Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Knachenaarbecht oder Dramberuff?

Schueberfouer

Knachenaarbecht oder Dramberuff?

Bis de 7. September schléit d'Schueberfouer um Glacis hier Zelter op. 2016 sinn 190 Forainen am Asaz. Et ginn 90 Verkafsstänn an d'Organisateure rechne mat ronn zwou Millioune Visiteuren. Wie sinn déi Leit, déi op der Fouer e Stand oder Spill bedreiwen?

auto_stories

4 min

Den Harry Bruch huet op der Fouer e Restaurant

Forain, dat ass e Beruff an deen ee gebuer gëtt, fënnt den Harry Bruch. Hien ass Forain an der véierter Generatioun a seng Elteren hu Riserieder bedriwwen.

Seng Jugend huet hien awer net ëmmer op Kiermesse verbruecht. Seng Elteren hunn hien an en Internat geschéckt. "Si hunn ëmmer gesot, d'Schoul ass wichteg, dofir gees du an d'Internat." Wéi d'Schoulzäit eriwwer war, huet den Harry Bruch de Betrib vu sengen Eltere mat gefouert. Spéider huet hien sech selbstänneg gemaach.

En anere Beruff kënnt net a Fro

Zënter 26 Joer fiert den Harry Bruch mat sengem eegene Restaurant vu Kiermes zu Kiermes. Esou e Betrib ze hunn hätt net nëmme Virdeeler, erzielt hien. A sengem Beruff hätt ee kee geuerdent Liewen. Et wéisst ee ni wéi dacks a wéi laang ee Vakanz hätt. An och net, wéini een a Pensioun kéint goen.

Den Alldag als Forain wier ganz gewéinlech, seet den Thomas Gründler

An awer kéint hie sech net virstellen eppes Aneres ze maachen. Den Harry Buch fënnt et schéin, Forain ze sinn. "Mir bréngen de Mënsche Spaass a Freed. Wien op d'Fouer geet, wëll sech amuséieren, den Alldag vergiessen. Et drénkt een eppes mat Frënn, fiert Karussell, d'Kanner freeën sech. A mat hinnen d'Grousselteren." Datt hien als Forain eppes dozou bäidroe kéint, géing hie frou maachen. Hie kéint dann och iwwert d'Nodeeler vum Beruff ewech kucken.

Vun der Bank bei d'Fouer

Eng ganz aner Geschicht ass déi vum Thomas Gründler. Hien ass net an d’Forains-Liewen eragebuer ginn, mee huet fréier op der Bank geschafft. Dat wier him awer ze langweileg ginn. Op d'Fouer wier hien duerch Zoufall komm, esou den Thomas Gründler. Hien hätt ee Bedreiwer vu grousse Spiller kennegeléiert a wier säi Geschäftspartner ginn. "An elo gehéiert mir de Betrib", esou den Thomas Gründler.

Dëse Betrib ass eng Zort Karussell. Eng Plattform mat Äerm gehäit d’Kabinne mat de Passagéier duerch d’Loft. Domadder reest den Thomas Gründler am Joer op ronn 16 Manifestatiounen. Sou spektakulär wei d'Leit sech géingen d'Forains-Liewe virstellen, wier et awer net. Den Alldag wier ganz gewéinlech. "Mir sti Moies op, drénke Kaffi, gi schaffen a wa mir fäerdeg sinn, gi mir erëm schlofen." D'Schaffdeeg wieren awer laang. En aacht-Stonnen Dag kennt den Thomas Gründler net.

Net ëmmer rentabel

De Beruff vum Forain ass dem Thomas Gründler no net einfach. Et wier een ofhängeg vum Wieder, vun der Reklamm an och vun der Bereetschaft vun de Leit, hir Suen op der Kiermes auszeginn. Dofir misst de Forain decidéieren, ob et sech rentéiert, wäit op eng Manifestatioun ze fueren. Besonnesch déi kleng Volleksfester géingen un Attraktivitéit verléieren. D'Leit géingen net méi esou vill Suen ausginn. Nëmmen zu Lëtzebuerg wier dat anescht, seet den Thomas gründler. Dofir kéim hien och ëmmer gären op d'Schueberfouer.

De Geeschterbunn-Besëtzer Rudolf Schütze gesäit dat anescht. A sengen Aen ass den Interessi vum Public ëmmer nach grouss. "De Public ass eis trei bliwwen. D'Leit komme gär bei eis." No de rezenten Evenementer wieren d'Sécherheetsmesure méi streng ginn. Dat géing d'Leit awer net dovun ofhalen op d'Manifestatiounen ze kommen. "De Mënsch brauch eng Plaz, wou hien ofschalte kann", mengt de Rudolf Schütze.

De Rudolf Schütze bedreift eng Geeschterbunn

De Rudolf Schütze ass an d’Aarbecht als Forain gebuer ginn, genee wéi seng Kanner. Si sinn déi siwent Generatioun, déi am Betrib schafft. Si si vu klengem u mam Betrib vu Kiermes zu Kiermes gereest a sinn donieft an d'Schoul gaangen. Am Joer wieren dat ronn zéng verschidde Schoule gewiescht. Doheem hätten seng Kanner zousätzlech Nohëllef kritt, erënnert sech de Rudolf Schütze. "Dat ass alles gaangen. Ech mengen och datt dat de bessere Wee ass. Et ass ee vun Ufank un am Betrib a kritt de ganzen Oflaf vu Kand u mat."

De Beruff géing zwar vill Aarbecht maachen, mee dës Aarbecht géing Freed maachen. Dat géing motivéieren. Op der Fouer ass de Rudolf Schütze dëst Joer fir d'éischt. Hie seet sech frou, dräi flott Wochen zu Lëtzebuerg verbréngen ze kennen.