Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Kjetil Mulelid - Song for Eliah (feat. Trygve Seim & Mathias Eick)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lenkt d'Identitéitsdebatt vun de wierkleche Problemer of?

Fräie Mikro

Lenkt d'Identitéitsdebatt vun de wierkleche Problemer of?

An de Medien an um Internet gëtt vill iwwer Sprooch an Identitéit diskutéiert. Dat ass ee Luxus, fënnt d'Laura Zuccoli am fräie Mikro. Ginn doduerch wichteg gesellschaftlech Froen a sozial Erausfuerderunge vergiess?

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli

An der lescht beschäftegen eis Medien an eis Internet-Reseaue sech ëmmer erëm mat Theme wéi Sprooch an Identitéit. Iwwerraschend ass et allerdéngs, datt gesellschaftlech Froen a sozial Erausfuerderunge bal net thematiséiert ginn.

D'Verléierer um Bank-Schalter

Esou debattéiere mir kaum iwwert déi nei Käschten, déi elo bei Bank-Transaktioune verlaangt ginn. Datt et Leit ginn, déi dorop ugewise sinn an e Schalter ze goen, an do deiert Geld fir e Versement musse bezuelen, interesséiert kaum een. Sécher muss op d'Schwieregkeete vun den eelere Leit higewisen ginn, well si et schwéier hunn hir Bankgeschäfter iwwert déi nei Medien ofzewéckelen.

Mee wéi steet et ëm Bierger, déi schlecht schreiwen a liese kënnen? Ëm déi sozial Schwaach aus eiser Gesellschaft, deenen déi nei Tariffer am Portemonni wei dinn? Ëm déi Leit, déi eist Alphabet net beherrschen a vum perséinleche Kontakt mam Beamten ofhängeg fir Iwwerweisunge sinn? Geet et eis esou gutt, datt mir vergiess hunn eis fir dës Leit anzesetzen?

U sech hätt eng Well vun der Entrüstung missten opkommen. Awer et koum just eng parlamentaresch Fro, eng Stellungnahm vun der ULC a sporadesch Medienbeiträcht doriwwer. An domadder ass dann des Problematik ofgehaakt.

Déi laang Lëscht

Schlëmmer ass et mam Problem vun de sozial abordabele Miet-Wunnengen zu Lëtzebuerg. Zënter Jore kloe mer, datt déi sozial Schwaach et extrem schwéier hu sech ze logéieren. D'Gemidder an d'Politik reege sech elo e bësse méi op, well elo esouguer jonk Stéit sech keng Wunneng méi leeschte kenne. All Joers loossen Dausende vun neie Migrante sech bei eis nidder. Vill Frontalier géife gären op de laangen a stressegen Aarbechtswee verzichten, wa si hei kéinte lounen oder kafen. As dat en Thema? Ech géif soe Jo! An et wier och interessant ze wëssen, wéini d'Politik grondsätzlech juristesch Moossname fir e Recht op eng Wunneng hellt.

D'Lëscht vun de soziale Brennpunkten, mat där mir eis misste beschäftegen, deene mir missten Ëffentlech eisen Interessi widmen, ass laang: Chancenongläichheet an der Schoulausbildung, Beschäftegung vu schwaach ausgebilte Jugendlecher, skrupellos Ausbeutung op der Aarbecht, vill ze vill Doudeger bei Aarbechtsaccidenter, Jonker ënner 25 Joer - op Flüchtling oder mat soziale Problemer - déi weder Recht op RMG nach op Sozialversécherung hunn, an an an … Wou ass do d'ëffentlech Ausernanersetzung? Wou bleiwe politesch an zivil Kräften, déi dës Themen an d'Aktualitéit pushen?

Identitéitsfroen: ee Luxus

Dofir streide mir awer stonnelaang iwwert Identitéit a Sprooch a loossen eis Sand an d'A streeën. A mir vergiessen dobäi, datt Ongläichheeten op Zäit Frust, Onzefriddenheet an Ausgrenzung mat sech bréngen. An datt mir eis séier virun engem Koup Schierbelen erëm fannen, déi schwéier nees zesummen ze peche sinn, wa mir sou wichteg Froen net beuechten.

Ëmmer erëm d'Aktualitéit fiddere mat Ängschten eppes ze verléiere wat et ni ginn ass, setzt de Kader vu Mësstrauen deem Anere géigeniwwer. An et ass fruchtbare Buede vir populistesch Iddien. Ech wënsche mir méi Diskussioun, Interessi fir Gesellschaftsfroen, fir sozial wesentlecht Themen, fir datt eis Gesellschaft zesummenhält. Mir alleguer kennen eis all Moment an enger benodeelegter sozialer Situatioun erëm fannen, wou mir dann net méi dozou gehéieren! Spéitstens da gëtt et eis bewosst, datt et ee Luxus ass, eis ëmmer erëm mat Identitéitsfroen ze beschäftegen.