Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng Gesellschaft, wou den Doud ausgeklammert gëtt"

OMEGA 90

"Eng Gesellschaft, wou den Doud ausgeklammert gëtt"

D'Asbl "Omega 90" bitt zanter méi wéi engem véierels Joerhonnert Trauer- a Stierfbegleedung zu Lëtzebuerg un a gouf viru kuerzem vum Schwäizer Institut "qualitépalliative" mam Label "Qualité en soins palliatifs" fir hir Aarbecht belount. Domadder ass d'Haus Omega zu Hamm deen éischte, offiziell zertifiéierte "Centre de soins palliatifs" am Land.

auto_stories

3 min

Henri Grün

Omega 90 huet als Motto "Liewe begleeden, a Situatioune vun Trauer, Krankheet, Stierwen a vun Dout". Konkret heescht dat, dass d'Associatioun do ass fir Soins palliatifs ze promovéieren, fir Leit déi eng schwéier oder eng onheelbar Krankheet hunn oder um Liewensenn ukomm sinn. Dat geet awer nach ee Stéck méi wäit, dee ganze Beräich vun Trauer ass do mat dran. Dofir huet Omega 90 sech och d'Missioun gi fir Leit ze forméieren, fir Soins palliatifs kënnen ze maachen.

Omega 90 huet fir déi Aufgabe véier Servicer op d'Bee gestallt. Dat geet vun der Consultatioun, iwwer d'Formatioun an de Benevolat, bis bei d'Haus Omega 90 zu Hamm. En Établissement hospitalier mat 15 Better fir Mënschen an der leschter Liewensphas. Am Service "Consultations" schaffe sechs Psychologinnen, déi net nëmmen Erwuessener, mee och Jugendlecher a Kanner betreien. De But vun der Trauerbegleedung ass et, de betraffene Leit ze hëllefen, hir eege Ressourcen erëm ze fannen. Am Fall vun enger traumatescher Trauer dauert dee Prozess vill méi laang, well de psychesche Prozess fir dat ze verschaffen ëm en Etleches méi schwiereg ass.

D'Zäit, déi bleift, esou gutt wéi méiglech liewen

15 Zëmmere stinn an der Spidolsstruktur zu Hamm zur Verfügung, fir Leit déi um Liewensenn ukomm sinn. Omega 90 stellt ganz héich Ufuerderungen un d'Personal wat do schafft, si si fir Soins palliatifs beschtens forméiert, a maachen alles fir déi Leit, déi an dëser Struktur hir lescht Zäit verbréngen. Viru kuerzem gouf d'Haus Omega vum Schwäizer Institut "qualitépalliative" mam Label "Qualité en soins palliatifs" fir hir Aarbecht belount an ass deen éischten, offiziell zertifiéierte "Centre de soins palliatifs" zu Lëtzebuerg.

Fräiwëlleger gebraucht

Zanter engem véierels Joerhonnert forméiert Omega 90 och eng 20 bis 30 fräiwëlleg Mataarbechterinnen d'Joer. Am Ablack intervenéieren si zu hirer 60 a Kliniken a Fleegeheimer bei Leit déi schwéier krank, an um Enn vum Liewen ukomm sinn. An de Soins palliatifs ass dat eng Saach, déi och symbolesch Bedeitung huet, andeem se de Kranke seet: "Du bass nach een Deel vun der Gesellschaft, Du gehéiers nach zu eis". Fir d'Famill ass et och wichteg ze wëssen, dass dee Lien nach do ass.

Den Doud ass Deel vum Liewen

"Mir liewen an enger Gesellschaft, wou den Doud ausgeklammert gëtt, a wou mer äis net gär domatter beschäftegen", esou den Henri Grün, Direkter vun Omega 90. Well dat nei misst geléiert ginn, organiséiert Omega 90 Konferenzen zum Thema. Et wéilt een de Leit verdäitlechen, wéi ee säi Liewensenn kéint organiséieren, a wat jidderee selwer kéint decidéieren. Dem Public géing och erkläert ginn, wat fir legal Méiglechkeeten et zu Lëtzebuerg gëtt, fir dat ze maachen.