mir erwaarden eis, datt d'Aedes albopictus vläicht dëst Joer schonn zu Lëtzebuerg ukomm ass a mir se nach net fonnt hunn. Oder, datt si an den nächste Joren hei ukënnt."

Den Dr. Christian Ries ass Biolog am Naturmusée an schafft mat um Moustiquenatlas

Fir erauszefannen, ob a wéini déi fir de Mënsch geféierlech Moustiquen de Wee bei eis an d'Land fannen, soll an deenen nächste Joren e sougenannte Surveillance System op deene Plazen opgeriicht ginn, wou vill Trafic ass.

Esou Plaze sinn zum Beispill de Fluchhafen, déi nei Logistik-Plattform vun der CFL Multimodal oder op der Gare an der Stad Lëtzebuerg, wou international Bussen ukommen. Dësen Iwwerwaachungssystem steet ënner der Responsabilitéit vum Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mam natur musée.

"Mir sichen no den Eeër oder Larven am Waasser"

Schonn dëst Joer am Abrëll goufen op deene potentiell geféierlechste Plazen, der Aire de Berchem an der Aire de Capellen, déi sougenannten Ovi Traps opgeriicht. Dat si Falen, an déi d'Moustiquen hir Eeër leeën. "Mir sichen no den Eeër oder Larven am Waasser," seet den Dr. Jean-Claude Schmit.

"D'Fale musse reegelméisseg kontrolléiert ginn, an d'Eeër respektiv d'Larven ënner dem Mikroskop ënnersicht ginn. Vun der Form hier kann een dann erkennen, ëm wéi eng Moustique et sech handelt."

Wéi d'Falen am Juni an August kontrolléiert goufen, ware se negativ. Wann d'Larven oder d'Eeër vun der Asiatescher Tigermoustique, oder enger anerer net heemescher Aart an de Fale fonnt gëtt, gëtt dat gemellt, seet den Dr. Jean-Claude Schmit.

"Wéi d'Moustiquë verdeelt ginn, gëtt europawäit kommunizéiert. Et ginn och europäesch Kaarten, op deenen dat dokumentéiert ass. Dat gëtt eisen Nopeschlänner och wichteg Informatioune virun."

Dat lescht Joer gouf zum Beispill déi japanesch Heckemoustique zu Stolzebuerg an der Gemeng Pëtscht entdeckt.

"Mir hu si direkt doriwwer informéiert, fir datt si och konnte kucken, ob déi Moustiquenaart bei hinnen ass."

Laang Zäit gouf sech hei am Land net fir Moustiquen interesséiert. Dat huet sech am natur musée awer virun dräi Joer geännert.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 25 Moustiquenaarten

De Musée ass am Gaang e Moustiquenatlas opzestellen an dat mat Hëllef vum Schwäizer Moustiquenexpert Dr. Francis Schaffner an dem Ëmwelt- a Gesondheetsministère. Béid Ministèrë si mat Partner a finanzéieren de Projet mat. Dësen Atlas soll am Fréijoer 2021 verëffentlecht ginn, seet den Dr. Christian Ries, Biolog am natur musée.

"Mir sinn elo am éischte Joer. Dëst Joer hu mir dräi Campagnë gemaach. An de Campagnë vum Abrëll a Juni hu mir fënnef nei Aarte fir Lëtzebuerg fonnt. Dat si keng invasiv Aarten, mee heemesch Aarten, déi mir elo fir d'éischt nogewisen hunn. Mir konnte bis elo 25 Aarten noweisen a ginn dovun aus, datt et der nach méi sinn."

Am natur musée ginn elo och sämtlech Specimen opgeschafft. De Moustiquenatlas hëlleft dem natur musée an dem Ëmweltministère dobäi ze wëssen, wéi eng Biodiversitéit u Moustiquen et zu Lëtzebuerg ginn an och wéi eng Aarten invasiv sinn a mussen zu Bréissel gemellt ginn.

Wou sinn déi potentiell Geforen?

D'Direktioun vun der Santé ass um Atlas interesséiert, well et vill Verännerungen op der ganzer Welt zu Moustiquen a Krankheete ginn. Si wëlle wëssen, wou d'Vecteure sinn a woumat een an den nächste Jore rechne kann. Donieft wier et wier wichteg ze wëssen, datt eng potentiell geféierlech Moustiquenaart anzwousch existéiert, seet den Dr. Christian Ries vum natur musée.

Wann zum Beispill iergendwou eng Persoun mam West Nil Virus infizéiert gëtt, an et op där Plaz och eng Moustique gëtt, déi d'Krankheet kann iwwerdroen, wier et méi liicht, dat Ganzt an e Kontext ze setzen. Mat Hëllef vum Atlas kann eng potentiell geféierlech Situatioun also besser ageschat ginn.

D'Fro géif sech da stellen, ob een d'Moustique kéint bekämpfen, "am Sënn vu se ausrotten," esou den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit.

"Wat een op alle Fall muss maachen, ass d'Bevëlkerung ze informéieren."

Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé

"Net d'Moustique ass Schold, mee de Mënsch"

En Depliant vum Gesondheetsministère an dem natur musée soll de Privatleit dobäi hëllefen, d'Moustiquë ronderëm d'Haus ze evitéieren. An zwar an deem ee kee stoend Waasser ronderëm d'Haus huet, respektiv d'Gefässer mam Waasser reegelméisseg propper mécht an neit Waasser afëllt. Mee d'Moustique selwer wier net de Problem, esou den Dr. Christian Ries.

"De Mënsch ass u sech relativ domm, well e sech d'Problemer permanent selwer fänke geet. Eng Moustique ass net béis oder vun hausaus iwwerall geféierlech. Mee wa mir se elo iwwerall hi bréngen, musse mer ebe léieren, domat ëmzegoen."

An dat wäert och mat der Asiatescher Tigermoustique de Fall sinn. Et gëtt gerechent, datt si sech bannent zéng Joer definitiv zu Lëtzebuerg an an den Nopeschlänner implantéiert. Mir hunn also nach eng Partie Joren Zäit ze léiere mat Moustiquen ëmzegoen, esou nach den Dr. Christian Ries.

Méi Informatiounen iwwer d'Moustiquë fënnt een op dësem Internetsite


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.