Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ du oder de, hien oder en, deen an den

Lëtzebuerger Sprooch

du oder de, hien oder en, deen an den

Firwat hu mer dacks zwou Forme fir Artikelen a Pronomen? D'Linguistin Caroline Döhmer erkläert den Hannergrond vu staarken a schwaachen, respektiv vollen a reduzéierte Pronomen an Artikelen an eiser Mammesprooch.

auto_stories

4 min

D'Caroline Döhmer ass Linguistin a schafft beim Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Mir hate scho rieds vum "hatt" a "si" an och vum "du" respektiv "de" an haut geet et nees ëm Pronomen. Wat ass hei d'Kuriositéit?

Ech wéilt haut gär erklären, firwat mer am Prinzip zwou verschidde Formen hunn, also firwat et heiansdo "du" oder "de" ass, "si" oder "se".

Gëtt et dann do e System? An hu mir dat bei all de Pronomen?

Ech fänken als éischt emol bei der Notioun vum Pronomen un. Ech wéilt mech fir dës Episod gär op d'Personalpronome konzentréieren. Dat sinn déi heiten: ech, du, hien/hatt/si, mir, dir, si. Déi kennt ee jo nach aus deene wonnerschéinen Tabellen aus der Schoul.

Jo, effektiv.

Déi Formen, déi ech elo genannt hunn, entspriechen dem Nominativ. Lo hu mer fir d'Pronomen awer och nach Akkusativ an Dativ.

Lo gëtt et nees méi komplizéiert!

De Kasus kann ee liicht an engem Saz weisen. Ech huelen elo mol de Pronom "hien": Nominativ: Hien ass midd. Akkusativ: Ech froen hien. Dativ: Ech hëllefen him. An dëse Fäll kann ech elo dräi Mol och déi sou genannte schwaach Form "en" resp. "em" huelen: En ass midd. Ech froen en. Ech hëllefen em.

Firwat heescht déi Form "schwaach"?

Dat ass eng Bezeechnung aus der traditioneller Grammatikschreiwung. Do ass dann d'Oppositioun staark/schwaach. Et gëtt awer net just d'Terminologie staark/schwaach. An de Léierbicher iwwer d'Lëtzebuergescht fënnt een och "voll/reduzéiert", "akzentuéiert/netakzentuéiert" oder ganz neutral "éischt Form/zweet Form".

A wat mécht déi Formen elo anescht? Ausser datt se anescht kléngen?

Als éischt weist net all Pronomen eng staark an eng schwaach Form. Mir hu beispillsweis den "ech, mech, dech", déi quasi net méi geschwächt kënne ginn an och bestëmmte Forme vum Pluriel, wou et just eng Variant gëtt: eis, iech.

Bei deenen anere Formen hu mir meeschtens eng staark Form mat engem volle Vokal: du, mir, hien, hatt, si, hir, dir. Dës staark Forme charakteriséieren sech doduerch, datt se am Saz kënne besonnesch ervirgehuewe ginn: Waars DU an engem Horrorfilm? HIE géif ech net froen. HATT ass besonnesch gutt doranner. Hei erlaabt déi staark Form e Kontrast opzebauen: HATT ass besonnesch gutt, an HIEN éischter net.

Da ginn et och Fäll, wou een déi staark Pronomen net däerf huelen, well se semantesch ageschränkt sinn.

Wat heescht dat genee?

Net all Form vum "hien, hatt, si" dierf op all Saach referéieren. Den "hatt" ass just fir Persounen oder Déiere mat engem weibleche Virnumm, den "hien" am Prinzip just fir Persounen, Déieren a Planzen an de "si" geet prinzipiell fir alles.

Häss de do e Beispill? Dat kléngt ganz schéin abstrakt!

Also fir den "hatt" kann ech soen: d'Nadine: hatt kann dat gutt. Mee net d'Buch: hatt war wierklech gutt, obwuel béides Neutrum ass. Beim "hien" kann ech soen: de Pol oder de Wollef: Hie war gëschter an der Zeitung. Wat dann net méi geet ass: den Text: Hie muss nach iwwerschafft ginn. Anescht ass dat beim "si". Hei gi Persounen, Géigestänn oder souguer Abstrakta: d'Madamm Schmit: si kënnt méi spéit. D'Preface: si muss iwwerschafft ginn. D'Zuel 12: Si ass duerch 4 deelbar.

An déi schwaach Forme kann een da fir alles huelen?

Vun der Bedeitung hier Jo. Déi schwaach Forme vun der 3. Persoun "en, et, se" kënnen op alles verweisen. Et ass awer esou, datt déi schwaach Formen net op all Plaz am Saz stoe kënnen a se kënnen och net am Saz ervirgehuewe ginn. Dat gëllt dann net just fir d'Forme vun der 3. Persoun, mee fir se alleguer, also och den "mer, de, der". Ech ka beispillsweis net soen: Mer ass dat egal! Ech muss da soen: Mir ass dat egal. Oder: De bass spéit drun! Do muss et heeschen: Du bass spéit drun.

Du has elo éinescht gesot, datt ech natierlech net "hatt" soe kann, wann ech vun engem Buch schwätzen. Mee wat huelen ech dann do, wann ech dat betoune wëll?

Dat ass eng gutt Fro, an hei si mer séier fäerdeg mat de sächleche Pronome vun der 3. Persoun. Wann ech vun engem Buch schwätzen a soe wëll, datt et mer besonnesch gefall huet (mat extra Betounung um Pronomen), dierf ech weeder den "hatt" benotzen, well dee just fir Persounen ass, nach den "et" oder den "t", well déi net kënne betount ginn.

An dann?

Da muss ech op e staarken Artikel zeréckgräifen, deen een och als Pronomeka benotzen: D'Buch: Dat huet mer besonnesch gutt gefall!

Déi ganz Staark-schwaach-Oppositioun gëllt am Prinzip och fir Artikelen an aner Pronomen (a Pronominaladverben): een oder en, déi oder d', däers oder es, doduerch an derduerch. Mee dat erzielen ech dann an enger anerer Episod.