1867 gëtt gouf de Londoner Vertrag ënnerschriwwen. Lëtzebuerg evitéiert domadder e Krich, bleift onofhängeg, gëtt neutral an d'Festung gëtt geschleeft. De wirtschaftlechen Impakt war grouss, seet d'Simone Feis, Conservatrice vun der Ausstellung "1867 - Luxembourg ville ouverte" am Festungsmusée dräi Eechelen. Mam Ofzuch vun de 4.000 preiseschen Zaldote geet der Stad déi ekonomesch Substanz verluer.
"Et huet gedauert bis alles platt gemaach war"
Gläichzäiteg entstinn nei Geleeënheeten, erkläert den Ändre Bruns, wëssenschaftleche Beroder. D'Stadsmauere ginn opgebrach. Op de Frichë vun de Festungsmauere ginn nei Terraine fräi fir Industrie a Wunnraum. Mat Dokumenter, Biller, Portraiten a Fotoen aus där Zäit dokumentéiert déi aktuell Ausstellung am Festungsmusée den Opbroch vu Lëtzebuerg an eng nei Ära.