Radioen

On air

Notturno  |  Ryley Walker - The West Wind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Legaliséierung vu Cannabis

Drogepolitik

Legaliséierung vu Cannabis

Eng Petitioun fuerdert d'Legaliséierung vu Cannabis. A Rekordzäit huet si och den néidege Seuil vu 4.500 Ënnerschrëfte gesammelt, fir datt se an der Chamber debattéiert gëtt. Mee ass d'Legaliséierung vu Cannabis realistesch? Wat bedeit dat am Kloertext?

auto_stories

5 min

Eng Tiichte Cannabis. Foto: Bigstock / cendeced

D'Diskussioun ëm d'Legaliséierung vu Cannabis ass lancéiert, an dat spéitstens nodeems dës Woch eng deementspriechend Petitioun um Site vun der Chamber deposéiert gouf. Wourëms geet et an der Petitioun? De Initiateur vun der Petitioun, de Joé Schmit, fuerdert, datt de Verkaf vu Cannabis legaliséiert a regulariséiert gëtt - dat iwwer de Wee vu sougenannte Coffeeshoppen, ähnlech wéi beim hollännesche Modell.

Konkret heescht et an der Petitioun, datt

  • De Verkaf vu Cannabis op fënnef Gramm pro Persoun limitéiert soll ginn,
  • Kee méi wéi 500 Gramm Cannabis dierf besëtzen,
  • Kee Cannabis u Mannerjäreger verkaf dierf ginn,
  • Am Ëmkrees vu 500 Meter vun enger Schoul keng Coffeeshoppen dierfen opmaachen,
  • De Verkaf vun aneren Drogen illegal bleift

Mécht e Verbuet Sënn?

Aktuell ass de Besëtz, Transport a Verkaf vu Cannabis zu Lëtzebuerg verbueden. Sou ee Verbuet mécht awer kee Sënn, fënnt de Georg Wurth vum Däitschen Hanfverband, virun allem, well ee keng Wierkung kéint gesinn. De Konsum, a grad de problematesche Konsum bei Jugendleche géif duerch sou e Verbuet net ënnerbonne ginn.

Weiderhi wier Cannabis um Maart verfügbar, a jiddereen, deen es wëllt, géif es och kréien. D'Zil vun engem Verbuet géif also net erreecht ginn, mee Konsumente géife verfollegt ginn, seet de Georg Wurth. De Georg Wurth selwer huet och eng Petitioun fir d'Legaliséierung vu Cannabis an Däitschland eragereecht. Hei brauch hien e Quorum vun 80.000 Ënnerschrëften.

Eng differenzéiert Debatt

D'Diskussioun ëm d'Legaliséierung misst een differenzéiert gesinn, seet de Jean-Nico Pierre, Direkter vun der Jugend- an Drogenhëllef a President vum Suchtverband Lëtzebuerg. Ier datt eng Legaliséierung vu Cannabis méiglech ass, misst een nämlech vill Saache mat an d'Berechnung huelen, seet hien. Virun allem wier et wichteg, datt net u Mannerjäreger verkaf gëtt. Dat mënschlecht Gehir géif sech nämlech bis zum Alter vun 21 Joer entwéckelen, an de Konsum vu Cannabis kéint hei negativ Konsequenzen hunn.

Weiderhi wier et noutwenneg, datt de Verkaf a Konsum vu Cannabis gutt reglementéiert gëtt. Et misst kloer gekläert ginn, wat fir een Taux zougelooss wier op der Aarbecht oder op de Stroossen. De Jean-Nico Pierre ënnersträicht, datt de Verkaf nëmmen u Residente goe soll, well ee soss iwwerrannt géif ginn. Et wier ee sou engem Undrang net gewuess.

Eng gesellschaftlech Fro

Mee geet et bei der Diskussioun "nëmmen" ëm déi praktesch Ëmstänn vum Fëmme vum Cannabis? Op der enger Säit huet een eng Polemiséierung vum Cannabis, während et op der anerer Säit eng sozial Akzeptanz vun Alkohol an Zigarettekonsum gëtt. Zu Lëtzebuerg wier den Alkoholkonsum zimlech héich, erzielt ee Passant an der Groussgaass. Et wier gesellschaftlech an der Rei, sech sou staark ze bedrénken, datt een an der Klinik lant, mee et wier net acceptéiert, wann een en Joint fëmmt, mengt hien. Dat géif vill iwwer d'Gesellschaft aussoen.

Dës Ënnerscheedung tëscht Alkohol a Cannabis wier net gerechtfäerdegt, seet de Georg Wurth, vum Däitschen Hanfverband. Et géif drëm goen, all déi Substanzen d'selwecht ze behandelen. Et géif keng medezinesch Begrënnung dofir ginn, datt Cannabis verbueden ass, an Alkohol net, obwuel Alkohol vill méi geféierlech wier wéi Cannabis:

"Also warum sollte man dann die Substanzen unterschiedlich behandeln? Das würde auch bedeuten, auch Alkohol gehört in Fachgeschäfte und auch Tabak gehört in Fachgeschäfte, und nicht in jeden Supermarkt und an jeder Tankstelle verkauft und beworben wie verrückt."

Sensibiliséierung ass wichteg

Wichteg wier et virun allem, datt éier Cannabis regulariséiert a legaliséiert gëtt, eng Sensibiliséierung stattfënnt, sou datt ee problematesche Konsum kéint verhënneren. Preventivmoossname wiere wichteg, seet och de Jean-Nico Pierre vum Lëtzebuerger Suchtverband:

"Ob jidder Fall musse mir, éier mir vu Legaliséierung schwätze respektiv decidéieren, ganz kloer Prévention primaire a secondaire ausbauen. Well do brauche mir éischtens mol eng Opklärung fir déi ganz Bevëlkerung."

Dës Opklärung soll gemaach gi vu Cannabisexperte wéi zum Beispill dem Impuls, oder de Centre de prévention pour la toxicomanie, respektiv dann och vu Pipapo, vu 4motion. Dës Organisatioune missten dann och méi Moyene kréien, a virun allem méi Personal. De Suchtverband schwätzt hei vun 30 Leit.

Konsumente begleeden an Hëllef ubidden

Wa Cannabis legaliséiert gëtt, da misst ee sech och mat allen Aspekter dovunner befaassen. An enger éischte Phas hält de Jean-Nico Pierre et fir méiglech, datt méi Leit Cannabis probéieren an och konsuméieren, och wann dësen Taux an enger zweeter erof kéint goen.

Et misst een dann d'Konsumenten och begleeden an hinnen Hëllef ubidden. Leit, déi net méi mat hirem Konsum géifen eens ginn, fir déi missten et Therapië ginn, wou si och Substitutioune fir Cannabis géifen ugebuede kréien. Momentan géif et keng sou eng Therapie ginn.

Am Ufank vum Prozess

D'Legaliséierung vu Cannabis ass also méi komplex, et gi vill verschidden Aspekter, deenen ee Rechnung droe muss. Zu Lëtzebuerg ass een eréischt am Ufank vun dësem Prozess:

  • Am aktuelle Koalitiounsaccord steet näischt zur Legaliséierung vu Cannabis,
  • 2013 huet et nach geheescht, datt d'Legaliséierung keen Thema wier
  • An enger rezenter Ëmfro vun TNS Ilres am Mäerz dëst Joer hu sech 56 Prozent vun de Befrote fir eng Legaliséierung ausgeschwat
  • D'Petitioun soll elo de 26. Juli an der Chamber debattéiert ginn