Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konfliktmineral Koltan

Ëmstridde Ressourcen

Konfliktmineral Koltan

Koltan ass eng vun deene Mineralien, déi direkt Konflikter nieren a gëtt dofir als Konfliktmineral agestuuft. Aus Koltan gëtt Tantal produzéiert an dat gëtt gebraucht, fir Telefonen a Computeren ze produzéieren. Bis zu 80 Prozent vun de Koltanreserve sollen am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo leien.

auto_stories

5 min

Koltan. Foto: Bigstock

Koltan, dat ass eng Zesummesetzung tëscht Colombite an Tantal. D'Mineral huet spezifesch Eegenschaften, déi et interessant maachen, fir an elektronesch Wueren anzebauen. D'Material gëtt an Telefonen oder Computeren agebaut.

Dausende Koltanminne sollen et am Ostkongo ginn. Vill vun hinne si kleng, artisanal Minnen, an deenen d' Aarbechter ënner desastréise Konditioune schaffen. De Santiago Fischer vun der Mënscherechtsorganisatioun Justice et Paix schwätzt vun iwwer 900 Minnen am Ostkongo. Déi meescht dervu wieren nach ni kontrolléiert ginn. "Et weess een, datt si existéieren, mee mol keng honnert dervu si vum kongolesesche Staat kontrolléiert ginn", betount de Santiago Fischer. Et géif deemno keng Evaluatioun vun den Aarbechtskonditioune ginn an et wéisst een zum Beispill net, ob Kanner oder schwanger Fraen do géife schaffen, ob Rebellen oder arméiert Gruppe si géife kontrolléieren oder et géife Konflikter ginn.

De Konflikt am Ostkongo

Vill Aarbechter géifen tëscht der Minn an dem Feld hin an hir migréieren, esou de Santiago Fischer. Dofir wier et schwéier z'evauliéiere wéi vill Leit an de Minne géife schaffen. Vill vun de Minnenaarbechter waren emol Baueren - dat ass déi traditionell Liewensform vun den Awunner am Oste vun der Demokratescher Republik Kongo. Mee wéinst dem Krich kënne si deels net méi op hire Felder schaffen an dofir schaffe si an de Minnen.

Am Oste vum Kongo ass zënter iwwer 20 Joer Krich. Dësen hat laang eng Rei Haaptacteuren: D'Regierung vum Nopeschland Ruanda, d'Regierung vum Nopeschland Uganda, d'kongolesesch Regierung, Hutu-Milizen, déi nom Vëlkermord 1994 aus dem Ruanda geflücht sinn. Ma och Tutsi-Milizen déi fréier vun der ruandesch Regierung ënnerstëtzt goufen. Dobäi kommen aner Milizen aus dem Uganda, déi géint hire President Yoweri Museveni kämpfen, esou wéi intern kongolesesch Milizen, wéi d'Mai-Mai.

Bannent deenen 20 Joer hunn ëmmer erëm arméiert Gruppe vun de Koltanminne profitéiert, dorënner d'Mai-Mai Milizen, d'ruandesch, ugandesch a kongolesesch Arméien, d'pro-Kongo Miliz Patriotes Résistants Congolais oder nach d'FDLR - d'Génocidairen aus dem Ruanda - an den Tutsigrupp CNDP. D'Minne waren dem Santiago Fischer no an all där Zäit ee Mëttel fir de Krich weider ze féieren. "Et mécht ee kee Krich fir d'Minnenaarbechter." Et géif dorëms goen, de Krich mam Profit aus de Minnen ze finanzéieren, d'Kämpfer z'entlounen a Waffen ze bezuelen.

Konflikt ëm d'Minnen

Och wann et bannent deenen 20 Joer déi eng oder aner Friddensverhandlunge mat engem Friddensvertrag gouf, esou sinn d' Awunner vum Oste vum Land nach ëmmer net roueg. Ze vill Acteure mat eegen Interessie sinn am Spill an d'Relatiounen tëscht hinne changéiere stänneg. Dofir wier et schwéier, eng Iwwersiicht vun der Situatioun ze kréien, erkläert de Santiago Fischer vu Justice et Paix. Et géifen ëmmer erëm punktuell Gefechter ginn, esou den Expert fir natierlech Ressourcen. "Arméiert Gruppen, Rebellen, mee och déi kongolesescher Arméi ginn ëmmer erëm an d'Minne fir d'Ressourcen u sech ze huelen. Entweder maache si et mat Gewalt oder an deem se d'Minnenaarbechter illegal besteieren."

Haut wier d'Motivatioun hannert dem Krich awer eng aner, wéi virun 20 Joer, erkläert de Santiago Fischer. D'Minne wieren elo net nëmme méi do fir de Konflikt ze finanzéieren, mee et géif direkt ëm d'Minne goen. Et ass dem Michael Nest, Auteur vu "Koltan" no eng nei Zrot vu Krich, deen nëmmen no ekonomeschem Profit strieft.

Wäisswäscherei

D'Profitstrategie vun de Rebellen hätte sech awer sech diversifiéiert, erkläert de Santiago Fischer: Am Ufank vun den Ausernanersetzunge wiere Kontanlager einfach eidel gemaach ginn. Haut wieren d'Rebelle méi diskret. Zum Beispill méi dacks taxéiert, wéi geklaut ginn. D'Produktioun géif kontrolléiert ginn an d'Rebellegruppe géife sech um Handel a virun allem um Export vu Koltan bedeelegen.

D'Rebellegruppen agéieren ëmmer méi, wéi kriminell Netzwierker. Dës reeche bis an de Ruanda an an den Uganda well d'Mineraler vun do aus exportéierter ginn, erkläert den Auteur vu "Koltan", Michael Nest. Well am Ruanda och géif Koltan produzéiert ginn, géif dee geschmuggelte Koltan aus dem Kongo dacks als Ruandeseschen exportéiert ginn. "Da gesäit et no propperem Koltan aus, mee a Wierklechkeet ass et problematesch erauszefannen, wou e wierklech hierkënnt." De Santiago Fischer schwätzt an deem Kontext vu Wäisswäscherei. Dee meeschte Koltan aus dem Ruanda wier a Wierklechkeet aus dem Kongo.

Keng Kontroll

D'Erausfuerderunge fir de Problem an de Grëff ze kréie leien op ville Niveauen: Déi kongolesesch staatlech Institutioune fonctionnéieren dem Santiago Fischer no kaum a vill Fonctionnaire wiere korrupt . Mee besonnesch eng staatlech Kontroll wier dringend néideg. Bis ewell géif déi sech nëmmen op d'Stied limitéieren. Deemno operéieren d'Acteuren an engem Vide.

D' EU huet vir, dëst Joer nach e Gesetz iwwert eng Zertifizéierung vu Mineralien aus Konfliktgebidder anzeféieren, fir z'evitéiere datt si Konflikter mat finanzéiert. Dem Santiago Fischer no wier esou ee Gesetz awer net effektiv: "D'EU kann egal wat fir e schéint Gesetz maachen. Wann de Kongo net capabel ass, fir d'Sécherheet op sengem Territoire ze garantéieren, nëtzen déi Gesetzer näischt." Dernieft ass d'Propositioun vun der Commissioun net bindend a soll nëmme fir Importateure vun der Matière première brut gëllen. Net awer fir déi, déi fäerdeg Produiten importéieren.

Trotz de Mängel mengt de Santiago Fischer awer, datt eng Beweegung am gange wier, fir den Handel mat Mineralie méi propper ze gestalten. Dës Tendenz géing och de kongolesesche Staat erkennen deen och géif Efforte maachen an op den Drock vun der EU an den USA reagéieren. D' Minnenaktivitéit soll formaliséiert ginn an honnerten informell artisanal Minne solle kontrolléiert an zertifiéiert ginn.