D’Entwécklung a Saache Mobilitéit wiere rasant, esou d’Staatssekretärin am Wirtschaftsministère. D'Francine Closener war viru kuerzem op Aarbechtsvisite am Silicon Valley a Kalifornien. Besonnesch an de Beräicher Trafic-Management, Elektromobilitéit an an dem Fueren ouni Chauffer wieren d'Fortschrëtter enorm.
Och Lëtzebuerg hätt an deene Beräicher vill Potential, mengt d'Staatssekretärin. D'Regierung hätt zum Beispill vill an d'Informatik an den ICT investéiert. "Mir hunn eng héich Vernetzung a ganz gutt Daten-Zenteren." Donieft hätt Lëtzebuerg vill Kompetenzen am Automobilsecteur. D'Francine Closener betount, et wier een am Gaang um Rouscht ee grousse Campus opzebauen. "Do sollen déi grouss Playeren am Beräich vun der Recherche zesumme schaffen." Donieft solle sech Start-Upen op deem Campus installéieren.
Een Testfeld fir Autoen ouni Chauffeur?
Lëtzebuerg léich geo-strategesch gutt tëscht Frankräich an Däitschland an dat wiere Länner mat groussen Automobilproduktiounen, betount d'LSAP-Politikerin. De Grand-Duché wier een ideaalt Testfeld, zum Beispill fir Autoen ze testen, déi ouni Chauffeur fueren. Op kuerzen Distanzen hätt ee Stad- a Landstroossen an Autobunne fir all méiglech Situatioune kënnen ze simuléieren. "D'Betriber am Silicon Valley hunn eis um Radar fir wa si an Europa méi aktiv wëlle ginn." D'Regierung wéilt enk mam Privatsecteur zesumme schaffen, betount d'Francine Closener.
Besonnech Automobilesentreprisen
De Silicon Valley um Rouscht soll der Staatssekretärin no geschwë Realitéit ginn. Entreprisë vum Automobilecluster "Luxembourg Automotive Components", wéi "Delphi" an "IEE" sollen do eng Zort Testlaboratoire kréien."Da kucke mir, ob mir eng Teststreck kënnen definéieren a wat mir vu Reglementatioune mussen änneren."
D'Francine Closener wënscht sech, datt grouss Automobilesentreprisen hiren Haaptsëtz op Lëtzebuerg verleeën. "Mir hu gutt Kaarten a si kennen eis."