Radioen

On air

Nei Musek  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historikersträit?

Den Zäithistoriker

Historikersträit?

A senger Replique zum Artuso-Rapport schreift de Charles Barthel vun "(angeblich) begangenem Unrecht" vu Säite vun der Verwaltungskommissioun. Dobäi si wichteg Grondelementer scho laang bekannt, just d'Schéier am Kapp huet bis elo verhënnert, d'Konklusiounen aus deene Recherchen ze zéien. De Rapport Artuso ass e wichtege Schrëtt an där Entwécklung. Déi Recherche mussen elo endlech verdéift - amplaz a Fro gestalt - ginn, seet den Zäithistoriker Denis Scuto.

auto_stories

8 min

Denis Scuto

​Et gëtt haut vill geschwat iwwer de Rapport Artuso. Mee viru méi wéi 30 Joer huet schonns eemol e jonken Historiker Recherchen iwwer d'Kollaboratioun vun de Lëtzebuerger Autoritéiten mam Okkupant am Kader vun der nationalsozialistischer Juddepolitik gemaach. A well e gutt recherchéiert huet, krut e vill Elementer vum Puzzel och schonn deemools rassembléiert. Dee Mann war den Historiker Paul Dostert. An senger Dokterthes, erauskomm 1985, behandelt en och d'"Volkstums- und Rassenpolitik". Een extrat Kapitel widmet en deem, wat en "Ausrottung der Juden" nennt ("Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe", S. 161-167). Do geet en e. a. an op d'Juddepolitik vum Gauleiter Simon a vum Einsatzkommando der Sicherheitspolizei und des SD, besser bekannt ënnert dem Numm Gestapo, déi mat der "Regelung der Judenfrage" befaasst war. Den Historiker schwätzt zum Schluss vum Kapitel vun der Zesummenaarbecht tëscht Verwaltungskommissioun an der däitscher Zivilverwaltung an der éischter Phas vun der nationalsozialistischer Juddepolitik, der Erfaassung vun de Judden:

“Aus zwei Schreiben vom November 1940 spricht ein administrativer Ton der Zusammenarbeit, der den Eindruck erweckt, als ob die Verwaltungskommission gewisse Fragen in Bezug auf die Juden nichtluxemburgischer Nationalität von sich aus aufgeworfen und dadurch den Mechanismus der Erfassung erst in Gang gesetzt hätte. Die dann von ihr geforderten Handlangerdienste am Schreibtisch wurden akribisch genau geleistet. Wohl war damals die "Endlösung" nicht voraussehbar, doch hat dieser Mangel auch nur an passivem Widerstand schlimme Folgen gehabt.”

An sengen Anmerkungen (112, Anhang S. 178) zitéiert en e Schreiwen vun der Verwaltungskommissioun un de Chef der Zivilverwaltung vum 21. November 1940.  Do geet riets vun enger "namentlichen Liste" vu 480 polnesche Judden, déi no Duerchsicht vun allen Auslännerdossieren vun der Lëtzebuerger Friemepolizei opgestallt gouf. Dat ass gemaach ginn opgrond vun den Nimm a Virnimm, well d'Fichen vun der Friemepolizei keng Rubrik Relioun oder Rass hunn.

Artuso-Rapport scho virun 30 Joer?

Wann e gewollt hätt, hätt de Paul Dostert scho virun 30 Joer kënnen ufänken de Rapport Artuso ze schreiwen. Mee seng Découverten wollten net esou richteg bei seng Interpretatiounen, an dësem Fall säi Gesamtbild vun der Krichszäit, passen. Dem Historiker säi Bild vun der Haltung vum Lëtzebuerger Staat a vun de Lëtzebuerger zu de Judden an der nationalsozialistischer Juddepolitik war positiv. Dofir relativéiert en d'Affaire vun der Lëscht vun de polnesche Judden an engem aleedende Saz: "Dieses positive Bild erhält jedoch einen Schatten, wenn man der Frage der indirekten Mithilfe und Verantwortung der Verwaltungskommission bei der ersten Phase der Judenpolitik - der Erfassung der Juden in Luxemburg - nachgeht."

Ee Joer drop, 1986, gëtt de Journalist an Historiker Paul Cerf an sengem Buch "L'étoile juive au Luxembourg" eng aner Interpretatioun vun dem selwechten Archivdossier, deen een am Lëtzebuerger Fonds Affaires étrangères fënnt, vu dass et eng Korrespondenz tëscht Albert Wehrer, zoustänneg fir dee Ressort an der Verwaltungskommissioun, an dem Chef der Zivilverwaltung war.

De Paul Cerf schreift direkt kloer em wat et fir hien geht: Wéi hunn déi Däitsch sech ugeluecht fir d’Lëscht vun de Judden opzestellen, vu dass e Recensement no der Relioun gesetzlech net virgesi war zu Lëtzebuerg? En analyséiert déi selwecht Dokumenter wéi de Paul Dostert, kënnt awer zum Deel zu aner Conclusiounen. Hien präziséiert dass et d'Verwaltungskommissioun selwer ass, déi den 31. Oktober 1940 d'Fro opwäerft, wéi se a punkto däitsch a polnesche Judden soll virgoen. D'Archivdokument, paraphéiert vum Louis Simmer, ass am Cerf sengem Buch ofgedréckt (S. 48). Et ass also net nëmmen en Androck dass d’Initiative vun der Verwaltungskommissioun ausgeet. Den CdZ geet op d'Fro vun der Verwaltungskommissioun an a freet wéivill Judden vu polnescher Ofstamung nach am Land sinn. De Cerf betount dass d'Lëscht opgrond vum jüdesche 'Klang' vun den Nimm opgestallt gouf, wat u sech schonns eng antisemitesch Démarche ass.

Seng Conclusioun ass kloer: "La commission administrative porte une lourde responsabilité dans l'établissement d'un fichier des Juifs étrangers." Wat de Cerf op eng weider Fro bréngt: Wéi ass de Fichier vun de Lëtzebuerger Judden zesummegestallt ginn?

De Paul Dostert huet seng Pisten net weider verfollegt, well e soss a Konflikt komm wier mat der Haaptkonklusioun vun senger Thes. An déi war dass d'Land am Krich seng lescht Prüfung um Wee zur Natioun bestanen hat (S. 267). Eng Rei Elementer, déi mer am Rapport Artuso erëm fannen, hat e reperéiert. En schwëtzt 1985 souguer kuerz, dass d'jüddesch Kanner vum Schoulbesuch ausgeschloss sinn (S. 166) a mécht Referenz op d'Lëscht vun 18 jüdesche Schülerinnen, déi aus dem Méedercherslycée an der Stad erausgeheit goufen. Och hei relativéiert en dat awer doduerch, dass d'Judde selwer genee wéi di net-jüddesch Bevëlkerung déi bedreelech Lag falsch ageschat hätten.

Wierklechen Historikersträit!

De Paul Cerf huet seng Pisten och net weider verfollegt, mee hien ass op eng aner Aart a Weis an senge Recherchen gestoppt ginn. Deemools gouf et e wierklechen Historikersträit an do gouf mat haarde Bandagen gekämpft. D'Doutschlagargument géint de Cerf koum vum Historiker Paul Margue deen an der Revue Heemecht dem Paul Cerf en "antisémitisme à rebours" virwäerft (Hémecht 1986, S. 503). De Paul Cerf hat sech nët nëmmen getraut d'Roll vun Verwaltungskommissioun an der Juddeverfolgung unzeschwätzen, mee och di antisemitesch Tendenzen a kathoulesche Jugendkreeser an den 30er Joren.

De Vincent Artuso ass 30 Joer méi spéit an senger Thes an a sengem Rapport do weider gefuer, wou den Dostert opgehalen huet an huet seng Pisten mee och déi vun Heisbourg a Wehenkel weider verfollegt. Am Géigesaz zu deem wat de Charles Barthel schreift, weist en am Rapport kloer, wéi d'Verwaltungskommissioun an aner Lëtzebuerger Autoritéiten, ouni dozou ënner Menace forcéiert ze ginn, bei den nazisteschen antisemitesche Persécutiounen kollaboréiert hunn (S. 163-181). Si hunn meeschtens op Uweisungen reagéiert, mee hunn och eegen Initiativen ergraff. Am Géigesaz zu anere Froen - Stéchwuert Sprooche-Veruerdnung oder kathoulesch Schoulen - hunn se net protestéiert wann et em Uweisungen zu de Judde gaangen as.

Just e puer Aspekter wéilt ech hei ervirhiewen. De Wehrer gëtt den 13. August 1940 d'Uweisung vum Gauleiter weider, dass d’Judde déi evakuéiert waren, net méi dierfen zeréck an d'Land. Domat iwwerhëlt d'Verwaltungskommissioun, wéi de Rapport Artuso weist, d'nazistesch Rassekritären, déi aus de Judden, ob Lëtzebuerger oder Auslänner, eng extra Kategorie Mënschen maachen, déi d'Nazien Nicht-Arier nennen. Wat géint d'Lëtzebuerger Verfassung verstéisst.

Woumat mer erëm beim Albert Wehrer wieren. De President vun der Verwaltungskommissioun huet vill Memoranden geschriwwen an zitéiert se gär. Ausser engem. Well deen huet en am Februar 1941 net un d'Lëtzebuerger Autoritéiten adresséiert, mee un déi däitsch. Dat Dokument ass wéi esou munch aner kompromettant Archivpiècen verschwonnen an natierlech net am Dossier Wehrer ze fannen. Mee e gëtt zitéiert an aneren Epuratiounsdossiersën. Den Epuratiounscommissaire Robert Als schreift un de Rand vun engem Dossier: "Où est passé ce Mémorandum Wehrer du 8.2.1941?"

Et ass alt nees de Paul Cerf deen e schonns 1978 zitéiert hat. Fir enger längerer Prisongsstrof ze entgoen, versicht de Wehrer hei ze weisen wéi gutt d'Verwaltungskommissioun mat den däitschen Autoritéiten kooperéiert huet. Villes fält an d'Kategorie Noutligen, mee net alles. Sou schreift de Wehrer: “Die Lage der Verwaltungskommission war in der damaligen Zeit heikel und schwierig. In ihrem Entschluss entsprechend ihrer Loyalitätserklärung alle Anweisungen der Zivilverwaltung restlos und gewissenhaft auszuführen, erteilten die Mitglieder der Verwaltungskommission des öfteren Weisungen, die weder mit der früheren luxemburgischen Verfassung noch mit den früheren Gesetzen, noch auch mit dem von der Kammer erhaltenen Auftrag vereinbar waren.”

D'Verwaltungskommissioun huet géint d'Verfassung verstouss, wéi se d'Uweisung vum 13. August 1940 weiderginn huet. Si huet géint d'Verfassung verstouss wéi se am September-Oktober 1940 Uerdere ginn huet Lëschte vu jüdesche Schüler a Schülerinnen opzestellen, déi se un de Chef der Zivilverwaltung weidergereecht huet, Lëschten déi zu hirem Ausschluss aus de Schoulen gefouert hunn. Am Géigesaz zu deem wat de Barthel suggéréiert, weist de Vincent Artuso kloer, dass d'Verwaltungskommissioun Uerdere ginn a weiderginn huet, déi zu Lëschten vu Schüler nët nëmmen vun israelitescher Konfessioun mee och vu jüdescher Rass no Nazikritären féieren an de Simmer explizit no sougenannten "Mischlingen" siche léisst. D'Verwaltungskommissioun huet géint d'Verfassung verstouss, wéi se ouni explizit gefrot ze ginn, am November 1940 eng Lëscht vun 480 polnesche Judden opstellt an un den CdZ schéckt.

1986 huet eng Zeitung wéi d'Luxemburger Wort, eng Revue wéi d’Heemecht an Historiker wéi de Paul Margue verhënnert, dass noutwenneg historesch Recherchen iwwer d'Kollaboratioun vun de Lëtzebuerger Autoritéiten mam Nazi-Okkupant e. a. an der Juddeverfolgung weidergefouert goufen. An domat gewisen wéi berechtegt déi Fro war déi de Guy Rewenig den 13. Januar 1978 am Lëtzebuerger Land gestallt hat: "Soll wirklich erst dann der wohlgefällige Schleier vollends gelüftet werden, wenn alle „Implizierten", alle, die so oder so ihre Finger im Spiel hatten und nun auf das stillschweigende Protektorat einiger hoher Tiere angewiesen bleiben, ausgestorben sind?"

Wëlle mer och nach 2015 esou weiderfueren? Wann net verstinn ech net, bei aller Freed un der Diskussiounskultur, wat Medien wéi z. B. d'Luxemburger Wort dozou bewegt onfair Attacken ze ënnerstëtzen géint e wëssenschaftleche Bericht, an deem en Historiker an engem knappen Zäitraum fundéiert Conclusiounen virleet zu enger Thematik, wou d'Recherchen dozou aus de Grënn, déi ech genannt hunn, alles anescht wéi einfach ass. Mee vläicht froen ech do mol de Guy Rewenig...