Radioen

On air

Tockcity  |  Nia Archives - Cards On The Table

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Happy Birthday H29

ZäithistorikerIn

Happy Birthday H29

Virun 90 Joer gouf zu Lëtzebuerg eng decisiv, historesch Entscheedung getraff: am Juli 1929 huet d'Chamber d'Holding-Gesetz gestëmmt. D'Nowierkungen dovunner prägen eis nach ëmmer.

auto_stories

6 min

De Vincen Artuso ass Historiker. Foto: Archiv.

Nom Brauch ass et erlaabt bis Enn Januar Gléckwënsch zum neie Joer z'adresséieren. D'Tatsaach ass awer, datt d'Noriichten éischter düster sinn. Zanter Woche gëtt eng nei Finanzkris prophezeit, an net egal wéi eng, the Big One.

Zanter der Leschter si just e bëssche méi wéi zéng Joer vergaangen, mee zanterhier huet sech relativ wéineg am globale Finanzsystem verännert. Deemools ass éischter vu Moralisatioun wéi vu Reforme geschwat ginn. Den Daach huet gebrannt an eis Welt-Leaderen hunn decidéiert d'Kichen nei unzesträichen.

De gréissten Ënnerscheed zu der grousser Rezessioun vun 2007 ass, datt et haut bal kee Spillraum méi gëtt. Déi meescht westlech Staaten si staark verschëlt an d'Zënssätz leien zanter engem Joerzéngt op engem historesch déiwen Niveau. Dat bedeit, datt d'Leit, déi wëssen, wéi ee Feier mat Silex-Steng ufänkt a fäeg sinn e wëllt Schwäin mat enger Keul z'erleedegen, d'Elite vu muer wäerte sinn.

D'ekonomesch Illusioun

Dëst ass awer per Definitioun kéng prospektiv Chronik, am Géigendeel. Et ass och keng ekonomesch, mee eng historesch. Mee voilà, Ekonomie ass keng Wëssenschaft, mat kloren, atemporellen, universell acceptéierte Gesetzer. Ekonomie ass eng Praxis, déi sech an d'Zäit verzitt. Eng Aktivitéit, déi vu besonneschen Acteuren an engem besonnesche Kontext ausgeüübt gëtt.

Déi dominant Ideologie postuléiert zwar, datt et eng onsiichtbar Hand gëtt, datt de renge Pragmatismus verschidden Decisiounen diktéiert. Datt et keng Alternativ gëtt. Datt Glawen, an déi domadder associéiert Iddi vun enger Virmuechtsstellung vun der Ekonomie, sinn Illusiounen.

Et gëtt séier vergiess, datt déi divers mënschlech Gesellschaften, opgrond vun hiren ënnerschiddlechen historeschen Experienzen, Siichtweisen, Wäerter ganz ënnerschiddlech Äntwerten, och zu identesche Problemer kënne fannen. Kruzial wirtschaftlech Entscheedunge si schlussendlech ëmmer historesch an hirer Natur, a politesch an hirer Applikatioun.

Virun 90 Joer gouf zu Lëtzebuerg eng decisiv, historesch Entscheedung getraff. Jo, grad dëst Joer feiere mir de Gebuertsdag vun engem Evenement deen eist Land, op laang Dauer, déif verännert huet. Deem seng Nowierkungen haut nach ëmmer all Aspekter vun eisen Existenze prägen. Am Juli 1929 huet d'Chamber d'Holding-Gesetz gestëmmt. Lëtzebuerg huet deemools den Offshore-Wee ageschloen an d'Fundamenter vun der haiteger Finanzplaz geschaaft.

Aféierung vum Lëtzebuerger Holding-Regime

De Gesetzprojet, deen de 16. a 17. Juli diskutéiert gouf, war kuerz, prägnant an effikass. En huet aus just zwee Artikele bestanen. Säin Zil war d'Kreatioun vu Lëtzebuerger Holdingen z'erlaben. Dobäi huet et sech ëm Gesellschafte gehandelt, déi kee Recht haten eng kommerziell oder industriell Aktivitéit am Grand-Duché ze hunn. Si hu just dozou gedéngt, Dividende vu vermuttlechen Duechtergesellschaften op Lëtzebuerg ze rapatriéieren, wou se net versteiert waren. D'H29, wéi d'Lëtzebuerger Holdinge spéider genannt goufen, hu just missen en Droit d'Apport bezuelen, souwéi eng Timber- an eng Abonnementssteier.

Dee Projet war an engem besonneschen, historesche Kontext ausgeschafft ginn. Zu deem Zäitpunkt huet d'Weltwirtschaft nach un de Nowierkunge vum Éischte Weltkrich gelidden. Déi fréier krichsféierend Muechten haten hir Steiere staark erhéicht.

De globalen Handel hat säi Virkrichsniveau nach ëmmer net opgeholl. Kleng Staaten, mat engem extrem beschränkte Marché, wéi Lëtzebuerg, ware besonnesch benodeelegt. Esou versteet sech och, datt eng Kompetitioun mat Länner wéi der Schwäiz, dem Liechtenstein oder Panama existéiert huet. Den Who's Who vun de Juridictioune mat Leaks-Skandaler ass Enn den 1920er Joren entstanen.

Mat der Aféierung vun engem Lëtzebuerger Holding-Regime huet sech déi deemoleg schwaarz-blo Regierung besser Finanzéierungsméiglechkeete fir d'Stolindustrie versprach, an natierlech och komfortabel Steierakommes vu baussen. D'Grënnung vun enger H29 war sécher extrem gënschteg. Déi, fir eng däitsch oder franséisch Firma extrem bescheiden Taxen, hunn awer d'Perspektiv vu komfortabelen Akommes fir e Klengstaat wéi Lëtzebuerg plausibel gemaach.

Bewosst Ambiguitéiten

Datt ee mat legalen Artifizer Kapital aus dem Ausland unzéie kéint, war net jidderengem geheier an enger Gesellschaft, déi nach staark kathoulesch gepräägt war. D'Debatt, déi am Summer 1929 stattfonnt huet, weist, datt verschidden Deputéierter a Ministeren déi Saach mat schlechtem Gewëssen ugaange sinn. Eenzeler hunn och scho potenziell Gefore gewittert, zum Beispill Steierdumping oder d'Perspektiv d'Souveränitéit vum Land u mächtege Finanzinteressen ze veräusseren. De Pierre Dupong, deemolege Finanzminister a spéidere Premier, hat en zolidd Argument parat :

"Nous avons en ce moment la certitude qu'un certain nombre de sociétés Holding s'établiront prochainement chez nous, si le projet est voté. Si le projet de loi n'était pas voté, ce que je n'admets pas un seul instant, ces sociétés s'éloigneraient de nos frontières, pour s'établir dans des pays où on leur fait de plus grands avantages. Qu'est-ce que nous y aurons gagné ? Absolument rien..."

Wa mir schonn näischt géint esou eng Evolutioun maache kënnen, da solle mir wéinstens versichen dovunner ze profitéieren. Mat esou Raisonnementer kann een natierlech och Crack an de Primärschoule verkafen. Mee bon, si hunn gewierkt. Et soll een och net vergiessen, datt déi Leit net gewielt gi ware fir Moralpriedegten ze halen, mee d'Interesse vum Land ze wahren. Sou huet d'oppositionell Aarbechterpartei de Prinzip zwar condamnéiert, mee d'Saach ophand vun enger gläichaarteger Logik akzeptéiert:

"Die jetzige Organisation der kapitalistische Kräfte schafft die Möglichkeit, das Kapital leicht zu mobilisieren und schnell zu verschieben. Diese Tendenz erfährt jetzt eine starke Förderung durch die Holdinggesellschaften " huet de Pierre Krier, spéideren Aarbechtsminister, an der Chamber erkläert : "Wir möchten nun aber nicht diese Organisationsform verhindern. Wenn wir es tun wollten, wären wir doch dagegen ohnmächtig."

Den Offshore-Wee

D'H29 huet net direkt d'Ziler erreecht, déi d'Politiker erhofft hunn. Kee Wonner. Dräi Mount dono sinn d'Finanzmäert kollabéiert. D'Grouss Rezessioun war da mol net eriwwer, wou den 2. Weltkrich ugefaangen huet. D'Wett ass eréischt 30 Joer dono opgaangen, dank der Nokrichs-Entfaltung vum Welthandel. D'H29 war e praktescht a gelenkegt Gefier, fir multinational Firmen, déi sech beméit hunn den drastesche Bretton-Woods-System z'ëmgoen. Lëtzebuerg ass eng wichteg Handelsplaz gi fir Eurodollaren, also fir Devisen, déi ausserhalb vun de Länner zirkuléiert si wou se emittéiert goufen, an domadder och e Virreider vun der zäitgenëssescher Finanzglobaliséierung.

Et ass interessant nozeliesen, datt de Pierre Werner, deen ebe grad an dëser Opschwongperiod Premierminister war, d'Lëtzebuerger Finanzpolitik a bal de selwechten Termë wéi d'Politiker aus den 1920er Jore verdeedegt huet. An senge politesche Memoiren, Itinéraires luxembourgeois et européens, déi 1991 publizéiert goufen, huet hie Folgendes geschriwwen:

"Si la société libérale à laquelle je crois veut survivre elle devra prôner et s'imposer une autodiscipline de loyauté sociale, que les États devraient promouvoir également par d'autres moyens que l'inquisition." No dem Plaidoyer fir eng verantwortungsbewosst, liberal Approche huet en awer ergänzt: "La réalité nue était que les investisseurs qui ne trouveraient pas l'avantage d'un régime de faveur ou de liberté à Luxembourg le trouveraient aisément ailleurs."

Lëtzebuerg huet den Offshore-Wee zu engem Zäitpunkt vun Nout ageschloen. Et war eng egoistesch Entscheedung, mee déi grouss Natiounen hu sech an der Tëschekrichszäit och net grad altruistesch beholl. De Lëtzebuerger Konsens huet och doranner bestanen, d'Beneficer vum ultraliberale Finanzsecteur am Wuel vun der Bevëlkerung z'investéieren. Esou huet Lëtzebuerg säin Etat-providence opgebaut.

Wat passéiert awer, wann de Steierdumping den europäesche Projet a Gefor bréngt? Oder wann déi neoliberal Logik géint d'Lëtzebuerger backfiret? D'Fro no der H29 stellt sech op jidder Fall net méi. D'Europäesch Unioun huet viru 15 Joer befonnt, datt et sech ëm en onfairen Dispositif géif handelen. Den 31. Dezember ass d'H29 offiziell gestuerwen. Keng Angscht, seng d'Duechter, d'Soparfi, huet de Relai iwwerholl.