Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The X - Sweet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Industriestanduert Lëtzebuerg

Industriepolitik

Industriestanduert Lëtzebuerg

D'Entscheedung vun der Firma Knauf, eng Steewollfabrick an der franséischer Grenzregioun ze bauen, huet zu Lëtzebuerg d'Gemidder erhëtzt. Matzen an der Wuesstumsdebatt stellt sech d'Fro, wéi eng Industriepolitik Lëtzebuerg wëll.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse (Foto: Archiv)

Zwee rezent Beispiller weisen drop hin, wéi schwéier d'Politik sech mat enger Strategie deet, fir d'Industrie hei am Land an en wirtschaftlecht an ëmweltgerecht Gesamtkonzept z'integréieren. Wéi d'griichesch Firma Fage ukënnegt huet, sech mat senger Jughurtsfabrick zu Lëtzebuerg niéierloossen ze wëllen, koum et séier zu Differenzen tëschent dem sozialistesche Wirtschaftsminister an der grénger Ëmweltministesch.

Kaum war di Geschicht verstëmmt, gouf et erëm Opreegung iwwert d'Steewollfabrick vu Knauf, eng Firma déi no räifer Iwwerleeung léiwer am grenznoen Illange a Frankräich wéi hei zu Lëtzebuerg investéiere wëll. Domat ass d'Wuesstumsdiskussioun nees voll am gaangen. Tëschent den onverbesserleche PIB-Fetischisten an de radikalen Ëmweltpartisane wiisst de Gruef ëmmer weider. A wat mer méi no un d'Wahle kommen, wäert den Toun och méi rau ginn.

Bréifkëschtewirtschaft vs. Klimaschutz?

Dobäi stelle sech déi wéinegst d'Fro, wat fir eng Industriepolitik mir zu Lëtzebuerg an Zukunft wëllen hunn. Solle mir eis begnügen, aus Lëtzebuerg eng Bréifkëschtwirtschaft ze maachen, wéi de Minister Etienne Schneider dat emol iwwerspëtzt formuléiert huet? Oder solle mir ëmgedréint d'Aen zoumaachen, wa Fabricken eist Land virun Ëmweltproblemer stellen, grad an enger Zäit wou mir versichen, d'Loft méi propper ze kréien a fir de Klimaschutz anzetrieden?

Politik huet net vill Äntwerten

D'industriell Revolutioun huet Lëtzebuerg an der Vergaangenheet radikal ëmgewandelt a vill zum Wuelstand vun der Populatioun bäigedroen. De Stolsecteur war d'Mëllechkou vun eisem moderne Staat, an dat bis an d'1970er Joren eran. Nom Zweete Weltkrich ass äifreg no auslänneschen Investisseuren, ënnert anerem aus den USA, gesicht ginn. Den Effet vun der Desindustrialisatioun huet sech ab den 1980er Joren haaptsächlech duerch de Réckgang vum Stolsecteur bemierkbar gemaach, an den Déngschtleeschtungssecteur huet ëmmer méi Gewiicht kritt. Nei Industrië sinn awer bäikomm, zum Beispill am Beräich vun de Gummi- a Plastiksmaterialen. Branche wéi Automobilaccessoiren oder Satellitten an Telekommunikatioun hunn d'Industrie verstäerkt diversifiéiert.

Gläichzäiteg gräift d'Industrie ëmmer méi op d'Mechanisatioun an d'Automatiséierung vun de Produktiounsprozesser zeréck, wat mat sech bréngt, datt déi nei Entreprisen op manner mënschlech Ressourcen ugewise sinn. D'Robotisatioun an d'kënschtlech Intelligenz si fir d'Industrie eng grad esou grouss Erausfuerderung wéi den Ëmweltschutz oder bürokratesch Hürden. Dozou kënnt, datt et an eenzele Branchen ëmmer méi Problemer gëtt, fir kompetent a motivéiert Leit ze fannen.

Op all déi Froen huet d'Politik am grousse Ganze wéineg Äntwerten. Et ass deemno schéin a gutt, wann een iwwert d'Vir- an d'Nodeeler vum Wuesstum streide wëll, mee déi Diskussioun verdeckt oft Problemer, déi d'Zukunft vun der gesamtindustrieller Tätegkeet zu Lëtzebuerg beaflosse wäert.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.