Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Justin Trudeau beweist säi Leadership

Klimaplang am Kanada

Justin Trudeau beweist säi Leadership

De Kanada huet d'läscht Woch säin nationale Plang fir de Kampf géint de Klimawandel finaliséiert. Eng Rei Mesuren sollen et erméiglechen, d'Paräisser Emissiounsziler z'erreechen. Dorënner ee landeswäite Präis op CO2-Emissiounen an d'Ofschafe vun de Kuelekraaftwierker. Trotz dem Widderstand vu gewësse kanadesche Provënzen huet de Premier Justin Trudeau mat dësem Plang Leadership bewisen.

auto_stories

2 min

De Justin Trudeau a seng Fra bei der Wahlvictoire vun de Liberalen am Oktober 2015

Bis 2030 wëllt Kanada seng CO2-Emissiounen par Rapport zu den Niveaue vun 2005 em 30 Prozent reduzéieren. An den nationale Plang géint de Klimawandel, deen d'lescht Woch finaliséiert gouf, soll dat erméiglechen.

D'Häerzstéck vum Plang ass eng minimal landeswäit Tax op d'CO2-Emissiounen, déi deene Provënzen an Territoiren operluecht gëtt, déi keen eegene Präis-Mechanismus op d'Bee stellen. Donieft steet am Plang, datt d'Gas- a Pëtrolsindustrie hir Emissioune muss verréngeren, datt d'Kuelekraaftwierker am Land bis 2030 vum Netz geholl solle ginn, an datt d'Regierung eng Rei Investissementer an den ëffentlechen Transport an an déi gréng Infrastrukture wäert maachen.

Widderstand vun zwou Provënzen

Mee nëmmen 11 vun den 13 Provënzen an Territoiren a Kanada hu sech hannert dem Premier Justin Trudeau seng Klima-Strategie gestallt. D'Prairieprovënz Saskatchewan fäert, datt si mat enger Tarifikatioun vun den CO2-Emissiounen Aarbechtsplaze verléiert a manner kompetitiv gëtt. D'Provënz Manitoba hätt am Géigenzuch fir een Engagement géint de Klimawandel gäre méi Transferten an der Santé gehat.

Trotz dësem Widderstand huet de kanadesche Premier Justin Trudeau mat sengem nationale Klimaplang grousse Leadership bewisen. Der liberaler Regierung hire Plang trëtt nämlech a Kraaft, ob d'Provënzen dohannert stinn, oder net.

Dee Leadership ass néideg an enger Zäit wou d'Reaktioun op de Phänomen vum Klimawandel ze lues schéngt, an d'Verspriechen ze dacks net verwierklecht ginn.

Dee Leadership ass besonnesch elo wichteg, wou dem Kanada säi südlechen Noper ee President gewielt huet, deen net nëmmen selwer de Klimawandel net seriö ze huele schéngt, mee och nach rezent ee Klimaskeptiker un d'Spëtzt vun der amerikanescher Ëmweltschutz-Agence nominéiert huet.

Schrack an déi richteg Richtung

Natierlech ass net alles perfekt a Kanada sengem Klimaplang. Ëmweltorganisatioune kritiséieren ënnert anerem, datt den Zäitplang net strikt genuch ass. An d'Tatsaach, datt de Cabinet vum Justin Trudeau rezent eng Rei ëmstridde Pipeline-Projete guttgeheescht huet, geheit natierlech och erëm Froen op, wat der Regierung hir Engagementer a Saache Klimawandel ubelaangt.

Trotz allem ass de Klimaplang ee Schrack an di richteg Richtung.

An och wann de Bäitrag vum Kanada zu deene weltwäiten CO2-Emissioune relativ geréng ass, kann all Land de Wee, dee Kanada ageschloen huet, einfach nogoen.