Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Industrie 4.0 begleeden

Paul Wurth

Industrie 4.0 begleeden

Dem Groupe Paul Wurth no, ass am Beräich Energie e grousst Ëmdenken amgaang. De Groupe huet en Incubateur lancéiert, fir Projeten an der Industrie “4.0” ze begleeden. D’erneierbar Energie wier ee vun de Marchéë vun der Zukunft.

auto_stories

2 min

De Groupe Paul Wurth ass besonnesch bekannt fir säin technologescht Wëssen an der Stolindustrie a beim Bau vun Héichiewen. D’Stolindustrie huet sech drastesch geännert. Installatiounen,déi mat Kuel oder Koks funktionéieren gi méi rar, wat d’Diversifikatioun am Energie Secteur erklärt.

Déi erneierbar Energien wier ee vun de Marchéen vun der Zukunft. De Georges Rassel, Generaldirekter vun Paul Wurth mengt et ass “e grousst Ëmdenken amgaang”. Vun de groussen Zentral an, wéi Atomzentralen, géing et ëmmer méi a Richtung vu klengen, dezentraliséierten Biomass-Anlage goen.

Incub

De Groupe Paul Wurth huet decidéiert een "Incubateur" oder "Accélérateur" op d’Been ze stellen. Mam “Incub” well een am Beräich Industrie ganz spezifesch Projeten begleeden. Besonnesch viséiert, si Projeten ëm déi “véiert industriell Revolutioun” och “Industrie 4.0” genannt, an där d’Kommunikatiounstechnologien am Produktiounsprozess ëmmer méi eng zentral Roll spillen.

De Sébastien Wiertz, zoustänneg fir den "Incub" vu Paul Wurth, nennt als Beispiller vu Projeten déi viséiert sinn, Projeten am Beräich Ëmwelt, Logistik, Konstruktioun oder nach déi sougenannt "Smart Cities".

Um Site vu Paul Wurth zu Hollerech gëtt momentan ee Gebai fir déi selektionnéiert Start-Upen reamenagéiert. Eng 30 Kandidaten hunn sech laut Paul Wurth scho gemellt. Uganks Juni ginn eng 15 Kandidaturen zréckbehalen. E weideren appel à candidatures kéint schonn am Hierscht lancéiert ginn.