Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Initivativë fir d'Gesondheet vun de Bëscher

Naturschutz

Initivativë fir d'Gesondheet vun de Bëscher

D'Associatioun vun de Fierschtere fuerdert, datt d’Bëschgesetz geännert gëtt. De Lëtzebuerger Bësch misst sech erëm erhuelen.71 Prozent vun de Beem si mëttel bis schwéier beschiedegt. Dat geet aus engem Inventaire ervir, deen d'lescht Joer gemaach gouf. D'Fierschter weisen u konkrete Beispiller, wat ka verbessert ginn.

auto_stories

3 min

Ronn een Drëttel vu Lëtzebuerg besteet aus Bëscher. Fir den Zoustand vum Bësch ze verbesseren, wier een neien Aktiounsplang ausgeschafft ginn, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Dëse Plang ass a fënnef Punkte strukturéiert:

  1. Et gëtt un engem neie Bëschgesetz geschafft
  2. Vun Enn Mai u sinn nei Aiden en Vigueur
  3. Ëffentleche Bësch soll naturno bewirtschaft ginn. Dee mécht ronn 46 Prozent aus. Viru kuerzem krut Lëtzebuerg fir säin ëffentleche Bësch erëm den FSC-Label
  4. Wëldbestand soll kontrolléiert ginn
  5. Lien mat anere Politiken am Kader vun der Bëschgestioun maachen, besonnesch mat der Mobilitéit

Beispill Dumonts-Haff

D'Aufgab vun de Fierschteren ass et, sech ëm de Bësch ze këmmeren. Am Laf vun de Joren huet de Beruff sech allerdéngs verännert, seet de President vun der Fierschterassociatioun Serge Hermes. Als Fierschter hätt ee villfälteg Aufgaben. E vun de wichtegste Punkte wier den Naturschutz.

Virun zéng Joer gouf tëscht Schëffleng, dem Dumonts-Haff an der Lameschmillen e neit Naturschutzgebitt ausgeschafft, seet de Chef vum Arrondissement Süde vun de Fierschter Michel Leytem. Et gouf eng Renaturéierung vun der Uelzecht duerchgezunn. Mam Zil den urspréngleche Liewensraum vun der Uelzecht ze rekonstruéieren.

"Et war e Gebitt, wat och virdrun intensiv beackert ginn ass. Elo ass erëm alles vill méi naass ginn. Dat heescht mir hunn erëm sougenannten Iwwerschwemmungsflächen", seet de Michel Leaytem. A sou Fläche géinge sech spezifesch Planzen- an Déierenaarten usidelen. Dës Aarte wieren och op europäeschem Niveau dacks geschützt. Et géing een hei also senge Verflichtungen nokommen, néideg Mesure fir den Erhalt vun der Biodiversitéit duerchzeféieren.

"D'Leit musse fir den Naturschutz an d'Gesonndheet vun de Bëscher sensibiliséiert ginn"

Zanter 1992 gouf mat den Natura 2000 Gebidder e gesetzlecht Instrument fir de Liewensraum- an Aarteschutz an der Europäescher Unioun geschaaft.

D'Naturschutzgebitt tëscht dem Dumonts-Haff an der Lameschmillen ass tëscht 50 a 55 Hektar grouss. An dësem Gebitt lafe ronn 40 Galloway-Béischten, seet de Michel Leyte. "Dës Ranner si méi wiederresistent a bewirtschaften d'Weed ouni d'Interventioun vum Mënsch."

Administratioune mussen zesumme schaffen

Den Drock op d'Landschaft zu Lëtzebuerg géing ëmmer méi grouss ginn, esou de Michel Leytem. Duerch esou ee Réckzuchsgebitt kéim d'Natur zur Rou. Dem Serge Hermes no misst een d'Leit fir den Naturschutz an d'Gesonndheet vun de Bëscher sensibiliséieren. "Déi verschidden Administratioune mussen a Punkto Natur zesumme schaffen, fir zu Resultater ze kommen. Nëmmen esou kann et der Natur erëm besser goen."