Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Talking Heads - This Must Be The Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lännernimm an hire Genre

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Lännernimm an hire Genre

D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch mat Erklärungen iwwer Lännernimm an hir grammatesch Kuriositéiten. Si se männlech, weiblech, sächlech? Gi se mat Artikele benotzt?

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Du erziels eis haut eppes iwwer Lännernimm wéi Russland, Schweden, Kolumbien.

Caroline Döhmer: Genee, also manner iwwer d'Nimm u sech, mee eppes iwwer hir grammatesch Eegenschaften, also ob se mat Artikel benotzt ginn oder ob se männlech, weiblech oder sächlech sinn.

Ech hu mer nach ni esou genee Gedanken iwwer Lännernimm an Artikele gemaach.

Als Mammesproochler kënnt der dat och relativ spontan, also du muss net iwwer de Genre vum Lännernumm nodenken.

Mee komm mer kucken eis mol dräi Fäll un, da gesi mer mol eng Kéier, datt do e méi komplexe System derhannertstécht. Also ech soen elo e Lännernumm, an du sees mer, datt eng Persoun vun do kënnt, okay? Ech soe beispillsweis "Russland" an du sees: Si kënnt ...

...aus Russland.

Korrekt. A lass: Spuenien.

Si kënnt aus Spuenien.

Schwäiz.

Si kënnt aus der Schwäiz.

Libanon.

Si kënnt aus dem Libanon.

Tipptopp! Lo hate mer dräi Fäll an et war dräimol anescht: De Fall "Spuenien" ass am heefegsten. Also e Land, dat vum Genre hier Neutrum ass.

A wourunner erkenns de, datt Spuenien elo sächlech ass?

Gutt Fro! Dat gesinn ech, wann ech et mat Artikel oder och mat engem Adjektiv benotzen. Wann ech elo eng Nominalphras mat Adjektiv bilden, da muss ech en Artikel setzen. Den Artikel verréit mer de Genre an och um Adjektiv gesinn ech dann eng t-Endung, wéi se am Neutrum virkënnt: aaa, dat schéint Spuenien!

Meeschtens ginn déi sächlech Länner awer ouni Artikel benotzt:

  • Spuenien ass schéin
  • mer reesen duerch Russland
  • si wunnen an Indien

Fall 2 si Lännernimm am Femininum: Hei hu mer elo d'Schwäiz als Beispill gehat, mee och déi meescht Lännernimm op "-ei" si weiblech: déi schéin Tierkei, an der Mongolei. An dëse Fäll muss dann och ëmmer den Artikel gesat ginn: also d'Tierkei spillt géint d'Slovakei, awer net d'Lëtzebuerg spillt géint d'Island.

Nee, dat kléngt definitiv falsch.

Beim Neutrum setze mer eeben normalerweis keen Artikel.

An deen drëtte Fall? Mam Libanon?

Do si mer beim Maskulinum. Och hei gëtt ëmmer den Artikel benotzt: Si fueren an de Libanon, si kommen aus dem Kongo.

Eng lëtzebuergesch Kuriositéit ass dann och den Afloss vum Franséischen.

Wat mengs de genee domat?

Kuck emol e Land wéi "Marokko". Dat ass grammatikalesch vum Typ "Spuenien": Neutrum, ouni Artikel. Hie kënnt aus Marokko. Wann ech awer lo déi franséisch Bezeechnung "Maroc" benotzen, da soen ech: hie kënnt aus dem Maroc.

Déi maskulin Lännernimm sinn dacks vum Franséische beaflosst. Oder och Schwankungsfäll wéi bei "a Kanada" oder "am Kanada" (Neutrum oder Maskulinum).

Also kënne Lännernimm männlech, sächlech oder weiblech sinn?

Jo. Ech faassen nach eng Kéier zesummen: Déi meescht Länner sinn Neutrum a ginn ouni Artikel benotzt: ech kommen aus Spuenien, aus Däitschland oder aus Dänemark. Beim Femininum a beim Maskulinum gëtt den Artikel mat benotzt: ech kommen aus der Tierkei, aus der Slovakei, aus dem Mali, aus dem Vietnam.

Spannend sinn och Uertsnimm an och déi passend Prepositioune fir Plazen a Länner, mee dat gesi mer dann eng aner Kéier! Do gëtt och am LOD versicht, d'Beispillssätz esou ze wielen, dat ee gesäit, wéi eng Prepositioun do stoe muss.