Radioen

On air

De Moien  |  Sophie Hunger - Security Check

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg um seidene Fuedem

Zäithistoriker

Lëtzebuerg um seidene Fuedem

Am Géigesaz zum Enn vum Zweete Weltkrich, houng d'Existenz, d'Iwwerliewe vun engen onofhängegen, souveräne Lëtzebuerger Staat um Enn vum Éischte Weltkrich un engem seidene Fuedem. Firwat dat esou war, erkläert den Zäithistoriker Jacques Maas.

auto_stories

9 min

D'politesch Kaart vun Europa gouf 1918-1919 a ganz groussem Ausmooss nei gezeechent. Grouss multiethnesch Räicher, wéi d'Habsburger-Monarchie Éisträich-Ungarn an d'Osmanescht Räich sinn ënner dem militäreschen Drock vun den Entente-Muechten an duerch d'Proklamatioun vun neien Nationalstaaten op hirem Staatsgebitt auserneegebrach.

Vill nei Staate koumen 1919 op d'politesch Kaart vun Europa, denke mir nëmmen u Polen an d'Tschechoslowakei, un d'baltesch Staaten oder u Jugoslawien (wouvun der haut eng Rei erëm an hir Eenzeldeeler zerfall sinn). Et gouf awer och Natiounen, deenen et 1919 net gelongen ass, d'Unerkennung vun engem onofhängege Staat duerchzesetzen, als Beispill sief d'Ukrain genannt oder dat irescht Vollek, dat sech trotz Opstand an Onofhängegkeetskrich nach net konnt vu Groussbritannie fräi maachen.

Bis zum Enn vum Éischte Weltkrich blouf och an Nordwesteuropa villes am Floss, an dat sollt sech och net bis zum Ufank vun der Paräisser Friddenskonferenz am Fréijoer 1919 grondleeënd änneren: ënnerschiddlech an och konträr Strategië sinn hei openee gestouss.

Op däitscher Säit bestounge Pläng, am Fall vun engem däitsche Sieg, dat belscht Kinnekräich ze zerstéckelen, südlech Deelgebidder vun der Belsch mat der franséischer Regioun ëm Lonkech dem Grand-Duché unzeglidderen, an dat vergréissert Lëtzebuerg als Bundesstaat an dat däitscht Keeserräich ze integréieren. Fir Frankräich war d'Réckféierung vun den 1871 verlueren Ostprovënzen Alsace a Lorraine en Haaptkrichszil.

Dëst hunn déi englesch an amerikanesch Entente-Partner vu Frankräich bis 1918 awer net als esou decidéiert betruecht: op angelsächseger Säit gouf och doriwwer nogeduecht, ob een net aus béide Provënzen en neutrale Pufferstaat sollt schafen, respektiv ob d'Bevëlkerung vun Elsass a Loutrengen net fir d'éischt per Referendum misst gefrot ginn, wou se hir Zukunft geséich. Fir de Fall vun enger "paix blanche", also engem Enn vum Krich ouni Verléierer an ouni Vainqueur, bestoung e Plang, Lëtzebuerg als Géigepfand fir d'Lorraine anzesetzen: Däitschland hätt op Loutrengen zu Gonschte vu Frankräich verzicht; am Géigenzuch hätt d'Keeserräich Lëtzebuerg zougesprach kritt.

Strategesch, militäresch-politesch Zilsetzungen

Mir gesinn, d'Weiderbestoe vun engem onofhängege souveräne Lëtzebuerger Staat war 1918-19 alles anescht wéi evident, oder geséchert. Genee esou gutt méiglech waren d'Optiounen: Bundesstaat am däitsche Keeserräich, belsch Provënz oder franséischt Protektorat! Fir d'Weiderbestoe vun engem onofhängege Lëtzebuerg waren deemno 1918-19 och net de politesche Regime vu Lëtzebuerg - ob Monarchie oder Republik - entscheedend, a scho guer net, wéi mir nach wäerte gesinn, d'Ausübung vu Souveränitéitsrechter duerch d'Dynastie Nassau-Braganza, ob et sech elo ëm eng Groussherzogin Marie-Adelheid oder ëm hir Schwëster Charlotte gehandelt huet.

Entscheedend fir Lëtzebuerg ware strategesch, militäresch-politesch Zilsetzunge vun den alliéierte Puissancë vun der Entente, Frankräich, Groussbritannien an d'Vereenegte Staate vun Amerika. Deem ënnergeuerdent, mee ganz sécher net vu manner Bedeitung fir Lëtzebuerg, waren d'strategesch Objektiver vum belsche Kinnekräich, dat sech 1914 nom däitschen Ugrëff géint seng Neutralitéit, mat Frankräich a Groussbritannien verbündet hat. Am Kontext vun der geplangter Neiuerdnung vun de geopolitesche Kräfteverhältnesser an Nordwesteuropa, am Spannungsfeld vun ënnerschiddleche Strategië vun den Entente-Puissancen an hiren Alliéierten, hat Lëtzebuerg um Enn vum Krich an nom Armistice vum 11. November 1918 ganz schlecht Kaarten.

Wéi eng Haltung hunn d'Entente-Puissancë géintiwwer Lëtzebuerg ageholl?

Keng Entente-Puissance huet tëschent dem Armistice an der Ufankszäit vun der Paräisser Friddenskonferenz an der éischter Hallschent vum Joer 1919, d'Groussherzogin vu Lëtzebuerg nach unerkannt, weder d'Groussherzogin Marie-Adelheid, nach hir Nofolgerin d'Groussherzogin Charlotte. Och huet während där kruzialer Period keng Entente-Puissance nees offiziell diplomatesch Relatioune mat Lëtzebuerg opgeholl. Realpolitesch stoung Lëtzebuerg zur Dispositioun.

A Regierungs- an diplomatesche Kreesser op Säite vun den Entente-Muechte gouf ëmmer erëm dorops higewisen, datt d'Dynastie vun den Nassau-Braganza däitsch wier, an datt d'Groussherzogin Marie-Adelheid frëndschaftlech Bezéiungen zum däitsche Keeser an zum keeserlechen Haff iwwer d'Krichszäit ënnerhalen hätt. Mat besonnescher Mëssbëllegung goufen op Säite vun der Entente déi vun der Groussherzogin-Mamm, Marie-Anna vu Braganza, ganz zu Schluss vum Krich arrangéiert d'Fiançaillë vun der Prinzessin Antonia, enger Schwëster vun der Groussherzogin Marie-Adelheid, mam däitsche Generalfeldmarschall Rupprecht vu Bayern opgeholl, e weideren Akt vum groussherzoglechen Haff, dee Lëtzebuerg bei den Entente-Muechten diskreditéiert huet.

Zu London an zu Paräis gouf de Rupprecht vu Bayern als Krichsverbriecher bezeechent - fir d'Belsch war hien de "boucher des Flandres". Am Foreign Office, dem briteschen Ausseministère zu London, gouf Lëtzebuerg schonn am Krich net méi als onofhängege Staat wouergeholl: "Luxembourg is to all intents and purposes a province of Germany", huet et do schonn 1917 geheescht.

Den 8. Januar 1919 entwéckelt den amerikanesche President Wilson an enger vill beuechter Ried virum Kongress seng 14 Punkten am Hibléck op d'Paräisser-Friddenskonferenz. A Punkt siwe fuerdert den amerikanesche President d'Restauratioun vum onofhängege belsche Staat. Lëtzebuerg gëtt mat kengem Wuert erwäänt.

Geopolitesch Zilsetzunge vun der Belsch

Kucke mir eis d'strategesch Zilsetzunge vun deene fir Lëtzebuerg zwee wichtegsten Nopeschstaate Frankräich a Belsch méi genee un:

Well déi neutral, mee arméiert Belsch am August 1914 den däitschen Truppe ganz couragéiert an determinéiert Widderstand geleescht huet an domat déi däitsch Attack op der Westfront opgehalen an der franséischer Arméi eng méiglech fréizäiteg Nidderlag evitéiert huet, ass der belscher Exilregierung, déi hire Sëtz zu Le Havre an Nord-Frankräich hat, eng privilegiéiert Positioun bei den Entente-Muechten zoukomm.

Belsch Regierungskreesser hu sech dann och scho fréizäiteg ëm d'Definitioun an d'propagandistesch Vermëttlung vu strategesche Krichsziler am Fall vun der Victoire vun den Entente-Puissancë gekëmmert. Als iwwergeuerdent militär-strategescht Zil gouf d'Schafung vun enger "Grande Belgique" an d'A gefaasst, mat bedeitend erweiderte Schutzzonen op der Ost-Südost-Grenz vun der Belsch - géint Däitschland ausgeriicht.

Méi konkret huet dat bedeit, datt d'Belsch eng annexionistesch Politik verfollegt huet, déi op d'Kontroll vu sougenannten natierleche Grenzen, dem mëttlere Laf souwuel vun der Musel wéi der Meuse, souwéi dem lénken Ufer vun der Schelde ausgeriicht war. Dës Zilsetzung gouf op belscher Säit och nach als Schafung vun enger "Barrière de l'est" bezeechent an huet un éischter Plaz d'Annexioun vun däitschen Eifel-Gebidder ëm Eupen a Malmédy an de Grand-Duché vu Lëtzebuerg viséiert.

An enger Nott un d'Entente-Puissancë vum Oktober 1918 huet d'Belsch Regierung drop higewisen, datt déi oppe Südostflank - an domat war de Grand-Duché gemengt - fir d'Verdeedegung vu der Belsch eng Menace géif duerstellen: Dat neutraalt desarméiert Lëtzebuerg, dat de facto och scho virum Éischte Weltkrich der Virmuechtstellung vum däitsche Keeserräich ënnerworf gewiescht wier, an deem säin Eisebunnsnetz ënner däitscher Leedung a Kontroll stoung, wier 1914 d'Afallspaart fir d'keeserlech Truppe beim däitschen Ugrëff op der Westfront gewiescht. Duerch déi oppe Südost-Flank wier et der Belsch net méiglech gewiescht déi belsch Provënz Lëtzebuerg an d'riets Ufer vun der Meuse ze verdeedegen.

Belsch Argumentatioun

Déi belsch Regierung ass um Enn vum Krich dovun ausgaangen, datt den onofhängege Grand-Duché wéinst senger geostrategescher Positioun a wéinst der däitsch-frëndlecher Haltung vu senger Dynastie, vun der europäescher Landkaart géif verschwannen.

Virun allem belsch Regierungskreesser hunn ëmmer erëm an hiren diplomatesche Kontakter mat den Alliéierten drop higewisen, datt et keng international gülteg politesch-rechtlech Begrënnung méi géif gi fir en onofhängege Lëtzebuerger Staat. Duerch d'Invasioun Ufank August 1914 hätt dat däitscht Keeserräich deen am Londoner Vertrag vun 1867 duerch d'Groussmuechte garantéierten internationale Status vu Lëtzebuerg zerstéiert. Mee och scho längst virun 1914 wier Lëtzebuerg zu engem de facto däitschen Deelstaat vum Keeserräich ginn. Zanter 1839 wier de Grand-Duché nëmmen zum Schäin en onofhängege Staat gewiescht.

Mat historeschen Argumenter gouf versicht, déi belsch Uspréch ze ënnermaueren: D'Schafung vun engem Grand-Duché duerch de Wiener Kongress vun 1815 wier en Artifice gewiescht; Lëtzebuerg hätt nimools eng Eegestännegkeet vum hollännesche Kinnek-Groussherzog zougestane kritt. 1830 hätten d'Lëtzebuerger virop bei der belscher Revolutioun fir d'Onofhängegkeet vun engem belsche Staat gekämpft an deen och mat opgebaut.

Déi duerch d'Groussmuechten 1831 verfüügten an 1839 duerchgeféiert Oftrennung vun engem Rescht-Grand-Duché, wier géint de Wëlle vun de betraffene Populatiounen dem belsche Staat opgezwonge ginn - just eleng zum Virdeel vu Preussen.

An dofir wier de Grand-Duché dat, wat d'Alsace-Lorraine fir Frankräich géif bedeiten. Et géif ëm net manner wéi ëm d'Rekonstitutioun vun der Belsch vun 1830 goen. Et kéint och keng rieds dovu goen, datt duerch d'Réckglidderung vum Grand-Duché d'Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker géif violéiert ginn, well d'Separatioun vun 1839 géint de Wëlle vun de Lëtzebuerger duerchgeféiert gi wier.

Aus deenen Iwwerleeungen eraus huet d'Belsch de Grand-Duché als en Haapt-Krichszil vun hirer Aussepolitik gemaach an hir Uspréch op de Grand-Duché zu Paräis, zu London an zu Washington virbruecht. Ufank Juni 1917 krut de belschen Ambassadeur, Baron de Gaiffier, zu Paräis vum franséische Regierungspresident Alexandre Ribot d'Zousécherung, datt Frankräich net op eng Annexioun vu Lëtzebuerg aus wier.

Domat huet Paräis der belscher Regierung signaléiert, datt Frankräich der Belsch géif fräi Hand loossen, wat d'"question luxembourgeoise" ubelaangt. Allerdéngs huet schonn deemools de franséische Regierungschef dem belschen Ambassadeur bedeit, datt Frankräich déi belsch Demarchen an där Fro net géif aktiv ënnerstëtzen. Déi belsch Regierungsautoritéiten hunn doropshin dräi Optiounen an d'A gefaast fir d'"question luxembourgeoise" an hirem Sënn ze léisen: un éischter Plaz, wann nëmme méiglech, eng Annexioun "pure et simple" vum Grand-Duché.

Als Alternativ dozou eng Union personnelle tëschent dem belsche Kinnekräich an dem Grand-Duché, mam belsche Kinnek als Groussherzog an der Funktioun vum Staatschef. Als drëtt Léisung, "par défaut" am Fall, wou déi zwou éischt net kéinten realiséiert ginn, koum eng Wirtschaftsunioun Belsch mat Lëtzebuerg an d'Spill.

Wéi et dunn nom Armistice ëm d'Ëmsetzung vun deenen Ziler gaangen ass, huet d'Belsch misse feststellen, datt sech d'Realitéiten um Terrain ganz anescht presentéiert hunn, wéi déi diplomatesch Versécherunge vu Paräis dat uklénge gelooss haten. Den ieweschte Kommandant vun den Alliéierten Arméien, de Maréchal Foch, huet säin Haaptquartéier zu Lëtzebuerg opgeschloen an e ganzt Infanterie-Regiment op Lëtzebuerg arécke gelooss. Belschen Truppen, déi sech zu Arel bereet gehalen hu fir an d'Land anzemarschéieren, huet de Foch awer decidéiert den Zoutrëtt zu Lëtzebuerg an d'Bedeelegung un der militärescher Besetzung vum Land ze refuséieren.

Fir de Foch war d'Kontroll vun de Lëtzebuerger Eisebunnen indispensabel fir de Weidermarsch vun alliéierten Truppen op de Rhäin. Et sollt net laang dauere bis dem Foch seng Rheinland-Politik, an déi vun him uviséiert Schafung vun engem lénksrheinesche Pufferstaat - woubäi de Foch sech a punkto Lëtzebuerg all Optioune fräigehalen huet - de belsche Regierungsautoritéite virun Ae geféiert huet, datt eng franséisch Militäroccupatioun zu Lëtzebuerg an eng méiglech Schafung vun engem rheinesche Pufferstaat, d'Akreese vun der Belsch duerch Frankräich zur Folleg hätt.

Letztendlech ass et Frankräich drëms gaange seng Muechtpositioun an Nordwesteuropa bis un de Rhäin auszebauen an ze sécheren. An deem Kontext huet Frankräich d'Lëtzebuerger Fro dozou benotzt, fir Drock op d'Belsch auszeüben an déi dozou ze bréngen, engem franséisch-belsche Militäraccord zouzestëmmen.

Fir d'Belsch blouf schlussendlech nëmmen déi drëtt Optioun, déi vun der Union économique belgo-luxembourgeoise iwwreg, déi no laange schwierege Verhandlungen eréischt 1921 ofgeschloss gouf. Grad déi franséisch-belsch géigesätzlech Strategië sollten awer dem Grand-Duché zu Paass kommen an eng Aglidderung un d'Belsch verhënneren.