Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Migliosi - Living Right Feat. Baby Panna

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt et eng Flicht ze hëllefen?

Prisma

Gëtt et eng Flicht ze hëllefen?

No der enormer Spendebereetschaft fir den Nees-Opbau vun der Notre Dame Kathedral zu Paräis, koume ganz séier déi éischt kritesch Stëmmen op: Firwat si mir net bereet an deem selwechte Mooss fir aner, vläicht méi wichteg Causen, ze spenden? Wieren déi zu Paräis gesammelt Suen net besser opgehuewe fir zum Beispill d'Entwécklungshëllef an d'Bekämpfung vun der Weltaarmut ze ënnerstëtzen? Hanner dëse Froe verstoppt sech eng aner, wahrscheinlech esouguer déi zentral Fro aus der Moralphilosophie, nämlech d'Fro, ob et esou eppes wéi eng Flicht gëtt, Mënschen an Nout ze hëllefen.

auto_stories

7 min

Datt nëmme 24 Stonnen nom katastrophale Brand vun der Notre Dame Kathedral zu Paräis bal 900 Milliounen Euro un Spende fir den Nees-Opbau zesummekoumen, dat hate wuel nëmmen déi mannste vun eis erwaart. An et huet net laang gedauert, bis nom éischte Schock déi éischt Kritiken un dëser dach onvirstellbarer Zomm opgetaucht sinn.

Dëst virun allem, wann déi 900 Milliounen Euro an ee globale Kontext gesat goufen, a sech deen een oder anere gewonnert huet, firwat Frankräich - a vläicht allgemeng déi grouss Industrienatiounen - fir d'Entwécklungshëllef an d'Bekämpfung vu struktureller Aarmut op anere Plaze vun der Welt verhältnisméisseg wéineg Engagement weisen.

Kann een déi zwou Saache vergläichen?

Eng kleng Recherche huet erginn, datt Frankräich am Joer 2016 ronn aacht Milliarden Euro an d'Entwécklungshëllef gestach huet. Dat wieren da knapps 22 Milliounen Euro pro Dag, also nëmmen ee minimalen Deel vun den 900 Milliounen, déi fir d'Notre Dame zesummekoumen.

Natierlech ass mengen ech jiddwerengem kloer, datt esou eng statistesch Géintiwwerstellung der ganzer Saach net gerecht gëtt. An trotzdem bleift déi an de Medien opgeworfe Fro, firwat mir eis esou schwéier déi mat substantiellen Hëllefsstellunge fir Noutleidender iwwerall op der Welt, weiderhin aktuell.

Aus enger philosophescher Perspektiv kënne mir eis hei also eng Kéier d'Fro stellen, wéi mir mam weltwäiten Honger- an Aarmutsproblem ëmzegoen hunn. Gëtt et eventuell esou eppes wéi eng Flicht, dësen Noutleidenden ze hëllefen? A falls jo, firwat di mir eis domadder esou schwéier? Fir eis awer haut net hanner iergendwellechen abstrakten Theorien ze verstoppen, probéiere mir unhand vun e puer einfache Gedankenexperimenter eiser Fro op d'Schlëch ze kommen.

Peter Singer: Déi schlëmm Saach verhënneren

Dat éischt Gedankenexperiment gëtt eis vum australesche Philosoph Peter Singer proposéiert: kommt mir stellen eis vir, mir kommen op eisem Wee op d'Schaff bei engem klenge Weier laanscht, wou ee Kand dragefall ass an elo riskéiert ze erdrénken. Wéi soll een elo hei reagéieren? Déi normal mënschlech Intuitioun ass déi, datt wahrscheinlech jiddweree vun eis an d'Waasser spréngt fir d'Kand ze retten. An och dann, wa mir eis domadder eis Kleeder knaschteg maachen oder ze spéit op d'Aarbecht kommen. Mee verglach mam eventuellen Doud vun dësem Kand sinn dat nëmme kleng Sacrificer, déi net wierklech an d'Gewiicht falen.

De Grondprinzip, deen hanner dësem Gedankenexperiment stécht, ass relativ aliichtend: wann ech eng schlëmm Saach verhënnere kann, ouni datt ech dofir ee vergläichbar wichtegt moralescht Opfer brénge muss, da muss ech déi schlëmm Saach verhënneren.

Kënne mir jiddweree retten?

Elo ass et awer beim Singer esou, datt een dëse Grondprinzip net nëmmen op déi dach ganz rar Fäll vun engem Kand, dat erdrénkt, sollt uwenden, mee och an alldeegleche Situatiounen, an deenen ee Leit hëllefe kéint, deenen hiert d'Liewen zum Beispill duerch Honger oder Aarmut bedreet ass. An déi Fro, déi sech elo hei stellt ass, ob mir dat da wierklech kënnen?

Kee vun eis kann déi global Aarmutssituatioun eleng léisen, et sief dann e géif säi ganzt Liewen a säi ganze Revenue dofir opferen. Mee an der Logik vum Singer geet et jo och net dorëms, datt ech mat mengem bescheidene perséinleche Bäitrag déi weltwäit Aarmut bekämpfe soll; et geet villméi dorëms ze weisen, datt e Leiden un Aarmut an all eenzelem Fall - genee sou wéi bei all eenzelem Kand, dat an engem Weier erdrénkt - eng moralesch schlëmm Saach ass.

A wann ech ouni moralesch vergläichbare Sacrifice enger Famill oder och just enger Persoun kann hëllefe sech aus hirer absoluter Aarmut ze befreien, jo, da sinn ech mam Singer geschwat, moralesch zu dëser Hëllef verflicht.

Garret Hardin: Et dierf een net hëllefen

Souwäit de Singer. Mee ass dës gutt a léif gemengten Iddi net awer vläicht e bësselchen naiv? E Géigenargument an deem Kontext gouf dann och vum bekannten US-amerikaneschen Ekolog Garrett Hardin formuléiert. Hie postuléiert nämlech diametral zum Singer, datt een den Aarmen an Noutleidenden net hëllefen dierf! Datt et souguer eng Flicht zur Net-Hëllef gëtt.

Seng Argumentatioun ass déi folgend: kommt mir stellen eis d'Welt vir als ee risegt Mier. Op dësem Mier schwammen e puer Rettungsbooter, nämlech déi räich industrialiséiert Länner, déi iwwer eng Onmass u Ressourcen a Räichtum verfügen. Iwwerall ronderëm schwamme Mënschen aus den aarme Regioune vun der Welt a probéieren an dës Booter eranzekommen.

De Problem ass awer deen, datt dës Rettungsbooter nëmmen eng begrenzte Capacitéit hunn. Wann der ze vill drasetzen, da gi se nämlech ënner. Mir mussen also een anere Wee fannen, hinnen ze hëllefen. Wat mir also maachen, ass, datt mir als räich Länner kleng Insele schafen, wou all Land no senge wirtschaftleche Capacitéite Ressourcen dropstellt, a wou sech all déi aner Länner, déi ee Manktem dovunner hunn, kënne bedéngen. Denkt zum Beispill hei un d'Konzept vun der Welternährungsbank.

De Mënsch ass onvollkommen

Elo ass et awer esou, datt dëst Konzept nom Hardin nimools wäert fonctionnéieren. Seng Erklärung ass déi folgend: well de Mënsch allgemeng an egal op räich oder aarm moralesch onvollkommen ass, sou wäert et esou sinn, datt ëmmer déi selwecht Leit oder Länner hir Ressourcë fräi ginn, an déi aner ëmmer nëmme wäerten huelen, ouni zeréckzeginn. Dëst bis ganz zum Schluss d'Ressourcen alleguerten opgebraucht sinn an och déi räich Länner mat hire gudden Intentiounen an enger Kris endege wäerten.

Deen eenzege moralesch richtege Wee wier deemno also eng Flicht zur Net-Hëllef, well nëmmen esou déi räich Länner hir Ressourcë kënne geréieren an déi méi aarm hoffentlech hiren eegene Wee fannen, awer wann ech gelift net op eis Käschten.

Ongläichheet ass keen natierlechen Zoustand

D'Boot ass also voll, d'Aarmut zwar schrecklech, mee net eise Problem. Ass elo fir vill Leit d'Bir geschielt, sou verstoppt sech an dëser Argumentatioun awer nach ee wesentlechen Denkfeeler. An zwar deen, datt déi ongläich Ressourcëverdeelung, déi zu engem Liewen am Iwwerfloss op där enger Säit, an engem Liewen a Misär an Nout op der anerer Säit, net einfach een natierlechen Zoustand ass. Vill méi ass déi ongerecht Weltuerdnung jo vun eis Mënsche selwer gemaach.

Ugefaange mat der Kolonialiséierung, an där bis haut undauernder Institutionaliséierung vun Ofhängegkeets- an Ausbeutungsverhältnisser, sief dat zum Beispill mat Hëllef vun Exportkreditter an Importquoten oder militäresche geopoliteschen Interventiounen asw.

Mir si Mattäter

Dem Singer säi Bild vun eis Mënschen als wohlwollende moraleschen Helfer ass gläichermoosse schif, wéi d'Bild vum Hardin, dee global gesi kee realistesche Moyen fir ze hëllefe gesäit an eng asymmetresch Ressourcëverdeelung als e Fait accompli beschreift. Mir sinn nämlech net nëmmen onbedeelegt Observateuren, déi potenziell Hëllef leeschte kënnen oder och net, mee mir si Mattäter an enger Weltuerdnung, déi op Grondlag vu strukturellen Ongerechtegkeetsverhältnisser fonctionnéiert.

Mir sinn, fir erëm mat engem Bild ze schwätzen, net nëmmen Zeie bei engem Autosaccident, déi entweder éischt Hëllef leeschten oder net, mee mir si vill méi de Chauffeur vun dësem Auto, deen duerch eng fahrlässeg Conduite eng onschëlleg Persoun iwwer de Koup gerannt huet.

Vill méi wichteg also wéi eng eventuell positiv Hëllefsflicht wier an eisem Kontext hei, wat den Nei-Kantianer Thomas Pogge eng sougenannten "negativ Gerechtegkeetsflicht" nennt: well alleguerten d'Mënschen an hirer Würd gläichermoossen unantastbar sinn, dierf ee kengem ee Schued zoufügen, an et muss een aner Leit virun de Konsequenze vu sengen eegenen Handlunge schützen. Dës negativ Flichten, déi een um Beispill vum fahrlässegen Autosfuerer ganz intuitiv novollzéie kann, verléieren och op engem globalen Niveau net u Bedeitung.

Wiem mir hëllefen ass zweetrangeg

Wann eng vun eis mat duerchgesate Weltuerdnung dozou féiert, datt eng gravéierend Aarmut an Nout a bestëmmte Länner weider besteet, da gëtt eis moralesch Verantwortung dofir net doduercher ofgeschwächt, datt dat verursaachte Leed zéngdausende Kilometer ewech passéiert a Persoune betrëfft, déi mir net perséinlech kennen, respektiv mat deene mir weder déi selwecht Nationalitéit, Sprooch a Kultur deelen.

Als Conclusioun bleift deemno vläicht folgende Gedanken iwwreg. Ob mir elo fir d'Notre Dame spenden oder zum Beispill fir an hirer Existenz bedreete Kanner an engem Entwécklungsland, ass - wann och net irrelevant - sou dach nëmmen zweetrangeg. Et si vill méi déi vun de Kantianer ervirbruechten negativ Gerechtegkeetsflichten, deene mir eis - ob mir wëllen oder net - an eiser Responsabilitéit net kënnen entzéien.

Mee gläichzäiteg läit awer och an dëser Iwwerzeegung eng ongeheierlech positiv Kraaft, déi et eis als Konsumenten, als politesch Participanten an engem demokratesche Wahlsystem an als ethesch Wiesen tout court erlaabt, ee substantielle Bäitrag zu enger méi gerechter Welt ze leeschten.