Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg, vill méi wéi en Zwëscheraum

Zäithistoriker

Lëtzebuerg, vill méi wéi en Zwëscheraum

Mir wëssen et zanter eiser Schoulzäit, wa mer hu missen en Exposé virbereeden a virun der Klass halen: Am meeschte léiert een, wann een dat, wat ee geléiert huet, wat ee recherchéiert huet, wat ee geschriwwen huet, anere Leit, de Matschüler, dem Enseignant, engem Publikum presentéiert, an dozou Feedback kritt huet. Wann een dono op Froen a Remarke kann äntweren, déi een zu weiderem Recherchéieren, also zu weiderem Léieren ureegen.

auto_stories

6 min

Den Zäithistoriker Denis Scuto. Foto: Archiv

Esou ee Léiermoment hat ech dës Lescht bei enger Soutenance vun enger Dokterthees op der Uni Lëtzebuerg. De Fabio Spirinelli huet am Oktober seng excellent Dokteraarbecht iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik vun 1918 bis 1974 mat Succès verdeedegt. Mee ech wëll hei net driwwer schwätzen, wat hie selwer geléiert huet, wou en op d'Froen an d'Remarke vun de sechs Jurysmembere vun der Uni Lëtzebuerg, vun der Sorbonne, vu Paris I a vun der Uni Saarbrécken geäntwert huet.

Ech wëll drop agoen, wat ech als President vum Jury geléiert hunn. Duerch eng Remark vun engem anere Member vum Jury, dem Rainer Hudemann, emeritéierte Professer vun der Universität des Saarlandes a vun der Paräisser Sorbonne.

Den Hudemann huet eng Rei Begrëffer déi de Spirinelli an der Thees benotzt kritesch ënner d'Lupp geholl a proposéiert ze debattéieren. Hien huet d'Fro gestallt, ob een déi vum Doktorand gewielte Konzepter fir Lëtzebuerg ze definéieren, net misst nuancéieren oder erweideren.

Konzepter wéi "Zwischenraum" (iwwerholl vum däitschen Historiker Philip Ther deen heimat e méi gezielte Bléck op Grenzregiounen fuerdert) oder "Mischkultur", um Ufank vum 20. Joerhonnert vu Lëtzebuerger Intellektuelle wéi dem Batty Weber, Frantz Clément an Nicolas Ries gepräägt fir déi Lëtzebuerger Specificitéit ze beschreiwen.

Elementer vun den Nopeschlänner goufen transforméiert

D'Entwécklung vu Lëtzebuerg vum Staat zum Nationalstaat géif fir den Hudemann nämlech weisen, datt d'Land vill méi wier, wéi en Zwischenraum oder eng Mischkultur. Déi Begrëffer géifen den Interêt, d'Wichtegkeet an d'Originalitéit vum Lëtzebuerger Fall an enger komparativer europäescher Perspektiv ënnerschätzen.

Lëtzebuerg wier net nëmmen eng Natioun tëscht aneren Natiounen, mee huet multipel Elementer aus den Nopeschlänner net einfach iwwerholl, mee transforméiert, fir se senger eegener Realitéit unzepassen, heiansdo onbewosst, mee meeschtens ganz bewosst a reflektéiert.

De Lëtzebuerger Nation building ënnerscheet sech grad vun anere politesche Prozesser an Europa duerch dës Strategie, fir déi verschiddensten auslänneschen Aflëss nëmmen dann ze integréieren, wa se als nëtzlech ugesi goufen, wat hir Funktioun, hir Konzeptioun oder einfach hir Schéinheet betrëfft.

Iddien, gesetzlech Bestëmmungen aus Nopeschlänner, déi - och dat huet den Hudemann rappelléiert - zu engem oder deem aneren historeschen Zäitraum mat Lëtzebuerg verbonne waren, politesch, wirtschaftlech, duerch Migratiounen, Studienopenthalter, Reesen oder familiär Bindungen iwwer d'Grenzen ewech.

D'Inspiratioun bei den Nopeschlänner

De Rainer Hudemann huet hei och explizitt higewisen op Lëtzebuerger Rechercheprojeten wéi de Projet Inventing Luxembourg vun der Ekipp ronderëm d'Sonja Kmec, de Benoît Majerus, de Michel Margue an de Pit Peporte.

Oder d'Recherchen déi zu menger Thees iwwer d'Geschicht vum Lëtzebuerger Droit de la nationalité gefouert hunn. Ech hunn a mengem Doktorat versicht ze weisen, wéi zentral a wéi kontinuéierlech déi aktiv a selektiv Inspiratioun un de Gesetzer zur Staatsangehöregkeet vun der Belsch, vu Frankräich a vun Däitschland war, fir eppes Eegenes, zu den Erausfuerderungen vum Lëtzebuerger Staat Passendes, ze schafen.

1848 iwwerhëlt de jonke Lëtzebuerger Staat säin Naturaliséierungsgesetz an der Haaptsaach vum belsche Modell, mee well e Forces vives brauch fir sech opzebauen, léint e beim preisesche Gesetz e Passus deen et dem mannerjärege Kand vun engem naturaliséierte Papp och erlaabt, Lëtzebuerger ze ginn. A vum franséische Gesetz iwwerhëlt en eng Dispositioun, déi et erméiglecht besonnesch verdéngschtvoll Auslänner am Schnellverfaren ze naturaliséieren.

1878, wéi aus dem Auswanderungsland Lëtzebuerg en Auswanderungs- an Awanderungsland gëtt, iwwerhëlt Lëtzebuerg den Double droit du sol aus Frankräich, fir d'Nokomme vun den Immigranten ze integréieren: den Auslänner, deen zu Lëtzebuerg gebuer gëtt vun engem auslännesche Papp, dee selwer schonns zu Lëtzebuerg gebuer gouf, ass automatesch Lëtzebuerger. Déi pragmatesch Upassung vun auslännesche Modeller u Lëtzebuerger Realitéiten an hir Evolutioun zitt sech wéi e roude Fuedem an der Gesetzgebung zur Nationalitéit, bis haut.

Memotransfront

De Rainer Hudemann selwer, an Zesummenaarbecht mat Historiker an Historikerinnen aus dem Saarland, der Lorraine a Lëtzebuerg, huet virun 20 Joer e Fuerschungsprojet duerchgefouert mam Titel "Plazen vu grenziwwerschreidender Erënnerung a Spuere vun der Vernetzung am Saarlorlux-Raum am 19. an 20. Joerhonnert". Ënner dem Akronym Memotransfront (http://www.memotransfront.uni-saarland.de) fannt der haut nach eng Internetsäit dozou.

Si hunn déi interregional an transnational Iwwerlagerungen, Interferenzen, déi villfälteg Aflëss déi zu gemeinsamen Identitéiten iwwer d'Grenzen eraus gefouert huet, unhand vun de verschiddensten Objeten analyséiert: Aarbechtersiedlungen, Duerfentwécklung, Gedenkstätten, Industriearchitektur, Garen a Verkéiersweeër, Kulturbauten, Militär- a Grenzarchitektur, Urbanismus.

Déi kritesch Interpellatioun vun engem Historikerkolleeg huet mer ëmsou méi Freed gemaach, well ech mam Antoinette Lorang, mam Antoinette Reuter, mam Georges Buchler a mam Jean Goedert déi Vernetzungen, déi grenziwwerschreidend Transferléierprozesser an der Architektur an an der Stadentwécklung vun Esch analyséiert hunn.

Prestigegebaier

Eise Guide historique et architectural weist kloer, datt Esch zur Stad ginn ass am Kader vun Iwwerlagerungs- a Vernetzungsvirgäng, déi Elementer aus der lokaler an nationaler Traditioun verschafft hu mat Elementer aus der Lorraine, aus dem Saarland, aus der Ruhr, vu Metz, Nanzeg, Paräis oder Stroossbuerg, vu Bréissel, vu München asw.

Aflëss och hei déi vergiess goufen, verdrängt oder reinterpretéiert. Just ee Beispill: Den Escher Musikconservatoire ass zanter den 1980er Joren an engem reaffektéierten Industriegebai ënnerbruecht. Et ass souguer als nationaalt Monument klasséiert. Am Volleksmond heescht dat Gebai Arbed-Kasino.

Ënnerschloe gëtt mat där Bezeechnung, datt et sech hei a kenger Hisiicht ëm e Bau vum Lëtzebuerger Stolkonzern Arbed handelt (eng Gesellschaft, déi iwwregens och vun Ufank un net nëmme lëtzebuergesch ass), mee ëm de Casino fir d'Beamten vun der Gelsenkirchener Bergwerks AG, Stolkonzern aus der Ruhr, zweetgréisst Industriegesellschaft am Däitsche Räich no Krupp, déi vun 1909 zu 1912 eng gigantesch Schmelz am Nordwesten vun Esch baut, d'Adolf-Emil-Hütte (och deen Numm ass vergiess an duerch Belval verdrängt).

Mat dësem u Landhaiser vu räichen Entrepreneuren inspiréierte Prestigegebai, gebaut no de Pläng vum däitschen Architekt Paul Tafel, kënnt en neien Architekturstil op Esch. Seng ästhetesch Elementer, wéi déi héich Giewelen, déi variéiert Daachlandschaft, rustikal Steesockelen, Baudeeler déi erausragen an anerer déi méi zeréckleien, fanne mer erëm an de Beamten- an Arbechterkolonien déi d'Gelsenkirchener an d'Géigend vu sengen zwou Schmelzen zu Esch baut.

Däitsch Architekturstiler fanne mer awer och a biergerleche Villen oder Geschäftshaiser am Stadzentrum erëm, well, souzesoen an de Bagagen vun däitschen Entreprisen, däitsch Architekten aus dem Rheinland an der Ruhr op Esch kommen virum Éischte Weltkrich fir do ze bauen oder sech carrement néierzeloossen: Gust Schopen, Georg Stoves, Carl Dietrich, fir nëmmen e puer Nimm ze nennen. Dës däitsch Aflëss goufen am Kader vun germanophonen Tendenzen am 20. Joerhonnert aus der Memoire ewechretuschéiert. Fir nationalisteschen Meeschtererzielungen Plaz ze maachen, déi national beluechte Symboler wéi der Arbed eng Monopolstellung zouzegestoen.

An Zäiten, wou ultranationalistesch Politiker un der Spëtzt vu Groussmuechte stinn a wou nationalpopulistesch Beweegungen mat hirem Appell un Ängschten, national Egoismen a Reflexer Millioune Wieler an Europa fir sech gewanne kënnen, ass et d'Roll vun den Historiker, wéi vun anere Wëssenschaftler, drun ze erënneren, datt d'Natioun net eppes Ureegendes ass, e statescht Wiesen, dat joerhonnertenal bliwwe wier, wéi et ass, eng Identitéit op sech selwer zeréckgezunn, mee eng Konstruktioun, eng permanent Verännerung an Entwécklung, eng Dynamik, geformt duerch eng Abberzuel vun natiounen- a grenziwwerschreidenden Interaktiounen.

Dofir nach eng Kéier Merci, Rainer, eis drun ze erënneren, datt eng Natioun fir lieweg ze bleiwen och säin historesche Recit permanent kritesch muss iwwerdenken, och wann dat festgefuere Representatiounen a Mythen op d'Kopp geheit.