arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Just Ängschtlecher an Däitschfrëndlecher si schaffe gaangen

Generalstreik

|
reading time

2 min

Just Ängschtlecher an Däitschfrëndlecher si schaffe gaangen

Viru 75 Joer gouf et op verschiddene Plazen am Land e Generalstreik. Gestreikt gouf ënner anerem zu Wolz, zu Schëffleng an zu Esch. Dëse Generalstreik war eng Reaktioun op d'Annonce, datt lëtzebuergesch Männer géifen zwangsrekrutéiert ginn. Als Konsequenz vum Generalstreik goufen 875 Mënsche veruerteelt. Dorënner waren 21 Doudesuerteeler.

reading time

2 min

Zesumme mat der Persounestandopnam vum 10. Oktober 1941 war de Generalstreik ee vun de markanten Evenementer vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg. Grad haut, wou op ville Plaze riets Ideologië Fouss faassen, wier et wichteg, un de Streik z'erënneren, sou den Chamberspresident Mars di Bartolomeo en Donneschdeg beim Nationale Streikmonument zu Wolz.

Och wann d'Distanz zu den Evenementer vun deemools méi grouss, an d'Erënnerung vläicht méi bleech gëtt, si grad sou Commemoratioune wéi déi vun haut wichteg. Grad sou wichteg sinn historesch Recherchen an dat weidert schounungloost Opschaffe vun der Geschicht, ob se eis gefält oder ob se eis net gefält. A wa mir deene Merci wëlle soen, deenen hirem Courage mir eis haiteg Fräiheet verdanken, da musse mir eis haut engagéieren, fir alles ze maachen, datt déi grujeleg Kapitelen aus eiser Vergaangenheet net an eiser Zukunft erëmkommen.

De 25. August 1942 hate sech Vertrieder vun der Lëtzebuerger Resistenzbewegung an der Stad getraff, well si matkritt haten, datt d'Wehrpflicht fir d'Joergäng 1920 bis 1924 zu Lëtzebuerg sollt agefouert ginn. Et gouf decidéiert, sech dogéint ze wieren, andeems een d'Aarbecht néier leet, seet den Emile Lutgen, Lokalhistoriker a pensionéierte Schoulmeeschter vu Wolz.

Den 31. August 1942, een Dag nodeems de Gauleiter Simon d'Annonce vun der genereller Wehrpflicht gemaacht hat, koum et dunn zum sougenannte Generalstreik. Ugefaangen hunn d'Aarbechter aus der Liederfabrick "Ideal" zu Wolz, wou 600 vun de 700 Beschäftegten d'Aarbecht néier geluecht hunn.

"Déi däitsch Direktioun huet probéiert, si ze forcéiere fir schaffen ze goen, mä si hunn net do drop reagéiert. Just puer Ängschtlecher a puer Däitschfrëndlecher si schaffe gaangen."

Verhaftungen an Exekutiounen

No a no hätt de Streik sech op ganz Wolz ausgedehnt, sou datt no a no och d'Administratiounen, d'Geschäfter, d'Wirtschaften an d'Schoulen zougemaach hätten. Duerno wier e Protestmarsch entstanen. Dëse gouf vun den Nazien opgeléist an et koum zu Masseverhaftungen a Massenexekutiounen, erkläert de Lokalhistoriker Emile Lutgen.

"Géint Mëtteg ass een däitschen Auto mat Lautsprecher duerch Wolz gefuer. En huet gesot, wie bis 14 Auer net géif schaffe goen, dee géif verhaft ginn."

Als Reaktioun dorop sinn e puer Leit erëm schaffe gaangen. Owes goufen dunn 21 Lëtzebuerger a Schäiprozesser zum Doud veruerteelt. Fir d'Bevëlkerung ofzeschrecken, goufen no de Prozesser rout Affichen am ëffentleche Raum opgehaangen, op deenen d'Nimm vun de Mënschen drop stoungen, déi higeriicht goufen.