Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer oder iwwert?

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Iwwer oder iwwert?

D'Caroline Döhmer ass nees bei eis am Studio, fir eis eppes iwwer d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch ze erklären. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut - an der Episod Nummer 60 - eppes iwwer Prepositiounen. Moie Caroline!

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Moie Caroline

Caroline Döhmer: Moie Simon!

So eis mol wannechgelift nach eng Kéier, wat Prepositioune genee sinn.

Guer kee Problem: Dat sinn esou kleng Wierder, déi virun enger Nominalphras stinn a eng Plaz, Zäit, Zil oder Aart a Weis uginn: op, iwwer, mat, fir, ouni, bei.

Iwwer Prepositioune hate mer dach och scho geschwat, oder?

Bei 60 Episoden hu mer schonn iwwer zimmlech vill geschwat, mee ganz am Ufank vun der Emissioun, do goung et och schonn ëm d'Fäegkeete vu lëtzebuergesche Prepositiounen.

Haut wéilt ech awer gären op eng Fro agoen, déi mer beim ZLS gestallt kruten, an zwar war d'Fro: wéini schreift oder seet een "iwwer" a wéini "iwwert"?

A wat ass deng Äntwert?

Als éischt ass dat emol eng Saach, déi net just "iwwer" betrëfft, mee och beispillsweis "ënner/ënnert" oder "widder/widdert".

Dës Prepositiounen hunn en optionalen "t", deen hannendru ka stoen.

Kanns de eis do e Beispill ginn?

Ech ka soen: ënnert der Decken oder ënner der Decken, iwwer eis oder iwwert eis.

A wouhier kënnt deen "t"? Ass dat eng Endung?

Also hei ass d'Beispill mat der Decke scho ganz gutt. Am Prinzip hunn dës Prepositioune keen "t". Lo kënnt et awer zu engem Fall vu Reanalys.

Reanalys?

Komm mer huelen elo eng Form ouni "t": ënner. Wann ech elo soen "ënner der Decken" an ech schwätzen dat séier aus, da gëtt den Ufank vum Artikel "d" wéi d'Endung vun der Prepositioun interpretéiert an et kënnt zur Form "ënnert".

Hei gouf den "t" als Endung reanalyséiert. Dofir fënnt een d'Forme mam "t" besonnesch heefeg, wann hannendrun en Artikel mat engem "d" ass. Also just e kuerze Bléck an eisen Textkorpus weist: hei hu mer "iwwert d..." an 80.000 Fäll an "iwwer d..." bei 15.000 Fäll.

Also béides kënnt vir, mat staarker Preferenz fir d'Form mam "t": iwwert. Deen "t" ass awer mëttlerweil esou fest un d'Prepositioun gebonnen, datt en och a Fäll virkënnt, wou keen "d" hannendru steet: ënnert engem Bam, iwwert eis.

Dat ass wierklech e schéint Beispill fir eng Reanalys, déi dann d'Form vun enger Prepositioun verännert!

A wat ass dat méi richteg: iwwer eppes laachen oder iwwert eppes laachen.

Du wäerts laachen, mee béid Forme si richteg. Meeschtens ass den "t" optional, mee e geet effektiv net ëmmer, also et fënnt een och Kontexter, an deenen eng Form blockéiert ass.

Wou dann zum Beispill?

Bei der fester Tournure "ënner Waasser" kann ech net den "t" benotzen, also "ënnert Waasser" geet net.

Effektiv.

Allerdéngs kéint ech soen "ënner anerem" oder "ënnert anerem".

An ech kann och net soen: Mer fléien iwwert London op New York. Och hei ass d'Form mam "t" blockéiert.

Et gesäit esou aus, wéi wann den "t" blockéiert wier, wann hannendrun en einfacht Substantiv steet, mee och hei muss nach méi genee recherchéiert ginn. An iergendwa kënnt ee selwer op dee Punkt, wou ee sech freet: kléngt dat elo richteg oder falsch?

A bei verschiddene Fäll huet een dann esou vill nogeduecht, datt ee keng spontan Äntwert méi fënnt an alles d'selwecht gutt oder schlecht kléngt.

Dofir ass et och ëmmer wichteg, aner Leit ze froen oder an Texter ze kucken, fir méi iwwer de reelle Gebrauch erauszefannen.

Wéi sees du dann: ënner anerem oder ënnert anerem?

Ënnert anerem

Béid sinn op alle Fall gutt. Et ass einfach e bëssen tricky mat deene Varianten, an et ass och net ganz kloer, wéi déi Forme mam "t" genee verdeelt sinn, also muss hei nach e bësse Recherche bedriwwe ginn, wéi dat bei ville Phenomeener am Lëtzebuergeschen de Fall ass.