Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel & Marcella Cytrynowicz - CD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit

Aus den Archiven

Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit

Wann een zu Roum ass, da soll een et esou maache wéi d'Réimer, esou op alle Fall d'Spréchwuert. Mee wat ass, wann een net zu Roum ass, mee doheem? Wei soll een et da maachen? Den Thomas Koenig huet sech gefrot, op et clever ass, aus der Roll ze falen.

auto_stories

7 min

Thomas Koenig

Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit. Op den éischten Bléck schéngt et, wéi wann dee Sproch eng gutt Reegel wier fir säin Liewen ze féieren. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou all Mënsch all Mënsch kënnt, ass et dacks méi einfach, sech un den Mainstream unzepassen.

Dat wërft d'Fro vum Konformismus op. Soll ech mech upassen, oder net? D'Virdeeler si kloer. Wann ech mam Stroum matschwammen, da geet villes méi einfach. D'Nodeeler sinn och kloer. Wann ech mam Stroum matschwammen, da geet villes einfach net esou, wéi et mir gefält.

D'Thema vum Mount um Radio ass jo Mainstream oder Subkultur. Et ass sécher schwéier, eng genee Grenz tëschent béide Saachen ze fannen. Subkulture sinn dacks den Ausdrock dovun, datt ee sech vum Mainstream léise wëllt, oder op all Fall dovun, datt ee sech net total dorun upasse wëllt. Dat ass vergläichbar mat der Pubertéit. An der Pubertéit sinn déi Jugendlech dacks schwiereg, probéiere komesch Kleedungsstiler aus, änneren hiert Verhalen, maachen Dommheeten an dat dacks mam Zil, fir hir eege Perséinlechkeet ze fannen an dann ze festegen.

Wann een dann e puer Joer waart, da stellt sech eraus, datt aus dem rebelleschen Teenager eng fläisseg Dron ginn ass. D'rebellesch Phas war just dat, eng Phas, an am Endeffekt huet déi Persoun, wéi esouvill anerer, sech un de Mainstream ugepasst, well et einfach méi einfach ass. Am Endeffekt wëlle vill Leit eigentlech dat selwecht, en Haus, eng Famill, a beschtefalls keng Problemer. A wisou och net, d'Liewen iwwerrascht een ëmmer erëm mat Dommheeten, op déi ee verzichten hätt kënnen. Dat sinn dann déi schéi Momenter, wou een an den Urgencë lant, oder dem Assureur däerf uruffen. Ech maachen Iech wéi ëmmer keng Zeechnung, net nëmmen, well ech net gutt zeechne kann, mee och, well Dir wësst, vu wat ech schwätzen.

Sozialen Drock

Gutt, wat ass dann op emol, wann eng Persoun sech net esou behëlt, wéi déi aner? Dann huet d'Gesellschaft genuch Mëttel fir d'Leit un hir sozial Flichten ze erënneren. A mengem Bekanntekrees si vill Frae single, respektiv hu keng Kanner. Déi betraffe Frae bekloen sech dann ëmmer erëm, datt si dacks d'Fro gestallt kréien, firwat si da keng Kanner hätten, respektiv firwat si kee Mann fannen, an ob si da vläicht lesbesch wieren, wat jo net schlëmm wier, gedu, haut ass dat jo normal.

Déi nerveg Froe ginn doduerch provozéiert, datt de Gros vun de Leit sech un de Mainstream hält, an deen net hannerfreet. Wann de Gros vun de Frae Kanner wëllt, an een als 30-Jähreg nach keng Kanner huet, dann ass wuel eppes net esou wéi et soll.

Wann een net esou ass, wéi den Duerchschnëtt, dann huet den Duerchschnëtt schonn Tendenz, een häerzlechst anzelueden, zeréck an d'Mediokritéit ze kommen. Maach wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit. Wann s de et awer net esou méchs wéi d'Leit, da gëtt et dräi Méiglechkeeten.

Kritiséieren ass méi einfach wéi hannerfroen

Entweder du gëss zermürbt mat Froen, bis datt s de dech upass, fir net aus der Grupp ausgestouss ze ginn. Oder du gees denger Wee a fënns der eng nei Grupp vu Leit, mat deenen s de deng Zäit verbréngen wëlls. Oder du hues Chance, an deng Grupp vu Bekannten hunn net nëmmen en oppene Geescht, mee och en oppent Ouer a passt sech un.

Et ass natierlech schwéier, aner Leit u sech unzepassen. Vill Leit si sech nämlech guer net bewosst, datt si opdränglech sinn, oder datt si hir Erliefneswelt op Anerer projezéieren. A wann et sech bei deene Leit ëm Famill handelt, dann ass dat nach méi schwéier.

Et ass jo och méi einfach, d'Behuele vun anere Leit ze kritiséieren, wéi sech selwer ze hannerfroen. Soss kéint ee jo nach mierken, datt een am Fong e Liewe lieft, dat een net hannerfrot huet, a mir kënne jo awer net an eiser demokratesch-fräiheetlecher Gesellschaft vun de Leit erwaarden, datt si sech als verantwortlech a selbstbewosste Bierger behuelen. Kaum auszedenken, wat d'Konsequenze fir d'Mënschheet wären, wann d'Leit géifen nodenken, éier si handelen. Mee wéi de Philosoph David Hume menger Meenung no scho richteg erkannt hat, eis Gefiller hu méi e groussen Afloss op eis wéi eis Vernonft.

De System probéiert fir sech selwer um Lafen ze halen

Et ass jo och novollzéibar, datt e System am beschte funktionéiert, wann all Deel vum System esou funktionéiert, datt de System net ënnerbrach gëtt. De System probéiert sech selwer um Lafen ze halen. Dofir ass et normal, wann dann déi eng Elementer vum System dofir suergen, datt déi aner Elementer sech upassen an de Status quo oprechterhalen.

Mee wa mir eis hei zu Lëtzebuerg doriwwer opreegen, datt et an anere Länner op der Welt esou eppes wéi Moralwächter gëtt, ass et hei scho bal méi perfid. Saachen, déi net explizit illegal oder onmoralesch sinn, ginn awer vläicht net toleréiert, well se implizit als asozial agestuuft ginn.

Do kéint Dir mir elo soen, datt et scho quasi aussiichtslos ass, eppes géint de System wëllen ze maachen. A genee dat ass awer dat, wat mir maache missten. Wann eppes net méi evoluéiert, dann ass et dozou verdammt, auszestierwen. Dat gëllt och fir Gesellschaften. An eng Gesellschaft, an där an der Ëffentlechkeet net iwwer bestëmmte Saache geschwat gëtt, well een dat jo net mécht, gedu, maja, an esou enger Gesellschaft, do geschéien déi Saachen dann hanner zouenen Dieren.

Gefillten Anonymitéit beweegt d'Leit dozou sech esou ze weisen, wéi se wierklech sinn

Den Internet ass e perfekt Beispill dovun. Wann Dir d'Statistike kuckt, wat op Google recherchéiert gëtt, oder méi präzis, wat op pornographesche Websäiten esou gekuckt gëtt, da mierkt Dir, datt de Mënsch vläicht méi Trieber oder Wënsch huet, wéi dat, wat eis Gesellschaft him bidde kann oder wëllt. Dat, an datt mir aus dem 20. Joerhonnert net wierklech vill geléiert hunn. Dank der Kommentar-Funktioun op ville Websäite mierkt een, wéi vill Angscht oder Haass oder Intoleranz an eisem demokratesche Bierger nach stécht. An dat ass jo dat Schéinst un der ganzer Saach. No baussen hi si mir jo all irreprochabel, gell, net datt den Noper nach e Grond huet, iwwer eis ze lästeren. Mee mir wësse jo awer genee, datt mir iwwer den Noper lästeren, an datt den Noper awer iwwer eis lästere wäert. An, soubal mir an der imaginéierter Anonymitéit vum Internet ënnerwee sinn, da kommen déi donkel Saachen eraus, iwwer déi een net schwätze wëllt.

Tjo, leider ass den Internet net ganz anonym, an en plus seet en och nach villes iwwer eis selwer aus.

Metro, Boulot, Dodo oder awer Stau, Iwwerstonnen a Xanax?

Dobäi kéint et esou einfach sinn. Mir hu jo just ee Liewen. Do wier et dach Verschwendung, wa mir dat esou liewen, wéi mir mengen, datt anerer et liewen. Oder wéi mir mengen, datt mir et liewe missten. Oder wa mir mengen, mir missten eis verstoppe fir glécklech ze sinn.

Wa mir et esou maache wéi Leit, déi et eigentlech esou maachen, wéi aner Leit, da mécht herno jo keen et méi esou, wéi iergendeen. Da si mir net méi d'Autore vun eisem eegene Liewen, mee just nach d'Schauspiller vun enger repetitiver Soap Opera. Iergendwa muss dann och Schluss sinn. Ech mengen, Dir mierkt et jo selwer, Metro, Boulot, Dodo ... ah, nee, pardon, Stau, Iwwerstonnen a Xanax, dat kann et dach och net sinn.

Also, als klengen Test, wann Dir mierkt, datt Dir net esou handelt, wéi Dir et wëllt, well der Angscht hutt, datt aner Leit Iech domm Bemierkunge maachen, zwou Froen: Éischtens: Wat ass dann dobäi, wann een Iech eng Bemierkung mécht? Dir kënnt deene Leit jo nach ëmmer soen, si solle sech ëm hir Saache këmmeren. An zweetens: Wisou haalt Dir Iech mat Leit op, déi Iech soen, wéi Dir ze liewen hutt, amplaz datt si Iech froen, wéi Dir liewe wëllt?