Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grénge Waasserstoff

Biophilia

Grénge Waasserstoff

Wat wier, wann d'Léisung fir d'Klimakris schonn existéiert, mee kee weess et? An déi Wonnerléisung heescht: grénge Waasserstoff. E stéisst keen CO2 aus, weder beim Verbrennen, nach bei der Produktioun. En ass also eng ëmweltfrëndlech Alternativ zu fossillen Energien. Mee bis elo huet sech de Waasserstoff als Energieträger nach net esou richteg duerchgesat. Dat wier awer amgaang sech ze änneren, dovun ass de Prof. Dr. Stefan Maas iwwerzeegt.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / JuanRoballo

D'Waasserstoff-Technologie gëtt et scho laang: Waasserstoff entsteet duerch d'Electrolyse vu Waasser, wou de Waasserstoff vum Sauerstoff getrennt gëtt. Fir d'Electrolyse brauch ee Stroum, a well an Tëschenzäit erneierbar Energië fir d'Electrolyse agesat ginn, schwätzt ee vu gréngem Waasserstoff. Dat am Géigesaz zu groem Waasserstoff, dee mat fossillen Energië produzéiert gëtt.

Am Moment nach ze deier

De Virdeel: souwuel d'Produktioun, wéi och den Asaz a Brennstoffzellen sinn CO2-neutral. Mee d'Waasserstoff-Technologie setzt sech net duerch, well se nach ze deier ass. Mee si kann eréischt méi bëlleg ginn, wa se sech bis duerchgesat huet. De Stefan Maas vun der Uni Lëtzebuerg schwätzt vun engem "Hunn-Ee-Problem".

"Dat ass wéi virun zwanzeg Joer mat der Wandenergie. Déi war am Ufank och vill méi deier. Awer haut ass se kompetitiv. An déi deierst Energie ass d'Nuklearenergie."

Den Nodeel vum grénge Waasserstoff ass de Präis. De Virdeel awer ass, datt en eng enorm Kapazitéit huet.

Potential a Sue sinn do

Et ass en Energiespäicher, dee virun allem an der Industrie, dem Schwéier-Transport, am Loft- an am Schëffsverkéier kéint d'Späicherproblemer léisen.

"Wat nach bësse feelt, dat sinn Electrolyseuren op enger Echelle, déi industriell ass. Mir sinn nach net op der grouss-industrieller Schinn. An do zécken d'Investisseuren. D'Sue sinn do, d'Fro ass just: wéini investéieren ech? Ma wann ech verdénge kann domat."

Dem Stefan Maas no wier dee gréisste Projet aktuell am Norde vu Schweden ze fannen. Do huet Paul Wurth eng direkt Reduktioun fir Stol gebaut. Do kéim een op den Niveau hin, wou de Koks duerch de Waasserstoff ersat gëtt, seet de Professer vun der Uni Lëtzebuerg.

Och Guardian a Ceratizit notze scho Waasserstoff. An d'Uni Lëtzebuerg schafft och mat Lëtzebuerger Entreprisen, zum Beispill rezent mat enger Busentreprise zesummen. Duerch esou Pilotprojeten huet de grénge Waasserstoff eng Chance, bekannt an och kompetitiv ze ginn.

Och zu Lëtzebuerg deet sech eppes

An der Lescht huet sech, a Saache grénge Waasserstoff, esou munches gedoen, och zu Lëtzebuerg. Dëst Joer soll déi éischt Waasserstoff-Tankstell hei am Land opgoen. Dat am Logistik-Hub vun der CFL zu Beetebuerg.

Lëtzebuerg huet an Tëschenzäit eng national Waasserstoff-Strategie. Lëtzebuerg soll sech, ënner anerem, och un enger Waasserstoff-Pipeline mat den Nopeschlänner bedeelegen, fir Waasserstoff ze importéieren. Ass den Duerchbroch elo do?

"Ech weess net op en do ass. Op alle Fall gëtt vill driwwer geschwat, an dat ass gutt. Rheinland-Pfalz huet eng gutt Strategie, d'Fransouse schwätze vill driwwer, Kolleegen aus der Belsch schwätzen driwwer. Ech gesinn, datt do eppes geschitt. Och op europäeschem Niveau."

Feststeet fir de Stefan Maas och, datt de Klimawandel muss gestoppt ginn, an ouni grénge Waasserstoff wier dat net méiglech. Fir hien ass et och sécher, datt de grénge Waasserstoff eent vun de Wonnermëttel vun der Zukunft ass.