Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kniddel, Knuet, knuutschen

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Kniddel, Knuet, knuutschen

Kniddel, Knuet, knuutschen - wat hunn dës Wierder gemeinsam? Et geet ëm eppes, wat zesummegedréckt gëtt, erkläert d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.

auto_stories

3 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch. Foto: Archiv

Simon Larosche: Haut geet et nees ëm d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch: d'Caroline Döhmer erzielt eis haut eppes iwwer Kn-Wierder. Wat sinn da Kn-Wierder?

Caroline Döhmer: Also ganz banal gesot, geet et ëm Wierder, déi mat "Kn" ufänken. Falen dir der spontan an?

Kniddelen, Knuet, Knätsch.

An dann hätt ech nach e puer op Lager: Knapp, Knosp, Knoll, kniwwelen, knuutschen.

An déi verbënnt eppes, ausser datt si mat "Kn" ufänken?

Mir hate jo schonn dacks driwwer geschwat, datt verschidde Suffixen eng bestëmmte Funktioun hunn. Also beim {-ert} vum Sténkert a vum Téinert hate mir festgehalen, datt se eppes Pejoratives uweisen. Beim Zirkumfix {Ge...s} wéi bei "Geschleefs" hu mir gesinn, datt et eppes uweist, wat méi laang dauert an als ustrengend empfonnt gëtt. Sou hu mer kleng Elementer am Wuert, déi eppes iwwer eng Bedeitung verroden.

An all déi Wierder mam "kn" ginn op eng gemeinsam Wuerzel zeréck, an zwar op e Verb mat der Bedeitung "zesummendrécken, zesummefalen, knujelen". Bei de Substantiver ass et also ëmmer d'Resultat vum Knujelen an deemno eng zesummegedréckte Mass oder e Klompen.

E Klompen, oder: eng Knupp.

Richteg! Knupp, mam "Kn"!

Dat heescht all déi Wierder sinn iergendwéi eng Knupp?

Vill vun deene Wierder sinn eng Knupp, e Knuet oder eppes, wat zesummegedréckt gëtt. Déi Saache sinn eebe knäuel-fërmeg.

"Knäuel" ass dann och esou e Wuert?

Et hält guer net méi op! Mee kuck mol Wierder wéi "Kniddel, Knapp, Knuet, Knosp", et sinn ëmmer Saachen, déi sou ronn a e bësse gedruddelt sinn. Knäpp ware fréier jo och net platt Placken aus Plastik, mee och Kniet oder sou Wölbungen, wéi een dat haut nach bei asiatesche Kleedungsstécker fënnt.

Bei "kniwwelen" gëtt eppes mat den Hänn zesummegedréckt, oder op d'mannst vun alle Säite gedruddelt.

Bei "knätschen" ass et warscheinlech eng Kombinatioun vu Lautmolerei an dem Konsonantegrupp "kn", wou eppes zesummegedréckt gëtt.

A bei "knuddelen" dann och?

Jo, et heescht am Fong och zesummendruddelen, zu engem Knäuel drécken. Déi Kn-Wierder sinn einfach super!

A wat huet d'Verb "strécken" mat enger Kniddel gemeinsam?

Ass dat e Witz oder eng linguistesch Fro?

Natierlech linguistesch!

Egal wéi hunn ech keng Äntwert.

Wéi ass da "strécken" op Englesch?

To knit.

A wéi schreift een dat?

k-n-i-t. So net, datt dat och zu deene Kn-Wierder gehéiert.

Dach dach, déi halen all zesummen. An et mécht jo och Sënn, also dovun ofgesinn, datt dat am Engleschen duerch lautlech Verännerungen net "to KNit" geschwat gëtt, gi beim Strécke jo souzesoe kleng Kniet gemaach, also genee sinn et Maschen, mee d'Iddi vum Zesummewéckelen ass do.

Du kenns dech also och aus mat Etymologien?

Dat mam "Kn" ass eppes, wat ech a mengem Linguistik-Studium gesinn hunn an heiansdo kennen ech e puer etymologesch Zesummenhäng, mee Expert sinn ech éischter an der Grammaire. Ech kann iech awer sou vill verroden, datt mer am neie Joer méi iwwer d'Etymologie vu lëtzebuergesche Wierder wäerte gewuer ginn an datt mer fachlech Ënnerstëtzung aus dem sproochhistoresche Beräich bei de Kuriositéite kréien.

Et bleift spannend an der lëtzebuergescher Linguistik!