Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewalt géint d'Futtballarbitteren

Sport

Gewalt géint d'Futtballarbitteren

Fir den 100,7-Mataarbechter, féiere FIFA-Arbitter, Observateur a Delegéierte vun der UEFA a Philosproff Lucien Kayser ass et eng beonrouegend Situatioun wat den Ament op de Futtballterraine geschitt.

auto_stories

2 min

Arbittere gi wärend Futtballmatcher därmoosse brutal aggresséiert, datt se um Enn dacks an d'Spidol kommen. Plazeweis streiken an Däitschland schonn Arbitteren. Anerer refuséiere, jee no deem wou si mussen, e Match päifen ze goen; de Grond: si hunn Angscht. Oder zu Berlin engagéiert e klenge Futtballveräin elo Weekend fir Weekend eng Sécherheetsfirma, fir d'Protektioun vum Arbitter z'assuréieren.

Net nëmme verbal mä och kierperlech Attacken

Dës Nouvelle si keng Ausname méi, mee se gehéiere scho bal zum fussballereschen Alldag. A genee dat mécht Situatioun esou alarmant.

Op där enger Säit natierlech iwwer dat, wat aktuell op de Futtballterraine geschitt. Op där anerer Säit awer och, well et schonn e Manktem un Arbittere gëtt, dréit Gewalt net dozou bäi, datt dee Fakt sech verbessert.

Aggressioune goufen et fréier och, seet de Lucien Kayser, et waren awer éischter Ausnamefäll. Fir de fréiere FIFA-Arbitter ass et awer schlëmm, datt aktuell déi Fäll zouhuelen, a virun allem ëmmer méi brutal géife ginn. De Lucien Kayser betount och, datt dëst och den Zoustand vun eiser Gesellschaft erëm spigelt.

Individualismus vun der Gesellschaft

Wou jiddweree mengt, datt en als Individuum d'Recht huet sech selwer ze verwierklechen an alles, wat do kann en Hindernis sinn, muss ewech. An en Arbitter ass eben och en Obstakel um Terrain, well ee sech net opféiere ka wéi ee wëll. Et gi Reegelen déi gëllen, an déi Grenze setzen. An dem Arbitter seng Missioun ass et, datt Grenze respektéiert ginn, datt de Match "normal" verleeft.

Alles, wat sech deem opposéiert gëtt als Feind ugesinn. Den Arbitter ass deen Ament d'Inkarnatioun vun der Oppositioun. De Lucien Kayser betount awer och, datt een déi Brutalitéit och soss am Liewe fënnt, et brauch ee just un de Stroosseverkéier ze denken.

Mënsche liewen ze vill a virtuelle Welten

An eben an deene virtuelle Welte féiert näischt zu Konsequenzen, esou de Lucien Kayser, et kann een d'Saachen a Situatiounen ëmmer nees zeréck huelen. An dobäi geet dann och de Sënn vun der reeller Situatioun verluer.

Et wier wichteg, datt den Arbitter a d'Futtballspiller een deem anere Respekt entgéint bréngen, an och emol e Feeler verzeien. Mee do fält engem eng Evolutioun op, déi iwwer de Futtballterrain eraus geet: "Eege Feeler ginn hat kaum nach gesinn. Mä d'Feeler vun deenen Aneren, do reagéiert een desto hefteger drop."