Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Talking Heads - This Must Be The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Plaz fir Futtball-Romantik

Just nach e Geschäft

Keng Plaz fir Futtball-Romantik

38 Milliounen Euro soll den argentinesche Futtballer Carlos Tevez am Joer verdéngen, datt schreiwe verschidde Sports-Magasinnen. Domadder wier hien deen am beschte bezuelte Spiller weltwäit. Mee och d'Zommen déi bezuelt ginn, fir e Spiller ze transferéieren, klammen an de leschte Joren ëmmer méi.

auto_stories

3 min

D'Futtball-Veräiner hätte Sue verbrannt, sou e Spriecher vun der chinesescher Regierung. Et sollt een dofir op ze vill deier Transferte verzichten. China wëllt eng Futtballmuecht ginn an ass bereet, vill z'investéieren. Am Futtball si vill Suen ze verdéngen a China wëll eben och en Deel vum Kuch. Am Ufank hat d'Regierung dëse Wee ënnerstëtzt, mä nodeems an de leschten dräi Joer iwwert eng Milliard Euro fir nei Spiller ausgi gouf, huet een elo reagéiert.

Wéi vill ass e Spiller wäert?

Awer net nëmmen a China gi Millioune bezuelt, mä och an de groussen europäesche Ligen. Den deierste Futtball-Spiller op der Welt ass zënter dem Summer de franséische Nationalspiller Paul Pogba. 105 Milliounen huet Manchester United Juventus Turin iwwerwisen. Do stelle sech d'Fans natierlech d'Fro, ob ee Spiller sou vill Sue wäert ass. Mä Futtball ass eben net méi dat, wat Fans vläicht am Kapp hunn. Haut geet et ëm Geld an d'Nofro bestëmmt de Präis.

Wann een also iwwerzeegt ass, datt ee Spiller engem hëllefe kann, seng sportlech Ziler z'erreechen, an datt ee mat him Trikote verkafe kann, dann huet de Spiller net méi nëmmen e sportleche Wäert, mee och e wirtschaftlechen.

Net just eng Equipe, eng Mark

Datt de Futtball am Kapitalismus ukomm ass, weist och den Ëmstand, datt vill Top-Veräiner wéi Real Madrid oder Borussia Dortmund un der Bourse cotéiert sinn. Veräiner wëllen net méi nëmmen eng Equipe opbauen, mee eng ganz Mark. Déi wëlle se, wéi och aner Entreprisen, natierlech am Ausland vermaarten.

Dofir ass een ëmmer drun interesséiert, nei Marchéen z'erschléissen. Dat konnt ee schonn an den 2000er gesinn. Ëmmer méi europäesch Veräiner hu Spiller aus Asie kaf. Nieft der sportlecher Qualitéit, déi e puer Spiller sécher haten, war an ass Asien nach ëmmer e Marché mat engem Millioune-Potenzial. Ähnlech ass et mat de Reesen, déi Klipp wéi "Bayern München" oder den "FC Barcelona" bis an Asien oder mëttlerweil och bis an d'USA ënnerhuelen. Et well een Trikote verkafen an nei Spectateuren dobäi gewannen.

Finanzstaark Supporter

Vill Spectateure si wichteg, net nëmmen am Stadion. Och d'Rechter fir d'Matcher z'iwwerdroen, ginn deier verkaf. An England hunn d'Fernsehsender "Sky" a "BT Sport" ronn siwe Milliarden Euro bezuelt, fir déi nächst véier Joer déi national Liga z'iwwerdroen. Fir hire Produit verkafen ze kënnen, mussen déi national Futtball-Verbänn hire Produit natierlech sou interessant wéi méiglech maachen. Dat geet meeschtens op Käschte vun deene Fans, déi all Woch an de Stadion pilgeren. D'Auerzäite vun de Matcher ginn ëmmer méi variéiert: fréi mëttes, spéit owes an an der Woch. Niewebäi ginn och d'Ticket-Präisser bei ville Klipp ëmmer méi an d'Luucht. Et wëll een net méi egal wéi ee Fan am Stadion, mee ee finanzstaarken.

D'Fro ass awer, ob de Futtball sech net seng eegen Identitéit hëlt. Am Futtball geet et an den Ae vum Futtball-Romantiker net ëm Geld a Benefice. Futtball huet schonn ëmmer vum sportleche Wettkampf gelieft, an dovun, datt e Leit aus verschiddene Länner a soziale Klassen zesummebrénge konnt. Ëmmer méi Fans wenne sech vum Futtball of, well en ëmmer méi zu engem Produit gëtt, dee sech gäre selwer verkeeft. Fans, déi all Woch am Stadion sëtzen, verschwannen ëmmer méi. An et gesäit een ëmmer méi dacks een Duerchgangspublic am Stadion. De Futtball muss sech entscheeden, ob e senge Fans nees entgéint kënnt, oder ob e säin ageschloene Wee weidergeet. Mee vläicht ass jo am Futtball keng Plaz méi, fir e bësse Romantik.