Radioen

On air

De Moien  |  The Whitest Boy Alive - Courage

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Griecht

Flouernimm

Griecht

Gruef, Gruecht a Griecht: dëse Flouernumm gëtt jee no Regioun ganz anescht geschriwwen an ausgeschwat, bedeit awer iwwerall dat selwecht. De Claude Faber war op Spueresich, fir méi gewuer ze ginn.

auto_stories

4 min

Wéi hätt der et da gär? Graf, Groaf, Groawen, oder vläicht och nach Griecht, Gruecht, Grächt oder Gruet? Et hänkt ganz dovun of, a wéi enger Regioun dir an eisem Ländche sidd, wéi dëse Flouernumm ausgeschwat a geschriwwe gëtt. Eent ass sécher: et stécht ëmmer dee selwechte Wuertkär an och déi selwecht Bedeitung dohanner. Gemengt ass nämlech ëmmer e klenge Gruef, e klengt Dall, heiansdo och nach e klenge Pad, deen duerch en Dällche oder esouguer eng Schlucht féiert.

Den Ursprong vum Wuert

Wann ee sech de Plural vu Gruef virun Aen hält, jee no Regioun wier dat da Gräf, Greef oder Grief, da gëtt engem och direkt kloer, datt eng Griecht och mam Wuert Gruef verwannt ass.
Fir nach méi genee ze sinn, gëtt mat enger Griecht gemengerhand e klengen Dall bezeechent, dee sech tëschent zwee Ausleefer vun engem Plateau, zwou Zongen souzesoen, bis an e méi groussen Dall erofzitt. Griechte charakteriséiere sech deemno och dacks duerch géi Häng laanscht d'Säiten, an en Thalweg, mat oder ouni Waasser, deen och eng relativ géi Pente huet. Dobäi gëtt an der Topographie a Geomorphologie mat engem Thalweg déi Linn bezeechent, déi an engem Dall ëmmer nees déi déifste Punkte matenee verbënnt.

Etymologesch gesi, sinn d'Wierder Griecht a Gruef op dat Alhéichdäitscht "gruoba" zeréckzeféieren. Deemools ass domat fir d'éischt emol fir eng Grouft gebraucht ginn, ma och eng Verdéiwung oder en Ofgronn waren dorënner schonn ze verstoen. Am Mëttelnidderdäitschen hat sech dat Wuert da schonn zu "gröve" entwéckelt, an huet ganz kloer en Dall oder en natierleche Gruef bezeechent. Souguer am Angelsächsechen, respektiv am Englesch gëtt et d'Wuert "groove", dat mat enger Rill, enger Rënn oder engem klenge Gruef iwwersat ka ginn.

Verschidde Plazen am Land

Grief a Griechte fënnt een dann extrem vill uechter d'Land. Mat e puer Minutte wier et sécherlech net gedo fir dës Flouer alleguer opzezielen. Zemools well et och nach eng jett Ofwandlunge gëtt, wéi zum Beispill d'Gruefkaul zu Duelem, d'Gruefwiss zu Leideleng oder eng Gruefeschwiss zu Roudebuer. Et gëtt och eng Groussgriecht zu Bartreng, eng Kuerzgréissen zu Duelem, an eng Noatsgreecht zu Knapphouschent.

Déi wuel bekanntste Gruef-Strooss hei am Land ass dann héchstwarscheinlech awer d'Rue du Fossée an der Stad, och nach "Um Gruef" genannt. Allerdéngs ass där hiren Numm net op en natierlechen Gruef zréckzeféieren, mee krut dësen am 12. Joerhonnert schonn, well dës Strooss deemools iwwer de Gruef gebaut gouf, dee virun der zweeter Festungsmauer vu Mënschenhand ausgehuewe gouf.

D'Geschicht vun der Schankegriecht

An iwwer d'Schankegriecht bei Reimberg gëtt et da wuel déi meeschte Seechen ëm eng Griecht, well do jo de landbekannte Schankemännchen sech erëmdreift. Am Fong e wëlle Jeeër, dee wéinst sengem ruppege Behuelen dohi verbannt gouf.

Hei ass eng dovun: Am décke Gestrëpps bei Reimberg läit d'Schankegriècht, duerch déi e bësse Quellewaasser fléisst, an och e puer däischter Weeër doduerch ginn. An dëser Griecht soll sech owes de Skelett vun engem Päerd, jo souguer dee vun engem Mann, ronderëm drécken. Anerer erzielen, datt do och gären emol fierchterleche Kaméidi a Musek ze héieren ass.

An esou koum et dann, datt enges Nuets e Mann op sengem Heemwee laanscht dës Griecht huet misse goen. Op eemol huet hien de Skelett vun engem Mann gesinn op hien duer torkelen, de Schankemännchen. De gudde Mann ass séier dovu gelaf, ma huet sech an der Nuecht verluer - de Schankemännchen ëmmer hannendrun. D'Angscht huet de Mann duerch déckt Gestrëpps gedriwwen, Bierg op, Bierg of, an huet him seng ganz Kraaft kascht, fir jo dem rabbelege Skelett aus dem Wee ze kommen. Ma et sollt net sinn. Ausser sech a komplett midd ass hien op eemol gefall a war op der Plaz dout.

E Kräiz, dat bei der Schankegriècht opgestallt gouf, sollt fir ëmmer un dësen traurege Spektakel erënneren. Ma och duerno ass ville Leit de Schankemännchen ëmmer nees begéint, an huet déi esou därmoossen erféiert, datt se all Kéiers frou waren, nees heel dovu komm ze sinn.