Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk Hacker mat Iddiën

Bits & Bytes

Jonk Hacker mat Iddiën

Eng Plaz wou Jonker, duerch geziltent Offänke vun Informatioune versichen, Themen an en anert Liicht ze réckelen ass "Jugend hackt" – en Hackathon, also en Event bei deem et och drëm geet, Iddië fir spannend Softwareprojeten ze entwéckelen. A wat et zu Berlin gëtt, gëtt et och lues a lues zu Lëtzebuerg.

auto_stories

6 min

Bei "Jugend hackt" iwwerhuelen Jonker d'Roll vum Programméierer

De Philipp Kalweit ass ee vun de ville Jonken, déi de Wee an d'Welt vum Hacking fonnt hunn, an zwar duerch "Jugend hackt". Bei der Editioun 2015 zu Berlin hunn 135 Jonker matgemaach. Den Oflaf gläicht engem Hackathon: bannent engem bestëmmten Zäitraum, beispillsweis ee Weekend, geet et drëm eng Iddee bis zu engem fäerdege Prototyp ausschaffen. 

Oft ass et esou, dass während dem Brainstorming vill eenzel Ideeën op der Tafel stinn, meespéitstens no der éischter kreativer Paus dinn déi Jonk zesummen di fir déi verschiddenst Iddië mateneen ze verbannen. Begleed ginn si dobäi vu Pädagogen, Programméierer, Eltren oder einfach Ënnerstëtzer vum Konzept "Jugend hackt".

"Wat mech intresséiert ass éischter Technik"

"Vill Jugendlecher spillen éischter Fussball, well dat si eben interesséiert. Wat mech interesséiert ass éischter Technik. Fir vill Jugendlecher ass dat awer nach Neiland. Wann d'Thema an der Schoul an an de Noriichte méi present wier, da géifen sech sécher och méi Jonker dofir interesséieren", seet de Philipp Kalweit

Am Kader vu "Jugend hackt" huet de Philipp mat sengem Team en Dateprotokollant, kuerz DaPro, entwéckelt. Dat ass ee Programm, deen de Benotzer viru sensibelen Informatiounen déi „hannert sengem Réck“ an den Internet geschéckt gi warnt

DaPro: e Filter fir sensibel Daten

An anere Wierder ausgedréckt: Sämtlech Daten déi am Web-Browser benotzt ginn, ier se an den Internet geschéckt ginn duerch den DaPro weidergeleet. Dësen iwwerpréift den Inhalt op sensibel Informatiounen, wei beispillsweis GPS-Koordinaten a Fotoen, a leed se duerno an den Internet weider. De Fall gesat, et si sensibel Informatioune mat dran, kritt de Benotzer eng Warnung a kann da selwer entscheede weiderzefueren oder ofzebriechen.

"Et geet net drëm d'Surfe méi sécher ze maachen, mee dem Notzer ze weise wat fir Donnéeën hien am Internet ëffentlech mécht. Et geet eis drëm dem Notzer dat bewosst ze maachen", erkläert de Philipp Kalweit.

De Marché adaptéiert sech

Mee wéi kéint dann elo een Dateschutz gerechte System konkret ausgesinn? Dem Philipp no ginn et do vill Méiglechkeeten. Seng Astellung: Wann de Notzer eppes wëll, da wäert de Marché sech och dorun adaptéieren an dat ëmsetzen

Mee och zu Lëtzebuerg gëtt versicht, ee Bewosstsënn ze schaffen. An et geet och lues a lues a Richtung vun engem Pendant zu "Jugend hackt". Op Code Club, CoderDojo oder Hack4Kids – all hunn se dat gemeinsamt Ziel de Jonken an Intresséierten d'Konscht vun der Programmatioun bäizebréngen an hinnen sou mat dat wichtegst Handwierksgeschir aus dësem Joerdausend an de Grapp ze drécken. 

Lëtzebuerg: de Wëllen ass do

Och wann et dës Initiativen zum Deel scho säit e puer Joer ginn, sou ass den Interessi eréischt am läschte Joer méi grouss ginn. Ënner anerem och vläit dowéinst, well d'hack.lu, d'Informatiounssécherheetskonferenz zu Dummeldeng, ugefangen huet, eng vun dësen Initiative mat an de festen Owesprogramm ze huelen.  

Fir allerdéngs op den Equivalent vu "Jugend hackt" zu Lëtzebuerg ze kommen, brauch et nach ee laange Wee. Allerdings gi vill Initiative gegraff fir dëst ze erméiglechen. Sou huet beispillsweis de Capel, den Zentrum fir Pädagogik a Fräizäit vun der Stad Lëtzebuerg, dëst Joer eng Formatioun fir Erzéier organiséiert, déi sech reng ëm wëssenschaftlech orientéiert Fächer gehandelt huet. Och wann dat net déi éischt vun dëser Zort war, sou waren awer de Programmatiouns- a Cryptographiecours wuel een neien Highlight.

De Wëllen do, fir an d'Richtung vu esou enger Wëssensvermëttelung ze goen ass also definitiv beluecht. D'Fro déi sech lo nach stellt ass déi, wéi gutt déi eenzel Organisatiounen sech ënnertenee koordinéiert kréie fir ee maximalen Effekt aus hiren Ustrengungen ze zéien.