Radioen

On air

Al Schanken  |  Eliza Gilkyson - Peace In Our Hearts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Karin Kremer: E Liewen an, mat a fir d'Kultur

Sot emol

Karin Kremer: E Liewen an, mat a fir d'Kultur

D'Karin Kremer ass zanter laangem am Kulturliewen ënnerwee, an hir lescht Statioun virun der Pensioun war d'Mierscher Kulturhaus, wou si d'Schlësselen Enn 2018 un de Claude Mangen weider ginn huet.

auto_stories

2 min

D'Häerz huet der Karin Kremer awer geblutt, wéi se gewuer gouf, wat fir Schied d'Héichwaasser am Kulturhaus zu Miersch hannerlooss huet. A gläichzäiteg deet se den Hutt of virun der Solidaritéit vun de Mënschen, fir dem Kulturhaus ze hëllefen.

"Ech hoffen, datt Solidaritéit en neien Elan kritt"

Schonn an der Pandemie huet een am Kultursecteur d'Solidaritéit gespuert an no den Iwwerschwemmung war se nees do. Der Karin Kremer hire Wonsch ass awer, datt déi Solidaritéit nohalteg ass.

"Ech wënsche mer, datt déi Solidaritéit net nëmmen an deem dote Secteur bleift, mee datt se erëm e neien Elan kritt, iwwerhaapt en general, par rapport zu deem, wat haut an eiser Welt dorëmmer geschitt. Vläicht net méi schlëmm oder manner gutt, wéi virun engem Joerhonnert an awer: mir liewen elo. Ech hunn heiansdo d'Gefill, datt mer net alt ze vill geléiert hunn a schnell Saache vergiessen."

"Nee, Nee, Nee.....op kee Fall!"

Et gëtt wuel kee méi kloren "Nee" op d'Fro: "Huet Politik Iech ni tendéiert?", wéi der Karin Kremer hire "Nee":

"Ech sinn éischtens ongleeflech diplomatesch, dat heescht d'Diplomatie hätt ech komplett op d'Kopp gehäit. Nee, Nee, also dat war en Domaine, Nee. Et ass wichteg, datt Leit et maachen, ech muss och soen "Chapeau" fir déi, déi et maachen. Ech muss awer och soen "Wow" fir déi, wou déi Ki astiechen an déi versichen Decisiounen ze huelen."

Genee an deem Kontext huet d'Karin Kremer sech awer ni verstoppt. Wann eng Decisioun ze huelen war, huet si se geholl. Dofir seet d'Karin Kremer: "Och eng schlecht Decisioun ass ëmmer besser wéi keng Decisioun."