Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

SOT EMOL

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice Jil Devresse ass duerch hir Duebelroll vun den Zwillingsschwësteren an der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani" beim grousse Publique bekannt ginn.

auto_stories

3 min

Am Fong kann d'Jil Devresse net esou richteg soe wou hir Passioun fir d'Schauspillerei ugefaangen huet . Se ass en éischter ongewinnte Wee gaangen. Si huet als Kand keen Theater gespillt a se war och net am Conservatoire fir Couren ze huelen

"Ech weess datt ech ganz vill sou kleng Optrëtter ëmmer gemaach hunn, heiansdo och mat mengem Brudder, dann hunn ech hie gezwonge fir musse mat ze maachen. Hie war och ganz léif an huet ëmmer alles mat gemaach wat ech maache wollt. Ech mengen hien hat och Spaass dorun."

Am Lycée Ermesinde zu Miersch goung et lass

D'Jil Devresse hat ëmmer Interessi um Theater, an am Lycée zu Miersch, wou et ganz vill Aktivitéiten, huet si sech dunn op 7ième an den Theater ageschriwwen. An ass och bis op Première beim Theater bliwwen.

"A genee do huet et ugefaangen, a meng Schauspillproffen, déi ech am Lycée hat, hunn mir do och un d'Häerz geluecht, ech soll dat weider maachen. Si hunn ëmmer probéiert d'Leit ze motivéieren an deem Beräich wou ee Spaass hat, weider ze maachen."

"Ech muss no der Première eppes Anstänneges maachen"

Dat war der Jil Devresse hire Gedanke fir nom Ofschloss eppes Richteges zu studéieren an dono eppes Richteges ze schaffen. An se hat sech souguer schonn zu Berlin fir verschidde Fächer ugemellt, wéi Soziologie, Theater- a Filmwëssenschaft, Geschicht oder Philosophie.

"Mee meng Bewerbung war ze spéit ukomm, well ech e bësse geträntelt hat an och net esou motivéiert war. Wat am Endeffekt ganz gutt esou war. Do hat ech Zäit an hunn einfach mol ugefaangen ze kucke wou een da Schauspill studéiere kéint."

Ech hat kee Plang B

D'Jil Devresse huet hir Schauspillformatioun dunn um europäeschen Theaterinstitut zu Berlin gemaach. A virun allem gouf et fir d'Jil Devresse och keng aner Alternativen. Se huet, wéi ee kéint soen, alles op d'Schauspillkaart gesat. Se hat och keen Intressi fir aner Saachen, mee d'Jil Devresse ka sech ganz séier fir eppes passionéieren. Et wier awer kloer an eng éischter artistesch Direktioun gaangen.

"Mee viru kuerzem, sot ech mengem Papp, wann et net méi leeft mam Schauspill, hunn ech absolut keng Kompetenze fir eppes anescht ze maachen. Ech hu jo näischt geléiert ausser Theater spillen. An ech duecht mir "Ah Merde!", dat kéint e bësse schwiereg ginn an da misst ech op alle Fall iergendwéi eng nei Ausbildung maachen."

An et ass ni ze spéit Neies ze maachen, mee op alle Fall leeft den Ament jo gutt fir déi jonk Actrice Jil Devresse.