Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hello Dolly", vegan Liewensmëttel an de fréiere Premier

Generatiounen

"Hello Dolly", vegan Liewensmëttel an de fréiere Premier

A "Generatiounen" hu mer haut an en Interview vun 1998 mam Jean-Claude Juncker eragelauschtert, sinn der Fro nogaange wéi gesond vegan Liewensmëttel sinn a mir hunn op de Film Hello Dolly aus dem Joer 1968 zréckgekuckt.

auto_stories

4 min

"Gaart an Heem", eng laang Traditioun

Am Gaart schaffen ass e gesonden a virun allem och nohaltegen Hobby. A grad elo an Zäite vun der Corona-Kris sinn all Gäertner gefuerdert, hire Menü mat selwer gezillte Produiten ze beräicheren. Kanner léieren duerch Gaardepraxis de Wäert vun der Natur kennen; si maachen d'Erfarung, datt den Asaz bei der Aarbecht och e schéine Loun bréngt. D'Presidentin Martine Mergen iwwer d'Liga Gaart an Heem, déi méi wéi 20.000 Memberen zielt.

Lauschterenplay_arrow

"Ronderëm d'Place d'Armes"

De Georges Urwald entféiert eis an déi musikalesch Kreatioun zu Lëtzebuerg vun den 1950 bis 1970er Joren. Déi Plaz, wou déi jonk Leit, virun allem d'Hären! sech beim Aperitif treffen, de reegelméissege Kioskconcerten, vun der Militärmusek, Chéier oder Ensembelen aus dem Conservatoire nolauschteren, de Meedercher nopäifen, an och emol Bekanntschafte maachen, an owes sech am Cercle um Bal ameséieren. De Cercle, en immens polyvalent Gebai, wann ee bedenkt, datt hei 100 Joer virdrun dem Dicks seng Koméidisstécker opgeféiert goufen, d'Clara Schumann ënner der Direktioun vum Laurent Menager hei opgetrueden ass, an den 1920er Joren d'Berliner Philharmoniker ënner dem Wilhelm Furtwängler hei gespillt hunn oder grouss Konschtausstellungen hei stattfonnt hunn.

Schéin, datt déi Traditiounen op der Plëss bis haut zum Deel konnte bestoe bleiwen.

Haut ass et d'Lidd "Ronderëm Place d'Armes", gesonge vum Micky an Ali Bintz-Erpelding. Den Text ass vum Pir Kremer, d'Musek vum Gaston Konradt, d'Plack, eng Single, e 45Tour, koum bei der Firma Delta eraus. Dem Akkordeon trëtt an dësem dänzereschen Tube déi neimoudesch elektronesch Uergel aus där Zäit entgéint.

Lauschterenplay_arrow

Vegan Liewensmëttel

Veganer hunn aus hiren Iessgewunnechte Narungsmëttelen, déi vun Déiere kommen, komplett erausgeholl. Si hunn an hirer Ernärung ganz op planzlech Liewensmëttel gewiesselt. Haut gëtt et jo bal alles, vum Jughurt bis bei de Burger, fir op de Grill bis bei Raclette a souguer vegan Form-änlech Scampien. Ob déi an eng gesond Ernärung passen, verréit d'Dieteticienne Liz Mersch.

Muer da geet rieds bei der Dieteticiene Liz Mersch iwwer Fleeschersatzproduiten - an ob déi an eng gesond Ernärung passen.

All Episod vu Bewosst Gesond fann Dir op eisem Site 100komma7.lu am Dossier Wellbeing.

Lauschterenplay_arrow

De fréiere Lëtzebuerg Premier Jean-Claude Juncker

1998 huet de Jean Portante seng Emissioun "Visittekaart" mat enger klenger Verännerung um 100,7 lancéiert. Den Titel dovu war "Binôme" an huet aus zwou Perséinlechkeete bestanen. Déi zweet Perséinlechkeet war ëmmer een Invité vun der éischter. De Start huet de Jean Portante mam deemolege Staatsminister vu Lëtzebuerg gemaach, dem Jean-Claude Juncker. Deen dorops hi säi Virbild mat an de Studio bruecht huet. Ee ganz intime Portrait vum Jean-Claude Juncker an dem Edmond Israel. Wou et net nëmmen ëm Politik an d'Lëtzebuerger Finanzplaz goung, mee wou zwou Persounen hir Frëndschaft dem Nolauschterer méi no bruecht hunn. Eng Fro vum Jean Portante un de Jean-Claude Juncker war deemools, wéi gutt hie säin Virbild, den Edmond Israel, wierklech géif kennen. A fir dës Frëndschaft besser kennenzeléieren, kënnt Dir an eis Archiv-Sektioun op eisem Internet Site https://www.100komma7.lu/ klicken, da fannt Dir déi ganz Emissioun.

Lauschterenplay_arrow

"Hello Dolly"

Nom phenomenale Succès vun der Broadway Show "Hello Dolly" kënnt 1969 e Filmmusical mam selwechten Titel an de Kino. Regisseur vum Film war keen anere wéi de faméise Sänger, Steppdänzer a Schauspiller Gene Kelly. An den Haaptrollen hu gespillt: Barbara Streisand a Walter Matthau.

Lauschterenplay_arrow


Mir hoffen, datt Dir nees vill Freed un eiser neier Emissioun "Generatiounen" hat a ginn Iech en neie Rendez-vous muer de Mëtteg um 13:00 Auer. An wann Dir e Musekswonsch hutt, oder Dir eis eppes soe wéilt, oder engem e Bonjour wëllt mat op de Wee wëllt ginn, da kënnt Dir dat maachen iwwer eis WhatsApp um 621 44 00 44 oder iwwer den Telefonsrepondeur 44 00 44 123.

Wann Dir eis Är Meenung zu eiser neier Emissioun wéilt soen, da kënnt Dir dat iwwer e Sprooch- oder en Textmessage op eis WhatsApp um Nummer 621 44 00 44 oder iwwer eise Repondeur 44 00 44 123. Mir freeën eis iwwer all Remark, all Suggestioun an och iwwer all Musekswonsch.